Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Salsa Motion

 
All Fotoen an dëser Serie:
23178 Thumbnail
23179 Thumbnail
23180 Thumbnail
23181 Thumbnail
Salsa Motion
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.11.2011
  • Gekuckt:
    23899
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    40
  • Originaldatum:
    8.11.2011
  • Fotoapparat:
    Nikon D3s (!)
  • Objektiv:
    hm...14-24mm 2.8 sou?
Kategorie: Bewegung »» Misc
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun
Extras:
-ENG NIKON,
-Elinchrom Ranger Set mat 2 Spot'en
-Ellipse Fitness,
-2 energiegelueden Models!
-alles ginn!

Fir anzesetzen: [pg_img=60179]
Kommentar vum Fotograf:

vum nämmlechten Shooting wei dem Focus seng:
Salsa


ech hunn bëssi mat laangen Beliichtungszaiten ronderemprobeiert...
déi 2. ass déi eenzeg mat där ech wierklech zefridden sinn! :)

déi läscht ass en MakingOf, MERCI un den John, den Ellipse an natierlech un déi 2 Dänzer - TOP JOB! :D
krautheim 10.11.2011 - 12:09
Déi 2. fannen ech och richteg guud! Super Dynamik dran an déi kräfteg Farwen machen déi Foto immens uspriechend.
OK-Photography 10.11.2011 - 12:11
ha! freet mech vun dir ze liesen!
jooh dFarwen sin nawell zimlech lieweg gin bigsmile

hun missen un deng denken wou ech do amgaang war...
a second of dance


MERCI Jim!
Focus 10.11.2011 - 13:23
cool mam Motion!
OK-Photography 10.11.2011 - 20:04
och kuhl ouni!! closed_eye
klex 10.11.2011 - 13:48
ganz ganz schein!
OK-Photography 10.11.2011 - 20:03
...faarweg! tongue

MERCI Lex!
Kwitchibo 10.11.2011 - 13:51
Bravo Senior!
OK-Photography 10.11.2011 - 20:03
yeaaah! TY!
Metalbambi 10.11.2011 - 13:55
Déi 2t an déi 3t sinn wierklech béis, d'Dynamik kënnt richteg gutt raus. Bei der éischter feelt en bëssen den Kick derbäi, mee alleng gekuckt, ass se trotzdem nach zimlech gutt ginn.
OK-Photography 10.11.2011 - 20:03
joh dei eischt wier nach besser gewiecht mat nach mei laanger Beliichtungszait (ech war bei 1/25stel) - war weigesoot gebastels, ech war eigentlech just als Assisstent mat an konnt et net lossen mech trotzdem ze ameseiren...closed_eye

freet mech dass se riwwer kommen! smile
gloda 10.11.2011 - 14:32
Lo hunn ech zwar gestaunt wéi ech gesinn ass vun deem dës Serie ass smile Gutt geroden, awer wierklech iwwerraschend dass se vun dir ass!
OK-Photography 10.11.2011 - 20:02
jooh ech sen o bessi verwonnert, virunallem well ech den Weekend lo reicht een Shooting (mat portabelem Setup) ganz fir mech organiseiert haat, dFotoen eppes guffen, an ech wierklech zefridden war! (kommen no hai op photogen)

Mengen ech gin krank, brauch geschwenn awer nees meng üblech Portioun Makro! tongue
Focus 10.11.2011 - 17:45
... a jo btw deed mer Leed dass ech beim Shoot dech sou vernannt hun. War alles e bessi stresseg.
OK-Photography 10.11.2011 - 20:00
as net schlemm John, daat huet den Job vum Assisstent sou an der Definitioun stoen...
emmer rem gären! closed_eye
Focus 11.11.2011 - 08:39
jo, mä das ech dech geschloon hun war jo wirklech net néideg.
OK-Photography 12.11.2011 - 01:42
jo, ok, mee trotz dem bloen Aan.....kruut ech jo hai awer méi Kommentaren weis du - daat war et mer wärt!
VeloBen 12.11.2011 - 09:28
bigsmile

"Hey teacher, leave those kids alone! "
Focus 12.11.2011 - 20:00
@VB it's just another kick in the ....
Focus 12.11.2011 - 19:59
@BP - Autsch, déi suuz!
OK-Photography 12.11.2011 - 23:06
closed_eye <-gesait och bessi blo aus, oder?
rabbit 10.11.2011 - 19:33
Super Serie, gefallen mir alleguer immens, besonnesch Nr.2
OK-Photography 10.11.2011 - 22:10
freet mech ze heiren!
MERCI
No_Saint 10.11.2011 - 20:51
Laang B-zaiten hunn den Virdeel dass d'Resultat net esou previsibel ass .
Den taux de réussite ass vläicht och net esou grouss, mä wann eng gutt derbäi ass, ass'se wierklech gutt, esou wéi hei déi 2t, wou de Wëscheffekt perfekt mat der Haltung vun den Dänzer harmonéiert.
OK-Photography 10.11.2011 - 22:09
stemmt absolut! ech probeiren et awer emmer rem gären...

et get awer besser wann een dBeliichtungsbedingungen komplett am Greff huet (Studio):
Photo-Talk


waat dei 2. ugeet, as och doweinst wou se mer gefällt, an den Waitwenkel mecht den Recht! closed_eye

Merci Frank! smile
Keup 10.11.2011 - 20:55
Déi 3t gefält mer am beschten.
OK-Photography 10.11.2011 - 22:07
bei där huet iergendswei meng Beweegung net mei gepasst...an dLuucht war zimlech stark sou dass een Schleier um gielen Kleed entstaanen as den mir lo net sou gefall huet (kruut en och net raus mat mei Kontrast)

mee...freet mech dass se dir trotzdem gefällt!! MERCI Keup! closed_eye
gtaddei1 10.11.2011 - 23:41
Fantastesch...
Flott mamm 2ten rideau geschafft oder wei huste daat gemét
OK-Photography 10.11.2011 - 23:50
hm...ech hun éierlech gesoot KENG AHUNG wou ech um Top Boitier vun NIKON (brrrrrr) dei Astellung fannen - hun also den Rideau geknipst den grad koum... tongue tongue

1/25stel mat engem Studioset aus 2 Bletzen, 1xSoftbox 1xeinfach... smile

Groussen merci fir den Favorit, freet mech dass se dir gefaalen!
gtaddei1 11.11.2011 - 00:44
2te rideau ass um flash!!!
Ech loossen dech liesen goen smile
Kwitchibo 11.11.2011 - 02:33
aha smile)
OK-Photography 11.11.2011 - 20:21
wei schon erwähnt as et mat engem STUDIOSET beliicht - do as nix mat Rideau...et kann een hechstens um Boitier den Retard astellen...... closed_eye
(misst um haut den Gamme meiglech sin...mee as Nikon, dofun kennen ech NAISCHT...) tonguetongue
Jeanny 11.11.2011 - 07:15
eng wonnerbar Serie, mat vill Bewegung an de Fotoen, herrlech
OK-Photography 11.11.2011 - 23:02
smile
JohnJ 11.11.2011 - 16:04
Ech kann leider net vill mat deser Serie unfänken, et sin mir einfach zevill Saachen dran dei ooflenken vun den Dänzer
Et kann een et menger Meenung no och net mat der (a second of dance) vergleichen (dei fannen ech es z.b. supper)
do ass den Hannergrond roueg ann et kann een sech op den Sujet konzentreieren. Hei ass mir alles ze vill onroueg.
mengen mat engem 2nd Stop wier Resultat aus menger Siicht besser gin. mei ewei emmer, daat Alles as eng ADG
lg
john
OK-Photography 11.11.2011 - 23:02
Hm...dIwwerschreft war fir mech kloer Motion&Dynamics - do passt een opgeraumtenen Hannergrond an en gestachend scharft Motiv net gudd dran...
vun dohier as et usech schon sou ginn wei ech mer et viergestallt hun.
op dRideau, wigesoot, hun ech keen Afloss, et as een Studio-Setup an ech schaffen mat enger friemer NIKON (brrrr)

Schued dass se dain Gout net trefft, mee schengt denen aneren jo ze gefaalen (an mir och) closed_eye

Thanks smile
JohnJ 11.11.2011 - 23:41
Ech hun mech villeicht falsch ausgedreckt, ech wollt keen gestachen scharft Motiv
Motion ass mir kloer ann och gutt, ann daat wier mam 2ten stop och esou gin
Waat mech steiert ass dass Alles an Motion ass, an doduerch fannen ech et net esou. hoffen konnt daat elo klären
Bg
John
OK-Photography 12.11.2011 - 01:41
ah! bigsmile
joh mee...do get et eng einfach Erklärung: main Motiv war absolut STATECH, dei 2 hun se NET (oder kaum) beweegt bei den Figuren (cf Focus seng Foto!) - do as et kloer dass dResultat henno sou ausgesait closed_eye
(ech hun do just probeiert dBeweegung dem un ze passen waat ech gesinn hun...)

merci fir den Hinweis, as mer lo amfong kloer ginn waat "faul" drun as! bigsmile
VeloBen 12.11.2011 - 09:26
Absolut genial Dynamik an denger zweeter Foto. Hätt kéinten fier sech stoen.
OK-Photography 12.11.2011 - 11:17
merci Ben!
sollt se am Ufank och, mee se hun font dass se och als Serie nach eppes hier gin...closed_eye
Maimonides 12.11.2011 - 15:06
http://www.youtube.com/watch?v=F5zCGgZMaWQ&feature=related

Di 3., Oli, gefält mir am Beschten,
well do d' "eeeellipse" esou schéin
an de Rondel passt.

An dat Gielt,
e bëssen mi hell,
e bëssen méi donkel,
mat an ouni Kontrast,
verschmëlzt...,
Salsa, eben !!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 307 Gäscht online