Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Enna

 
All Fotoen an dëser Serie:
17933 Thumbnail
17934 Thumbnail
17935 Thumbnail
17936 Thumbnail
17937 Thumbnail
Enna
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.06.2011
  • Gekuckt:
    26748
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    34
  • Originaldatum:
    19/06/2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 7D
  • Objektiv:
    Canon EF-S 17-55mm 2.8 IS USM
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Kleng Kanner
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
2 Walimex Studioblëtzer, en gudd gehëtztenen Studio an vill Gedold ;-)

Fir anzesetzen: [pg_img=56720]
Kommentar vum Fotograf:
Onst klengt Enna as endlech do an as schons 10 Deeg aal ... waat d'Zeit vergeet ! Stolz sin seng Elteren an maer mat :-) Wollt hinnen eng kleng Freed mat dësem Shooting maachen an deems ech mam DeviantMotiv dësen Moment vun Gléck festhaalen. Dofier och en groussen Merci fier d'Hëllef !

An menger Galerie hun ech dës lescht eng Serie .. Portraits.. eropgelueden wou ons't Enna nach nët d'Luucht vun dëser Welt erbléckt haat
suraki 19.06.2011 - 22:30
gratuléieren smile))
an... eng superflott Serie !!
Nagarjuna 19.06.2011 - 22:34
Ech schléissen mech einfach mol ganz liddereg un... Super!
DenShadoW 19.06.2011 - 22:43
Och Daer Nagarjuna en groussen Merci smile
DenShadoW 19.06.2011 - 22:45
Ma villmols merci fier den Comment suraki .. daat héiert een gaeren smile
Maimonides 19.06.2011 - 22:49
Ech och,
smile
DenShadoW 19.06.2011 - 22:56
Merci och Daer Maimonides smile
DeviantMotiv 19.06.2011 - 22:39
Déi sin der gudd gelongen smile War e ganz flotten Shooting smile
DenShadoW 19.06.2011 - 22:46
Merci fier den Comment an deng Hëllef Deviant closed_eye
DeviantMotiv 19.06.2011 - 22:52
Ma emer gären smile
gloda 19.06.2011 - 22:42
Eng flott Serie, just déi lescht Foto klappt net. D'Iddi kënnt mer bekannt vir, mä do muss beim Original eppes anescht gewiescht sinn dat d'Pose manner onbequem ausgesinn gelooss huet. Vläicht waren d'Äerm an d'Been net esou ewech gestreckt.
DenShadoW 19.06.2011 - 22:54
Merci fier den Comment gloda ... jo ech wees déi 4. as effektiv eng bekannten Pose ! smile Dëst war och déi leschten Foto vum Shooting an hun leider och just eng vun dëser Pose schaarf kritt ... daat klengt war just amgaangen vum Aarm ze rutschen an ech hun am leschten Moment geknipst kritt an wollt aus Reflex daat klengt mat opfänken ....ët lung awer vierdrun manner verkrampft um Aarm. Nuje an no baal 1 Stonn an villen Pausen closed_eye hun maer dann och daat klengt Enna erléist vum villen poséiren. Wollt mech lo hei nët rausrieden ... just eng kleng Info zu dëser Foto gin smile
gloda 19.06.2011 - 22:58
't ass net vir näischt dass ech mech nach ni un Puppelchersfotoen probéiert hunn. Also Respekt fir jiddereen deen do eppes ronn bréngt.
DenShadoW 19.06.2011 - 23:09
jo also ech war richteg opgereegt am Ufank well daat fier mech och mein 1. BB Shooting wor an sin och frou dat daat awer sougutt geklappt huet ! smile
Pit 19.06.2011 - 22:53
Ganz gutt gelongen.
DenShadoW 19.06.2011 - 22:54
Merci Pit smile
gtaddei1 20.06.2011 - 00:01
Ganz flotten evenement !!!
An flott serie
DenShadoW 20.06.2011 - 06:07
Merci gesoot fier den Comment gtaddei smile
Miisamm 20.06.2011 - 00:46
Süüüss! Respekt fir dat a su kuerzer Zäit su gudd hinzekreien. Ech hun emmer di ganzen Zäiten irgend e Fotoapparat beim bebe trellen. An do entsteet vill mescht teschend den puer scheinen!

Tiptop dat do! smile
DenShadoW 20.06.2011 - 06:14
Merci Miisamm ... Jo hat war wierklech immens roueg just zum Schluss wou hat bis richteg wakresch gin as an mol matkritt huet dat ët nët bei sengen Elteren um Aarm waer huet ët missen séier goen wëll ët him awer en bëssen vill gin as... Honger asw closed_eye
Miisamm 20.06.2011 - 08:40
Jaja kenne mer smile
Zora 20.06.2011 - 05:50
Mär gefällt deng Serie super, esou Momenter fest ze haalen, ass eng Erennerung fir d'Liewen, herrlech!
DenShadoW 20.06.2011 - 06:17
Jo Zora do hues de Recht ... An 2 Mol en decken Merci closed_eye
Abacab 20.06.2011 - 09:45
Ganz schéine Moment am Liewen ganz schéin festgehal closed_eye
DenShadoW 20.06.2011 - 17:29
Merci Marc smile
Nathalie 20.06.2011 - 12:44
Ganz leift dat klengt, an flott schwarz/weiss biller, gefällt mer smile
DenShadoW 20.06.2011 - 17:30
Daat freet mech Nathalie ... och daer Merci smile
Maxx 20.06.2011 - 13:14
Ganz flott Serie! Bei der 3 hätt de Papp den T-Shirt nach kennen äusdoen, si wier vill méi sensuell ginn. Gutt an der Beliichtung, an top am S/W smile
DenShadoW 20.06.2011 - 17:33
Merci gesoot Maxx, jo bei der 3. kéins de Recht hun ... leider haat ech bei dësem Shoot nët vill Zeit well daat klengt Enna zum Schluss ën bëssen onroueg gin as ....wahrscheinlech och duerch d'Blëtzer ! Mee dein Tip waert ech nächsten kéier secher kënnen ëmsetzen closed_eye
Maxx 21.06.2011 - 13:20
Jo, Blëtzer hunn di kleng Puppelcher net esou gär, ech hunn mech schon gefrot ob eng Dauerluucht do net soll besser sinn, vläicht wees jo een dat hei um PG? Respekt nach eng Kéier smile
DenShadoW 21.06.2011 - 13:30
Jo daat géif mech och interesséiren .... probéiren daat einfach emol nächsten Kéier aus. Merci och nach eng Kéier smile
m-otiv 20.06.2011 - 21:13
die 2 läscht sin bei mir favs....fannen esou fotoen emmer besser wann Een d'Elteren net direkt gesait, an awer wees, se sin net wait eweg....
DenShadoW 20.06.2011 - 21:21
Merci fier den Comment Vito daat as en schéinen Saatz, jo déi Gedanken haat ech maer och doriwwer gemaach... déi 3 éischt Fotoen sin op Wonsch vun den Elteren gemaach gin well se och anengems Familienfotoen wollten hun smile
Jeanny 21.06.2011 - 06:55
wei leif, eng wonnerbar Serie, däi 4 fannen ech super
DenShadoW 21.06.2011 - 06:58
Merci Jeanny closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 565 Gäscht online