Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Jempy Drucker II

 
All Fotoen an dëser Serie:
16773 Thumbnail
16774 Thumbnail
16775 Thumbnail
16776 Thumbnail
16777 Thumbnail
Jempy Drucker II
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.06.2011
  • Gekuckt:
    35944
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen
Extras:
same Story

Fir anzesetzen: [pg_img=55999]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach e puer vum JD
m-otiv 01.06.2011 - 11:32
wei die aaner...top...mengen des serie gefällt mir souguer nach besser
_MiAmI_ 01.06.2011 - 12:16
nr 1 an 3 fannen ech flott, vir de recht sin se ma ze vill ugeschnidden respectiv schued dass en net ganz drop as. an och saturatioun vum Himmel, daat erennert mech uns Vakanzenkatalogen dei sin och sou "iwerdriwen".
Mika 01.06.2011 - 12:39
Mech stéiert just 4 an deem Senn smile
Mee egal, super Serie!!
diddylux 01.06.2011 - 12:59
gefällt mir ganz gudd... smile déi läscht as speziell, mee och flott smile et gesäit een him och iergenwéi déi loscht um fueren un... dat fannen ech flott! cool
Pit 01.06.2011 - 13:36
Ganz stark déi do, voller Dynamik an Action.
Schluck 01.06.2011 - 13:41
Richteg gudd déi Serie do, gefällt mer nach besser wei déi eicht
VeloBen 01.06.2011 - 13:57
Geil Serie an flott saturéiert. Daat passt hei ganz gut. Just déi 5. Foto gefaellt mir elo net esou ganz.
Poly 01.06.2011 - 15:27
déi drëtt gefëllt mer am beschten, emol eppes aneschtes, a manner langweileg smile
Richie 01.06.2011 - 17:03
Wierklech eng TOP Serie. Déi mam Wheelie gefält mär am beschten
suraki 02.06.2011 - 00:02
eng wahnsinneg flott Serie déi de eis hei weis
( dat vun engem ewéi ech, dee mat Vëloen neicht um Hutt huet closed_eye )
gi87 02.06.2011 - 00:10
All respekt, geil Biller !!
Focus 02.06.2011 - 09:43
Nächst Woch hun ech en ähnlechen Shooting. Soll ech do beim Weitwénkel mat den méi extremen Verzerungen bleiven; oder éischter daat sälwecht mam 24-70 machen; wou mer dan méi gewinnten Formen kréien? Waat as do är Meenung?
Pit 02.06.2011 - 10:15
Eng gesond 'Mëschung' wär villäicht am beschten, fir niewent deenen 'extrem' Perspektiven, déi ëmmer interessant sinn, och e pur 'normaler' ze hunn, soss sinn et villäicht ze vill 'extremer', obwuel mir déi och gefalen.
suraki 02.06.2011 - 10:51
wann's de elo a Richtung Fësch wëlls goen, kennen, ... nee bei der kommen, ganz flott Saachen derbäi eraus. Et gëtt awer séier langweileg eng Serie vun nennen Extremer ze kucken.
Wann et eng Serie vum Jempy soll ginn, ass et awer flott esou en eyecatcher mat dertëscht ze geheien. Fir eng aner Persoun déi nach keng "normal" Biller vun sech huet oder vun der du nach néicht vir dech gewisen hues, éichter ewéi den Pit ... eng gesond Mëschung .
gloda 02.06.2011 - 15:36
Genial Perspektiv fir d'Nummer 3! Vill méi spektakulär geet jo net méi smile
D'Bearbeschtung vun 1-3 gefällt mer guer net, ze vill saturéiert an ze vill Clarity, dat lenkt mech vum Bild selwer of. D'Bearbeschtung vun der 4 fannen ech ganz gelongen, do hues de och eng knackeg gréng Wiss ouni dass et no ze vill wierkt. Och nees ganz interessanten Kadrage bei der 4.
D'5 erënnert mech un déng aal Experimenter mat der Beweegung. Wann s de se zesummen mat deenen aneren géifs weisen géif se nach vill besser wierken well se do déi aussergewéinlech Perspektiv erabréngt. Hei bei d'Serie passt se fir mech net esou gutt.

Ech géif soen bleif beim Wäitwénkel mä forcéier dech net fir däi Motiv dann an den Eck ze setzen. Profitéier éischter dovun wat mam Hannergrond geschitt.
Focus 03.06.2011 - 10:51
Thx fir är Comments an Ureegungen. Eng Saach as wuel secher; ech muss onbedéngt kuken en anstänegen calibréierten Ecran kréien. Den Notebook mat deem ech meeschtens schaffen huet vill manner Kontrast wéi zB den Iphone. Wann et um Lap nach normal ausgeseit dan sprudelt et mat den Farwen um Apple. Den sälwechten Problem hun ech och mat den Prints déi ech machen. Do muss ech wuel un eng gesamt Calibratioun gléven, hoffentlech net meng Gukelcher.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 300 Gäscht online