Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Piazza San Pietro

 
All Fotoen an dëser Serie:
15074 Thumbnail
15075 Thumbnail
15076 Thumbnail
15077 Thumbnail
15078 Thumbnail
Piazza San Pietro
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.04.2011
  • Gekuckt:
    19490
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Originaldatum:
    12.04.2011
  • Fotoapparat:
    Canon 40D
  • Objektiv:
    Ef-S 15-85 USM
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:
Ps

Fir anzesetzen: [pg_img=54909]
Kommentar vum Fotograf:
Milliounefach geknipste Plaatz zu Roum.

Mech haten d'Still faszinéiert, déi dach hier bescht Deeg hannert sech hunn. Gëllt dat etwa och fir d'Kierch ???
Nicon07 24.04.2011 - 11:30
Wat heescht dat, "hir beschten Deeg"?? Egal wéi se ausgesin, si droen awer nach ouni ze kloen d'Laascht vun de Pilger an deenen aanere Virwëltzechen. Méch impressionnéiert dat, wéi's du di eidel!!! Still hei virun deem "Gottespalast" vum Michelangelo duerstells. Onofhängeg dervun, wéi een zu Gott, Glawen a Kiirch agestallt ass, gesin ech hei an dëser Serie déi Symbolik, datt viru Gott d'Mënschen all tsellwécht sin, duergestallt. Mir arm, plakech a vum Liewen zerkraatzt a gezeechent Mënschen, déi irgendwann, egal wéi wäit mir et op dëser Welt bruecht hun, alleguerten vu Wierm geknabbert an biologesch ofgebaut gin, an dann am Géigesaatz derzou de Räichtum an d'Pracht an déi am Steen ugedeiten Onvergängléchkeet vun deem, wat mir Mënschen eis ënner Gott virstellen. D'Still gi weggedroe, wann den Urbi et Orbi gesprach ass, awer de Péitersdoum bleift stoen. Ob dat elo absichtléch oder zoufälleg geschitt ass, méch markéiert et och nach, datts du op énger Initialfoto vun der Serie dat Wuert "Principis" op der Friis iwwert de Sailen mat op d'Foto bruecht hues. Ursprung, Grondsatz, Chef, Éischten...

Lo halen ech awer op, net datt ech nach op eemol hei an dat Philosophescht ofdriften.

Schéint Ouschterfest!
kruemelatease 24.04.2011 - 11:37
Ah, flotten Comment mat ganz interessanten Iwwerleeungen!

Ech ginn zou, ech wollt mat mengem Kommentar "hir beschten Deeg" e bëssen provozéieren ! Ech géif mech och guer net als "net-gleeweg" bezeechnen.

Mech huet einfach, wéi's du sees, deen Kontrast zwëschen deenen eidelen, plakegen Still mat dem bombasteschem Monument do faszinéiert.

"Principis" => Zoufall smile

Merci an ebenfalls schéint Ouschterfest!
VeloBen 25.04.2011 - 23:30
Du bass een gudden Beobachter. Ganz interessant déi Serie !
kruemelatease 26.04.2011 - 09:01
Du hues mech duerchkuckt smile

Merci!!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 428 Gäscht online