Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Butterflies of Costa Rica

 
All Fotoen an dëser Serie:
14380 Thumbnail
14381 Thumbnail
14382 Thumbnail
14383 Thumbnail
14384 Thumbnail
Butterflies of Costa Rica
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.04.2011
  • Gekuckt:
    29612
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    2011:03:10/13/15
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Objektiv:
    Canon EF 100mm F2,8 L Macro
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:
Héich Iso-Werter :-(

Fir anzesetzen: [pg_img=54330]
Kommentar vum Fotograf:
Héi hun ech probéiert e puer vun déenen schéinsten Péiperlécken vun Costa Rica bildlech anzefänken :

1) Daat ass en blo'en Morphofalter (Morpho peleides), een vun deenen schéinsten an gréissten Falteren mat bis zu 15 cm Duechmeisser. Wiirklech impressionant...
2) Och en Morphofalter wou een seng ganz Faarwenpracht wéist.
3) En Scarce Bamboo Page (Philaethria dido); kennen do leider keen déitsch / letzebuergeschen Numm.
4) En groussen Schwalbenschwanz (Papilio cresphontes), déi och bis em déi 12 cm am Duechmeisser gin.
5) En Passionsblumenfalter (Heliconius hecale), déi een relativ hégef am Costa Rica geséit.

Lo ass dann natiirlech d'Fro waat vir een am béschten gefällt :-) ?
gi87 03.04.2011 - 19:08
Wonnerschein Serie smile Also vun deenen Heigen Iso Werter gesait en awa net vill weis de schreiws, fannen se ganz Flott smile
Scyv76 03.04.2011 - 19:12
Villmols merci. Jo well d'Biller zimlech kleng sin...héi un Schierm am Fullscreen gesin ech et schon zimlech gudd smile
WorldTraveler 03.04.2011 - 19:14
Nummer 2 ass mein Favorit! smile
Scyv76 03.04.2011 - 20:05
Haat ech mer baal geduecht smile
An villmols merci vir den Fav !!!
Zersch 03.04.2011 - 19:38
Ganz schéin Serie , fannen ech flott. Hun e puer mol probéiert déi Déiercher do ze knipsen , mais me... do brauchs de Gedold smile
Scyv76 03.04.2011 - 20:06
Merci ! Jo effektiv ass Gedold den Schlëssel bei déenen nervösen Déiercher do, mée déi grouss Morphofalter'en sin e bessi méi lues smile
Maimonides 03.04.2011 - 22:03
Schéin Série, Scyv76,
a mir gefält déi 5. Foto am Beschten.
Scyv76 03.04.2011 - 22:24
Merci smile Also vun der Perspektiv hier fannen ech déi effektiv och am béschten
Jeanny 04.04.2011 - 06:38
et kennt och am Päiperleksgaart zu Maacher sinn, do fléien däi och all, awer agespaart unhappy
ganz flott Fotoen, mir gefält däi lescht och am beschten
Scyv76 04.04.2011 - 08:48
Merci Jeanny.

Ech muss awer och zougin dass vun deenen 5 Foto'en do der och 2 an engem Päiperleksgaart (awer an Costa Rica) entstaanen sin. Et ass wahnsinneg schwéier déi Déiercher dohannern an Fréihéet ze fotograféieren virun allem duech déi dicht Vegetatioun. Just déi grouss Falter'en wéi den blo'en Morpho gin alt esou well déi vill méi lues sin...

Waat den Päiperleksgaart zu Maacher ubelaangt muss ech mool rem eng kéier dohinner kucke goen, woor vir d'läscht virun méi wéi 10 Joer do an do soll sech jo seitdeem munches geännert hun, déi hun anscheinend well och en Chamäleon do wann ech daat richteg matkritt hun smile
Jeanny 04.04.2011 - 19:36
da gëtt et awer Zäit dass de mol erëm dohinner gees, versichen, emol am Joer dohinner ze goen, wann et net sou waarm do wiersmile däi do gesiess de all do, jo, an och e Chamäleonsmile
Scyv76 04.04.2011 - 22:35
Super, dann get daat dest Joer awer gemaach smile
Schluck 04.04.2011 - 10:20
Ganz flott Schmetterlingserie .. dei läscht ass mei Fav.
Scyv76 04.04.2011 - 11:53
Villmols merci. Jo bei deem léschten ass d'Perspektiv wahrscheinlech am flottsten !!
Schluck 04.04.2011 - 11:57
Jo .. genau ... dei anner sinn awer och all immens schein
Scyv76 04.04.2011 - 17:15
Merci smile
Lynn 04.04.2011 - 16:20
Ech sen begeestert smile dei 5. gefällt mir am besten
Scyv76 04.04.2011 - 17:15
Villmols merci smile Ech gesin d'Majoritéit ass vir den 5ten smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 396 Gäscht online