Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

through

 
through
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.06.2011
  • Gekuckt:
    39023
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
    oh jo
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    126 KB
  • Originaldatum:
    23.06.2011
  • Fotoapparat:
    D700
  • Programm:
  • Objektiv:
    24-70mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=56854]
Kommentar vum Fotograf:
Eischt Foto vun enger flotter Série, ouni villen Tamtam, daat war beim Wilhelmina Doheem, an senger Garage ;-) (och wann et ausgesait ewei d'CT)....Geif mech op Feedback fréen
Zora 24.06.2011 - 09:26
Dei gefällt mer super gud, hun dei Fotoen vun där vermesst, super Pose an Location
m-otiv 24.06.2011 - 09:49
merci Zora
gtaddei1 24.06.2011 - 09:32
Fannen dass du net opgepasst hues op den Cadrage... Den Kulang léft him iwert d'Gesiit ...

D'Luuchtspill ass ganz flott
m-otiv 24.06.2011 - 09:49
hun schon opgepasst smile fir un der nues wollt ech den Kulang net hunn an hannert dem Kapp och net....esou guidéiert mech d'Linn vum kulang Richtung Gesiicht...
gtaddei1 24.06.2011 - 11:12
Mengste du brauchts dofir den Kulang?
suraki 24.06.2011 - 12:33
... et léiert en ëmmer nach bäi surprised
m-otiv 24.06.2011 - 12:50
genau smile an gléw mir et, ech streben tägleg...
PS: d'Foto ass am EXPLORE op Flickr Haut smile daat kennt net oft fir
suraki 24.06.2011 - 13:13
... mäi Gléckwonsch zum Explore smile
Nagarjuna 24.06.2011 - 15:16
Ech hat der bis elo 80 (vun 250) am Explore:
http://bighugelabs.com/scout.php?username=10344984...
Leider hunn ech se bal all Privat gemeet dofir gesäit een net méi emmer wéi eng Foto am Explore war.
Bei dir sinn et der 13 (vun 468):
http://bighugelabs.com/scout.php?username=motiv.lu...
Awer den Explore funktionéiert no Algorithmen an ass dofir net immens Aussagekräfteg.
(PS: Och als Äntwert op deng Fro um Flickr...)
Edit: D'Foto gefält mir awer super, dat hat ech vergiess ze schreiwen!
m-otiv 24.06.2011 - 15:36
wow...sau coolen link....wousst daat net...gin och guer net eens mam explore
gtaddei1 24.06.2011 - 16:02
Oh haess du daat net gesoot dann haet ech et gesoot.
Me bon... De kulang fir eng direktioun ze ginn op engem lieweschen Element ... Ass psycholofesch net richtesch. Du fait dass mir fir d eischt emmer liewesch elementer kucken.
De kulang steiert mech an hellt der Foto qualiteit ewesch , dei soss super wier!
Featured, explored, wochefoto, beleifste foto, ... Alles nemmen relativ, ... Alles fir den Ego ... ech sinn 2 mool op PG gefroot ginn fir eng foto ze ginn , 1 keier op flickr . Daat waaren meng flottst momenter.
Neischt geint deng foto, just nemmen geint den kulang!bigsmile
m-otiv 24.06.2011 - 17:04
ok...mech huet et elo net gestéiert Gennaro...et gin vill elementer ze kucken wann Een sein tri mecht, an vun der pose/wénkel/gesiichtsausdrock war die heiten die einfach die bèscht...
Alles ass relativ, alles ass fir den Ego closed_eye ... wäll Suen verdénge mir heimadder keng...
gtaddei1 24.06.2011 - 17:30
Absolut ... richtesch...
Awer gottseidank dass ech keng Suen (wei du huelen ech unn) muss mat der foto verdengen ... ech hunn jo é Metier dei mir immens gudd gefaellt an wou ech domadden mein Liewen jo och verdengen.
D'Foto ass vir mech e Spaass an well et och gudd maachen op meng Maneier (ewei jidderen)
Emmerhin... kompliment fir deng fantastesch Serien
deBaemm 24.06.2011 - 10:05
Ech soe sou eppes jo net oft, mee ech fannen déi hei einfach gehiirlos gail!! closed_eye
m-otiv 24.06.2011 - 11:10
merci villmools Ben...freet mech...
g3ckko 24.06.2011 - 14:13
"... och wann et ausgesait wei d'CT" (ech geheien mech eweg bigsmile )

Also ech kann des hei nemmen geneissen. Fannen se och witzeg, eischtens well d'Moss sou seriö drakuckt an der Obmaachung, mee virunallem well een kein mengen hatt wier aus der Mauer entstrongen.

Nice.
Abacab 24.06.2011 - 15:07
Dee roude Fleck op der Mauer dee passt gutt bei d'M-otiv closed_eye Alt erëm eng Foto di een stonnelaang kann genéissen!
gi87 24.06.2011 - 16:06
Einfach an awa irgendwei Speziell, De Schiet un da Wand ass irgendwei onheemlech ! Flott !!
krautheim 24.06.2011 - 16:13
Déi as stark! Méi enk gecroppt giff ech se och gudd fannen.
Nicon07 24.06.2011 - 16:51
Déi Luucht am Quadrat, déi, quasi vum Rouer eran an op d'Gesiicht vun der jonker Dame transportéiert, bréngt souzesoen een himmleschen Impakt op dat feierroud Däiwelescht. Dee roudbronge Klecks un der Mauer ass wéi ee farwéche Schied, oder eng schiedech Spigelung vum Body (domadder ass net nëmmen de "Lätonguep" gemengt) an dee schwarze Schied vun der Joffer huet do sou ee "Makel", na ja... (Zensur)...

An dann deen artistesche Béton armé mat sénger Grunge-Struktur, deen alleng wier schon eng Bildanalyse derwärt.

Bref! Ee Konschtwierk. D'Foto, wuelbemierkt!! Net d'Mauer. (déi och, mais hei geet et jo awer ëm eppes aanescht.

An ech fannen de Cadrage gudd sou, well do ass näischt ze mann an näischt zevill am Bild, alles do wou et soll sin.
m-otiv 24.06.2011 - 21:14
merci villmools....Deen "flèck" ass éffektiv e Fehler deen mir réicht duerno opgefall war....an graad op där plaatz cool
Gudd gesinn smile Ech wollt et net baischten smile
Zersch 24.06.2011 - 21:19
An wéi geil as dei dooten dann erëm ? Mengen selbstverständlech Foto ! devil
TOP !
gloda 26.06.2011 - 11:10
Eng cool Foto, déi hat ech verpasst. Den Faarfkontrast mécht et! D'Luucht ass och tiptop gesat, den Schiet fällt flott op d'Mauer well en sech iwwer d'Hänn mam Rescht verbënnt. Mäi Choix fir dës Woch.
m-otiv 26.06.2011 - 17:15
merci Gilles freet mech
Pit 26.06.2011 - 23:10
Déi gefält mir ganz gutt, flott Liicht an Schiedpartien.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 322 Gäscht online