Ech hun hei probéiert di Liichtverhältnisser di ech op der Plaatz haat och nach am Digiart ze pushen .. ech sin selbstverständlech nach net ganz zefridden ;o)
Effektiv hues du do zevill dees gudde gemaach. Do ass een Halo ronderem de Baam, deen ee vläicht, awer och nëmme vläicht evitéiert, wann een am PS bei Highlights/Shadows de Radius méigléchst wäit mécht... An dann nach. Leider ass et nun mol sou, datt et Liicht-Schiedkontraster gët, déi och di modern Sensoren net verdaue kënnen an een duerno mat EBV alles just nach schlëmmer mécht. Dann hues du leider och Kompressiounsartefakter am Himmel. An durch di "mëll" Kontraster wierkt dat ganz och e bessen " pillemszéch" (solle mir dat Wuert net virschloe, fir an den Luxdico opgehollze gin... )
Näischt fir ongut, mais du kanns dat vill besser! An zwar dodurch, datts du direkt op der Plaz eng besser beliichte Foto méchs. Da brauchs du keen Digiart... Oder du du bass konsequent, a pushs déng Foto bis un d'Schmärzensgrenz.
Ech wollt eigentléch den HDR ganz op der Säit loossen. Dofir hun ech vun S/H geschriwwen. Well ech denken, och am Tonemapping ass et net evident, den Halo ze evitéieren. Well ee Pseudo-HDR bréngt et net a méngen Aaen, an hei misst ee scho méi wi dräi Fotoe maache, fir di ganz Spaan vun Tounwärter ze hun, oder?
Ech soen Iech Merci fir äer konstruktiv Kritik ... et ass wuel wouer dat ech hei net konsequent genuch woar .. mee ech wollt awer och e bessen Diskussionen entfaachen.
Cheers mates .. schéin Iech emol erem eng Kéier ze liesen.