Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Belle Rose

 
Belle Rose
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.07.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.07.2011
  • Gekuckt:
    20933
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/25 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    250 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    480x720
  • Späicherplaz:
    128 KB
  • Originaldatum:
    2011:07:10 17:35:24
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 600D
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
    Canon EF-S 55-250mm IS
Kategorie: Natur »» Blummen
2. Kategorie: Natur »» Planzen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=57322]
Kommentar vum Fotograf:
Hun dei do haut am Restaurant geknipst, an hun fonnt dass den Hannergrond och immens flott bei d Blumm passt. An hun dun mol probeiert se anecht ze geroden, an dat hei ass dei Bescht gin.
An jo ech wees, deen blöden(Pardon fir den Ausdrock) Gerolsteinerstopp steiert ob der Foto. Mee wollt awer net dei Leit ob dem desch Bieden extra weinst menger Foto hir Fläsch do fort ze huelen, an bei aneren descher kruut ech einfach net deen scheinen Hannergrond...

Hoffen se gefällt trotzdem :)
Zora 10.07.2011 - 22:24
Also crici, den Hannergrond passt, an zwaar esou gud, d'ass Rous sech drann verléiert, kans de net irgendwei probeieren dei mei erfier ze brengen, ass natirlech ADG, net beis gemengtclosed_eye
crici 10.07.2011 - 22:27
Ma kuken Muer mol wat sech maachen lisst closed_eye dann lueden ech nach eng 2. Versioun dervun ropsmile
Zora 10.07.2011 - 22:28
Also do sin ech gespaantclosed_eye
crici 10.07.2011 - 22:43
Waert mir mei gin fir dass deng Spannung net fir neicht war closed_eye
Zora 10.07.2011 - 23:00
Ech zielen ob dechbigsmile
crici 10.07.2011 - 23:07
Oh nee setz mech net enner souvil drock closed_eye closed_eye bigsmile Nee keng surg souschnell krit een mech net enner drock gesaat bigsmile
Zora 10.07.2011 - 23:09
An en beschen Drock schued, dobäi get een Kréativsmile
crici 10.07.2011 - 23:12
E beschen drock huet een jo emmer, mengen eben nemmen dass ech net sozschnell sou enner drock gesaat sin dass et irgendwei net mei weider geet
bigsmile
crici 11.07.2011 - 20:57
sou, manner hannergrond besser stecht se raus, wat mengs du?closed_eye
Zora 11.07.2011 - 21:02
Ma gesais de an schon gesät een Rous besser, gud geschafftclosed_eye
crici 11.07.2011 - 21:12
Merci smile haat och probeiert d fläsch fort ze retouscheiren oder wei ech dat och nach nennen soll, ass awer net gudd gelong bigsmile
Blimchen 10.07.2011 - 22:28
also et ass net main Goût. Virwaat hues de net déi Waasserfläsch geréckelt irrs de geknippst hues?
An den Kapp vun der Rous ass net gut. Vill ze iwwer saturéiert, do kritt en jo seng Aan weih.
Mhh. Probéier dat mol alles ze änneren
crici 10.07.2011 - 22:38
punkto waaserfläsch, dat steet an der beschreiwung closed_eye
kuken mol wat ech do maachen kann
crici 11.07.2011 - 22:45
Och d Fro un dech. Gefällt dir dei Nei Versioun besser?
Blimchen 11.07.2011 - 22:51
jo ass net mei grad esou krass roud.
bigmama19420205 10.07.2011 - 22:37
ech fannen dei Reus net schlecht irgendwëi romantig , Pëch mat Flëschclosed_eye
crici 10.07.2011 - 22:42
Mercismile Jo, dat war eben domm gaang, mee bon. Ech kann domat lierwen closed_eye
DarkRoom 11.07.2011 - 10:15
mier gefällt se iergendwéi guer net, enner aanerem :

- wéinst der Waasserfläsch (dann leiwer keng Foto gemeet, ewei esou)
- ass se mer ze flaach & ze onschaarf
- an deen rouden Eenheetsbrei, daat deet engem (mier) wiirklech wéi an den Aan

net béis sin, just meng éierlech Meenung
crici 11.07.2011 - 20:22
Bon ass eben affaire de gout.

Merci fir deng Meenung, sin doweinst net beiß, soen merci, dodurch leiert een bei closed_eye
crici 11.07.2011 - 22:44
Lo mol vun der fläsch oofgesinn, gefällt dir dei nei, verbessert Versioun besser?
DarkRoom 11.07.2011 - 22:46
definitif !! smile
crici 11.07.2011 - 22:49
Freet mech smile Muss och selwer zouginn dass se vill besser ass closed_eyeclosed_eye
Wier do nemmen net dei fläsch, mee bon, dei nächste keier gin ech awer bei dei leit an froen ganz frendlech ob sie de Fläsch kuerz reckelen keinten bigsmile
crici 11.07.2011 - 22:44
mischii 11.07.2011 - 23:21
mmmh; also sou eng Rous e bessi onschaarf an direkt an der Mêtt; e bessi verpixelt an ënnen nach de Rescht vun der Waasserflësch;
pardon, dat ka mech perséinlech nët begeeschteeren,
versich e bessi Originalitéit an Deng Biller ze kréien, iergend e perséinlechen Touch, eng aussergewéinlech Perspektiv, versich et mat verschiddenen Schärften

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 490 Gäscht online