Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Grindelwald 2011

 
All Fotoen an dëser Serie:
19469 Thumbnail
19470 Thumbnail
19471 Thumbnail
19472 Thumbnail
19502 Thumbnail
Grindelwald 2011
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.07.2011
  • Gekuckt:
    17235
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Originaldatum:
    22/07/2011
  • Fotoapparat:
    D7000
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:
E Rucksack mat engem RĂ©enschutz! Gudd Wueden!

Fir anzesetzen: [pg_img=57660]
Kommentar vum Fotograf:
Mam VTT vum Grindelwald(CH) op d'kleine Scheidegg. (1500m Héichtenennerscheed) Fir erop huet et riicht eran gereent. Wéi mer do uewen waren, war alles total am Niwwel. D'Wieder huet am Minuttentakt geännert, a fir eng Foto ze maachen hätt een wierklech schnell musse sinn :-)) Zwechen der 2ter a 3ter Foto léien 20 sek!
gogo 24.07.2011 - 01:48
wow! daat muss flott si mam VTT do duerch des Landschaft ze briederen. Ech begnuege mech dann mol mam Gaaljebierg closed_eye
Abacab 24.07.2011 - 16:51
Merci Gogo, op alle Fall! Mee um Gaalgebierg ass et och extra flott, do fueren ech bal all Dag smile
Richie 24.07.2011 - 12:46
Ei mam Vëlo an de Bierger. Dat ass ëmmer flott. Eng schéin Serie mat flotten Andréck
Abacab 24.07.2011 - 16:49
Villmols merci Richie!
Metalbambi 24.07.2011 - 14:22
Géif soen wanns de eng vun den Landschaftsfotoen als Haaptfoto géifs setzen géifen en gutt Stéck méi Leit deng Serie kucken, well déi sinn awer en bëssen méi interessant a fotografesch wertvoll wéi déi Kou do... closed_eye
Abacab 24.07.2011 - 16:48
Merci Metalbambi, hunn déi Rotschlag emgesaat. Hat déi als Haaptfoto gesat fir ze ennerstréichen dass des Fotoen en Niewenprodukt waren vun engem ustrengenden Velostuer closed_eye
Pit 24.07.2011 - 14:26
Flott Serie, bass de dann wéinstens gutt naass gin smile
Abacab 24.07.2011 - 16:45
Merci Pit, jo bis op d'Schanken, an nemmen 10 Grad. Uewen hu mer eis Kleeder an engem Chalet op der Toilett ennert dem Händetrockner misse fönen fir dono drechen kennen Descente ze fueren. closed_eye
Nathalie 25.07.2011 - 00:17
Ganz flott Serie, gefällt mer gud. Super schein landschaft. Immens flott fuerwen an flotten cadrage, an definitiv flott perspektiven smile fannen just dei eicht foto passt guer net an serie erran...
Abacab 25.07.2011 - 09:24
Villmols merci Nathalie smile Ginn der Rescht mat der 1ter Foto an hunn se dofir ersat closed_eye
Nathalie 25.07.2011 - 10:16
Ah jo dei doten passt schon vill besser an Serie smile
Schluck 25.07.2011 - 00:27
Immens flott Serie, dei 3. an dei 5. gefalen mir am Beschten
Abacab 25.07.2011 - 09:26
Villmols merci Schluck, dat freet mech vun der dat ze héieren smile War an däin Archiv stöbern, do sinn och immens flott Landschaftsfotoen dobäi closed_eye
Schluck 25.07.2011 - 10:27
Jo, nach ee Mount dann kommen ech och endlech rem an d'Bierger ... ët gët Zait fir Vakanz
Jeanny 25.07.2011 - 06:52
eng wonnerbar Serie,Marc
Abacab 25.07.2011 - 09:26
Villmols merci Jeanny smile
crici 25.07.2011 - 19:30
impressionant an wonnerschein serie smile
Abacab 25.07.2011 - 23:30
Villmols merci Crici bigsmile freed mech dass se gefält, an villmols merci fir den Fav bigsmile bigsmile
g3ckko 26.07.2011 - 01:26
Ganz schein Landschaftsphotoen. Ech gesinn lo carrément näscht, wou een keint eppes drun auszesetzen hun. smile

Nummer 5 as mein fav, dei vue an dei säfteg greng Faarwen... et fehlt nemmen nach eng Brise fresch Loft aus dem PC smile
Abacab 26.07.2011 - 14:13
Villmols merci g3ckko bigsmile freed mech dat vun der ze héieren, an villmols merci fir den Fav bigsmile bigsmile
Hätt gären nach weider Fotoen do uewe gemat, mee leider huet d'Wieder mer e Strech duerch d'Rechnung gemat. Mee... et war awer flott ;-)
marker 26.07.2011 - 14:22
..flott, woubei mir déi éischt am S/W och als Eenzelfoto secherlech ging gut gefalen..!! closed_eye
Abacab 27.07.2011 - 09:44
Villols merci Marker, waerd däin Typ op alle Fall probéieren!
He-Lx 30.07.2011 - 15:09
Du mengs d'Bierger géife Wolleken op d'Welt setzen. Beandrockend Naturfotoen.
Abacab 30.07.2011 - 19:32
Merci Heng bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 420 Gäscht online