Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Zou an Zou ass zweeerlee.

 
Zou an Zou ass zweeerlee.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.05.2011
  • Gekuckt:
    12694
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    46
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x600
  • Späicherplaz:
    521 KB
  • Originaldatum:
    14 mai 2011
  • Fotoapparat:
    Lumix-LX3
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Schnappschëss  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=55580]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto fir den Ed.
;-)
Zora 19.05.2011 - 23:53
Ma emmerhin ass do keng Fakefenster dran, closed_eye
Maimonides 20.05.2011 - 20:32
Dat ass dann well Eppes !
closed_eye
Merci, Zora.
Zersch 20.05.2011 - 10:21
Firwaat nemmen fir den Ed ? Ech fannen déi awer och flott closed_eye
Maimonides 20.05.2011 - 20:31
Du hues Recht, Zersch.
Ech hätt misse schreiwen: "Eng Foto, net nëmmen, fir den Ed."
Dat mam Ed, dat ass eng laang (och nach net esou laang) Geschicht.
Merci dir.
Jeanny 20.05.2011 - 18:31
wou ass den Ed ?
Maimonides 20.05.2011 - 20:36
Dat ass eng gutt Fro, Jeanny.
Iergendwéi fehlt hien hei.
Jeanny 21.05.2011 - 06:06
jo Charel, e feelt
mischii 20.05.2011 - 22:40
Den Ed hut zougemaach
let"s meet @ FC
et gin nach aaner Siten






Schluck 20.05.2011 - 22:53
Jo, ët gesait sou aus ... leider, ech vermëssen seng Biller an Kommentarer
mischii 20.05.2011 - 23:22
seng Biller schengen nët sou gudd ukomm ze sin,
Schluck 20.05.2011 - 23:36
Dei kënnen och nët dofir Miischi
_MiAmI_ 20.05.2011 - 23:40
hheheheh Blimmercher aus dem Eisleck . bigsmile
Maimonides 21.05.2011 - 17:41
Kuck mol wat um Kreepchen baumelt _MiAmI_ :

mat Spëck, fängt én ...


deen 1. Nu op PG !!

closed_eye
Maimonides 21.05.2011 - 17:43
unhappy , Michèle.
Maimonides 21.05.2011 - 17:35
Genau, Schluck.
Net nëmmen seng Biller....
_MiAmI_ 20.05.2011 - 23:42
wees ganz genau waatste mengs.... mee bon. Stellen ma dei Fro och oft.
Johny 20.05.2011 - 23:52
Also wann Dir wéisst wéivill "Blimmecher aus dem Eisleck" hei géife refuséiert ginn ... tongue
Maimonides 21.05.2011 - 17:33
Heiansdo kennt hien awer nach luussen, Michèle,
och wa mir näischt méi vun him gesinn.
Ganz zougemaach ass dat awer net.
Duerfir ass "zou" 2erlee.
closed_eye
pan_or_ama 21.05.2011 - 22:26
... luussen ... awer ëmmer méi selten Charel
also méi doanshei closed_eye
mischii 21.05.2011 - 23:02
guckuck Edy closed_eye
Maimonides 21.05.2011 - 23:45
Ech wosst jo dass hien,
iergendwéi,
nach an der Géigend wier..
closed_eye
Maimonides 21.05.2011 - 23:40
Ok pan_or_ama,
closed_eye
den Ed kéint jo,
zum Beispill,
di refuséiert Fotoen
op FC weisen.
Esou kéinte mir eis dann
och 1 Bild maachen
vun deem wat net op PG
gewisen ginn ass.
Villäicht hätte mir dann
alleguer
eppes bäigeléiert... ?
pan_or_ama 22.05.2011 - 20:16
Charel mer gëtt et net em eng Foto déi net ugeholl gëtt oder ginn ass, dat ass souwisou egal. Wann net dat Bild haut ugeholl gëtt, dann ass et muer en anert.

em wat et mer geht, a wat ech net ech begräifen kann, ass dat de Johny schreift :

@Leit déi regelméisseg Fotoen erop lueden an wou mer gesinn dass se e gewëssenen Niveau erreecht hun mer gesinn dass e gewëssenen Niveau erreecht hun wou hier Fotoen keng Kontroll méi brauchen , déi gi fräi geschalt esou dass déi net méi duerch den Aktivéirungssystem mussen

Dë Satz do muss en sech op der Zong zergoe lossen an ass fir mech nëmmen ... iergen eppes fir eng Zéil ze fëllen.


Memberen ewéi de Poly, Du selwer Charel, d'Mischi,de Schluck, d'Jeanny an de Vito (och wann ech daachs mat him am Klinsch léien), de Shingo , deen e saugudden Fotograf (hei) war, a nach ëmmer ass, ..... an an an ... Leit also déi wierklech vill an gutt Saache bréngen, ... déi wësse wat Saach ass, ginn hei net fir ganz voll geholl.

Ech sinn elo net bei all déi aneren kucke gaangen ... ka nëmme soen dat bei mer (pardon beim suraki) an och bei der Charel, um Compteur dräi Milliounen Leit eis Biller gekuckt hunn , dat sinn sechs Milliounen !! klicken um Johny seng Säit , an da gi mer hei behandelt ewéi "Blanien" déi geeschter ugefangen hunn Biller ze maachen .... zb , du hues e Rauschen an dengem Bild dran, an se ass net schaarf, du kanns dat besser :confused: Vu mer ass nach ni eng onscharf Foto eropgeluede ginn an wann eis Fräischalter en sch/w Kär vu rauschen net kennen ënnerscheeden an en Bewegungsonschärt als onscharf gesinn ... sollen se Tennis spillen. (jo ech sin rosen)

Mà ewéi gesot net e refuséiert Bild ass et, (en Administrator kann sech och emol ieren an ass schliesslech och nëmmen e Mensch closed_eye ) firwat ech neicht méi weisen. Ech si net méi domadder averstanen als drëtt Klass Muppi ze waarden dat Läit déi all zweete Mount eng mëttelméisseg Foto weisen, esou güteg sinn mäin Bild ze aktivéieren well et dann de Normen entsprécht. Am nëmlechten Otemzuch gëtt awer erzielt dat mer hei d'Kreativitéit förderen an en anere Wée ginn ewei eng veraalten FLPA a FIAP, kann een nach méi arrogant sinn ??

Du, ech, an nach vill Anerer hunn hei regelméisseg eropgelueden an hunn e gewëssenen Niveau erreecht, mä wei de Vito et schonns ugedeit huet , a la .... esou laangs de d'Féiss ënnert mäin Dësch stells ....

jo Charel ech si groussjäreg ginn, an hunn d'Fiiiis ënnert dem Dech erausgezunn closed_eye

du bass mer net béis wann ech elo neicht méi äntwerten, (u sech wollt ech guer neicht möi schreiwen), dat wat elo nach kennt, ... ka just nach, ..... e Réesenden soll een zeie loossen, sinn )

gréiss Ed smile

Johny 22.05.2011 - 21:03
Hei stung e vill méi laangen Text den ech awer erëm geläscht hunn. Ech schreiwen dofir just dëst (Ech mengen den Ed hat dat anert souwisou schonn gelies):

Wann een bei Audi den Auto net fënnt dem engem gefällt, geet een bei VW kucken, et nervt een net Audi fir en Auto ze maachen esou wéi engem e perséinlech géing gefalen.

E schéinen Sonndeg Owend nach.
Maimonides 22.05.2011 - 22:06
Ech fannen awer och, Johny, dass dëse Site responsabel misst sinn. Dat heescht: dëse Site muss sech fir seng Memberen asetzen. Och wa mir eis heiansdo an der Woll hunn, wëllt dat nach laang net heeschen dass mir eis d Kätonguep aschloen. PG (de Site) ass professionell gemaach, keen Zweiwel. Vill manner professionell leeft awer d Kommunikatioun: Éierlechkeet muss net blesséieren.
Johny 22.05.2011 - 22:14
Fir seng Memberen: Jo. Fir all eenzelne Member: Nee. Mir hunn eis Idee an Astellung, d'Leit déi matmaache solle sech ders bewosst sinn, an wann se dann Member ginn soll et net sinn fir dodrun eppes ze änneren, mee fir dozou bäi ze droen. Esou huet all Site / Club säin eegene Charakter eben.

An w.e.g. erëm widderhuelen ech et: Net de Site an de Club duergernee bréngen...

"Professionell" ass de falsche Begrëff, well esouwäit ech weess ginn ech net fir meng Aarbecht bezuelt. An ech hu kee Problem mat Eierlechkeet, mee domat wann een mengt seng eegen Idee, déi kloer d'Minoritéit ass, mussen probéieren duerch ze bréngen just fir dass et leeft wéi ee wëll. Dat ass nämelch egoïstesch an weist dass et u Respekt feelt zur Astellung vun aneren (an dësem konkrete Fall: vu méi jonken) Leit.
Maimonides 22.05.2011 - 22:34
Ech hunn, virdrun, Johny,
nëmmen vum Site geschwat.
Dat ass nozeliesen.
Ech kennen den Ënnerscheet zum Club.
Ech weess och dass professionell
net profitabel ass, an dësem Fall.
Ech bleiwen awer derbäi
dass d Kommunikatioun net optimal ass.
An ech stellen och kengem
seng Éierlechkeet a Fro.
Johny 22.05.2011 - 23:23
Ok bon, wells de vu "Memberen" geschwat has hunn ech den Deel op de Club bezunn, mäi Feeler.

Et maach sinn dass d'Kommunikatioun net optimal ass, mä wat verschidden Aspekter ugeet do ass de wichtege Punkt guer net d'Kommunikatioun, "nëmmen" d'Astellung an de Respekt.
Maimonides 23.05.2011 - 00:14
"Astellung a Respekt"
sinn d Basis vun der Kommunikatioun.
"Respekt" ass, am Prinzip, definéiert duerch eng éierlech Konventioun wei een mateneen (sozial) ëmgeet. Fir dass dat awer net langweileg gëtt, gehéiert och déi individuell a privat "Astellung" dozou. Dëst ënnert 1 Hutt ze kréien ass korrekt a spannend Kommunikatioun.
mischii 23.05.2011 - 01:36
mmh; do hat ech awer och eng Expérience déi mech entgeeschtert huet, war fir den anniversaire vu PG mol op Jonglënster gaang, ech stong an der Diir wi bestallt an nët oofgeholl, do huet kee moien gesoot an och keen sech viirgestalt, sou kleng Gruppen mam Réck zur Dier
wien do den Johny a den comitee war, weess ech haut nach nët, ech hun no enger halwer Stonn emgedréit a sin heem gaang, mam Gefill hei bass Du feel un der Plaatz
ech mengen et seet een dach mol op manst bonjour wann ee Besuch kritt,
ech hun et als non respect vis-à-vis vun engem Gaascht opgeholl
an daat war jo net virtuell, mee reell
pardon dat war leider alles aanescht wi Respekt


Johny 23.05.2011 - 09:12
Du sees dat elo wéiwann jiddereen den do gewiecht wir, sech schonn vordrun kannt hätt, an du eenzel misst integréiert ginn? Et huet awer nach laang net jidderee sech do kannt, an et ware vill Leit do. Wen era komm ass an net kënneg war huet iergendengem vun eis Moie gesot (an dem Tummel mierkt ee jo och net jiddereen dee grad nei era kënnt), an dann ass direkt als Fro vun eis komm wen een dann wier, den Nick um Site asw.
D'Situatioun war wuel onglécklech, mee et esou ze beschreiwen wéiwann Photogen ganz Schold dru wier ass awer och net ganz richteg.
Maimonides 23.05.2011 - 22:40
Komm mir ginn elo mol guer kengem eng Schold, Johny.
Du sees selwer dass déi Situatioun onglécklech war. Also bleift soss näischt fir driwwer no ze denken wéi een dat kéint besser maachen, an zwar esou dass jiddereen zefridden ass. Och dat gehéiert zu der Kommunikatioun.
Johny 23.05.2011 - 22:43
Do ginn ech der Recht, mee nogeduet muss och dann op 2 Säite gemaach ginn smile
Maimonides 24.05.2011 - 20:44
Duerfir hat ech geschriwwen: "an zwar esou dass jiddereen zefridden ass."
Johny 24.05.2011 - 20:48
Wat ass dat oniwwersiichtlech hei fir den neiste Kommentar erëm ze fannen ... grausam, wen huet dee schäiss programméiert bigsmile
Maimonides 24.05.2011 - 21:21
Genau duerfir schreiwen ech ëmmer dën Numm vun deem, deem ech äntwerten, hannert mäin Kommentar. Dat kann zwar heiansdo nerven, mais et hëlleft awer dën Duerchbléck ze behalen.
closed_eye
Schluck 23.05.2011 - 14:22
Johny, net beiss gemengt mais, den Aktiveiereungssystem an den zimmlech onpassenden Message huet hei schon fill gudd Leit vergrault. Vivill mussen der nach d'Féiss ënnert dem Dech erauzeiehen an goen, an vivill ginn der aus Frëndschaft an Solidaritéit mat wëll den Site ëmmer manner interessant gët ??

Ech wees dass dir ët nët jidderengem ët kënnt Recht machen, dat ass kloer, mais den Kritiken nolauschteren an sech driwwer Gedanken machen kann een als User jo awer erwaarden, well den Site liewt vum Contenu an wann keen mei schreift an Photoën publieiert, respektiv keng Kollegen mei do sinn ass ët och net mei interesant nach hei ze posten.

Ee bemol zeien se alleguerten aus an bauen sech einfach hiert egent Häisschen oder ginn an zwëch anechters lounen ...
Johny 23.05.2011 - 17:03
Däi Kommentar weist dass et ëmmer nach net ukënnt bei iech wéi et gemengt ass, leider.

Mir hunn eise System, mat dem extrem vill Leit zefridde sinn, an eng Hand voll net. Mir stinn zu dem System an wëllen en och bäi behalen. Wisou sollen mir also de System änneren den PG zu dem mécht wat et ass, an mat dem dach anerersäits och esou vill Leit zefridde sinn?

Ech hu kee Problem domat doriwwer ze diskutéieren, an Verbesserungsvirschléi si wëllkomm, an de Beweis dass dat wouer ass, ass dass an nächster Zäit en neien Aktivéirungssystem online geet wou vill Saachen bäikommen wat vu ville Leit ugeholl ginn ass als Besserung.

Jiddereen deen gesäit wat mir esou refuséieren (soen mer mol 90% vun deenen Fotoen), dee seet "oh freck, gutt dass dir dee system hutt". Wier dat net de Fall, an wierklech jiddereen hätt eppes dogéint, dann géif e wuel verschwannen, mä dat ass awer net de Fall. Dir stellt et hei all esou duer wéiwann d'User all géint dee System wieren, an de Comité als eenzeg dofir.

Ech hätt och kee Problem fir mech eng Kéier mat iech zesummen ze sëtzen, an nach e puer aneren déi de System gutt fannen fir dann doriwwer ze diskutéieren amplaz ëmmer just ze tippen, ma iergendwéi hunn ech d'Gefill wéiwann do genee esou wéineg Leit géifen opdauchen wéi op der Generalversammlung.
Schluck 23.05.2011 - 21:10
Johny, ech fannen ët gudd dass ët hei ee System gët fir ze filterën, just d'Art an Weis ass eben heinsdo schweier nozevollzeihen wëll ët "à la Tête du Client" ass. Ech gesinn hei oft Photoën wou ech mer wierklech froën stellen, wei dat dann geet ...

D'Kritik ass jo nët den fait dass ët ee Flitrage gët, ët ass dei Art an Weis wei ën applizeiert gët an dann den Message den d'Leit brüskeiert.

Ech hun Sait dem ech hei sinn zwou Photoën refuseiert kritt mam üblechen Message, an dat den selwëchten Weekend ... déi eischt woar nët sou dat an ët woar absolut richteg ... mais dei zweet woar dei hei:

Plattbauch


Sie huet zwee Favoriten an woar durno an der Wochenofstëmmung; ech hun se ee puer Stonnen drop nach eng keier eropgelueden mat annerem Titel awer un der Foto näischt verännert an hei do ass se ungeholl ginn. Wei kann dat dann sinn ?

Johny 23.05.2011 - 21:27
Wann jiddereen esou sollt denke wéi s du, verstinn ech d'Opregung vu verschiddene Leit net, elo wou mer esou kuerz virum neien System stinn deen folgendes mat sech bréngt: 1. Fest Riichtlinnen déi een direkt vun Ufank un kann liesen, an wann eng Foto net ugeholl gëtt ass et sécher eng dovun déi net zoutrëfft. zousätzlech kritt de user Virschléi wéi en et kann besser maachen. Dat ass dat wat am meeschte gewollt gouf vun de User. 2. dass net een alleng décidéiert, well do geschéien extrem séier Feeler an vill zevill subjektiv Bewärtungen. Et muss op manst en zweete vun eis mat ofstëmmen.

Fro mech net wisou ee sollt deng Foto refuséiert hunn. Mee dat ass de Problem wann een alleng kann doriwwer entscheeden: Déi eng hunn näischt fir Makrofotoen iwwreg an déi aner hunn Sportfotoen guer net gäer, anerer erëm erkennen eng Dokumentarfoto net... Dofir hu mer et jo och dann geännert.
Maimonides 23.05.2011 - 23:03
"...dass et ëmmer nach net ukënnt bei iech wéi et gemengt ass...", dee Saz do ass awer elo Definitioun vun enger net optimaler Kommunikatioun.
Johny 23.05.2011 - 23:06
Do kann een driwwer diskutéieren smile
pan_or_ama 22.05.2011 - 22:56
Firwat hues de den Text geännert Johny, ech hätt kee Problem mam eichten laangen Text gehat.

Ech stinn driwwer, mä et ass "Schued" dass de mer mer schreifs, dat meng (an domadder och dem suraki) seng ganz Kreativitéit nemmen aus e puer gekaaften Pluginnen besteet ...

mà esou gesinn ass et awer praktesch, e Klick, an et huet een e fäerdegt Bild. Wéi sos hat ech an der kuerzer Zäit all meng Biller hei kenne weisen.

ahjo, fir mech ass en Auto dat onwichtegst wat et gëtt,
trotzdem, ... ech nerven elo net méi closed_eye

ciao an e schéinen Owend



Maimonides 22.05.2011 - 23:03
Ech hunn 1 Audi A6 zënter 2000.
11 Joer al.
An nach ni 1 Problem domat.
closed_eye
Johny 22.05.2011 - 23:21
Ed: Well et mer duergaang ass dass du den Text gelies hues. Kuerz an einfach Erklärung.
suraki 22.05.2011 - 23:56
ok, thx

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 317 Gäscht online