Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Little Red Ride

 
All Fotoen an dëser Serie:
24061 Thumbnail
24062 Thumbnail
Little Red Ride
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.12.2011
  • Gekuckt:
    55120
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
    20111118
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Objektiv:
    Canon EF 24-70 2.8L
Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:
Apollo Softbox, Speedlite 580EX II, Pocketwizards, Trépied.

Fir anzesetzen: [pg_img=60979]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Foto déi ech zesumme mam BlackPanther vu mengem neie Ford Focus gemaach hunn. Déi zweet Foto ass als Referenz mat einfacher Dagesluucht, onverschafft.
Den Tutorial ass hei op Photogen bei den Tutorials.
Klickt op d'Bild fir et duebel esou grouss ze gesinn.
Focus 22.12.2011 - 11:28
Fantastic!! den Buedem teschend de Wuerzelen as komech mëlecheg. Waat hues de mat den Felgen gemach? Reflectioun vun den Blieder am Lak as de Glanz.
gloda 15.01.2012 - 16:53
Merci. Ech wor mer net sécher op d'Reflektioun net stéiere géif, mä wann ech se eraus geholl hätt, hätt den Auto net méi an d'Zeen "dran" gepasst. D'Felgen sinn aus enger anerer Foto. Am Tutorial gesäis de wou se hierkommen an do soen ech och dass ech amfong net zefridde mam Resultat dovun sinn.
Déi Mëllech kënnt dovun dass mer deen Deel mat enger Täscheluucht an der Hand ausgeliicht hunn, also ganz diffus Luucht. Ech wollt dass deen Deel beliicht ass, awer e bëssen onheemlech wierkt mat de Wuerzelen.
Zodiac 22.12.2011 - 11:57
Eng intressant Serie, sin elo op den Tutorial gesspant smile
gloda 15.01.2012 - 16:53
Deen ass elo online smile
Zodiac 15.01.2012 - 18:37
dann ginn ech mer den emol unkucken
Poly 22.12.2011 - 12:50
un sech fannen ech se gutt, just net dat de Buedem hannendrun deen ze vill grouss am rouden gehal ass, fannen dat, dat net esou richteg zum Rescht passt afg closed_eye
gloda 15.01.2012 - 16:54
Ok, merci. Häss de e manner rout oder manner hell gemaach?
Poly 15.01.2012 - 18:17
ech hätt et net esou rout an esou hell gemaach fannen et scho gutt, als Bremsluucht oder hënnescht Loucht,awer hei wierkt et iwwerdriwwen
Cheesysmile 22.12.2011 - 12:50
Nice light Painting
gloda 15.01.2012 - 16:55
De Light Painting ass amfong just bei de Wuerzelen, de Rescht gouf mat Blëtzer gemaach.
mikE 22.12.2011 - 16:27
wisou hues de d'felgen "gewiesselt"? smile
gloda 15.01.2012 - 16:55
Well d'Wanterfelgen mer net esou gutt gefalen.
suraki 22.12.2011 - 17:48
en richteg flott Aarbecht, ...an et war derwäert de Crick erauszehuelen !
just déi Wollef wierkt (op mech) iergendwéi ... synthetesch .
egal, ... fir an e Katalog, virdrun awer nach an d'Garage d'Luuchte stellen bigsmile
gloda 15.01.2012 - 16:56
Merci. Hues de d'Foto eemol am grousse gekuckt? Ech hunn d'Gefill dass de Wollef, wat ee méi Detailer gesäit, besser dra passt, mä ech verstinn net firwat.
Houll-art 23.12.2011 - 21:56
Alle Respekt fir deng laangwiereg Arbecht. Den Tutorial interessant. Dass do esouvill Arbecht dranstecht gesäit een op den éischten Bleck net.
Gudd gemaach. (Tutorial inclus)
gloda 15.01.2012 - 16:57
Wann een d'Aarbecht net gesäit sinn ech frou, ech fäerten awer dass déi meescht Leit déi Meenung net Deelen, an et ass eppes wou ech mech nach vill wëll verbesseren, dass d'Fotoen net selwer esou drop opmierksam maachen wéi se entstane sinn.
gogo 05.01.2012 - 10:52
Et ass immens schued dass de trotz dengem engagement an der viller Aarbescht/Energie déis de hei ragestach hues (Foto & Video) nemmen sou wéineg Feedback kruut hues. Ech denke mer dass d'Foto leider an den Feierdeeg an am Joreswiessel ennergaangen ass, ech selwer sin leider lo vill méi spéit indirekt doriwwer getrollt wou ech däin Video (Exceellent aarbescht, merci och heifier) heizou gesin hun. Trotzdem kéinnt een sech bei (elo) 750 clicks och mei Feedback erwaarden och ech muss mer bessi Asche op mäin Haupt strëen.

Zur Foto, wann een se di éischte Kéier kuckt, sou ass et mier ergaangen denkt een boaaaah wow, do ass jo alles top, keen Manko näischt. Eng Nuecht driwwer geschloof denken ech kann ech mer des Foto méi neutral ukucken.

Mat den Felgen, soos de jo och schons eppes am video dozou, lo wou ech et wees, effektiv et mierkt een do ass eppes louche. (net 3D)

De Wollef haat ech ganz am Ufank Kitsch fonnt, mais e gehéiert zum Bild (red hood) an et passt. En ass do wou en ass och schéin dezent an awer...
de Wollef ass e wichtegen Element an der Foto, de Wollef ass jo op d'Rotkätonguechen aus e kuckt awer net op hat, mais an di selwescht Richtung wéi d'Rotkätonguechen (ass natierlech och interessant...)
Ech denken de Wollef sollt, wann um Hiwwel, dann op den Auto kucken, a wanns de dese Wollef sou beibehaale wölls dann vläit hannen uewe riets um Wée stoen (dann hues de näischt mei daat den Hiwwel opföllt)
Déng éischt Versioun wou de Wee hannen sou ganz roud war (italienesche Fändel) hat mier zwar gefall (ok ech sin halwen italiener :-P). wéinst der "Stëmmung" et könnt bessi mei "Fantasie/Märchewelt" op an Kombinatioun mam Wollef evtl. den do an dem roude géiff stoen... (vläit eng Iddi wärt).

Waat mech nach stéiert ass eben hannen um Wee, do gesäis de e Lichtstreifen um Buedem

Den interieur vum Auto: dass du do setz fannen ech gudd (besser wei wann en éidel wier) ech géif mer awer e bessi mei vun dengem Gesicht (ganz bessi mei) ze gesin wënschen, ausserdem ass do eppes mat dengem gesiit, entweder setzt een do op der Reckbänk oder et du hues do 2 mol däin Gesiit (ech gesin 2 Gesiiter)

Well et hei jo och emt d'Red Hood geet, vläit e riesege stréihenen Kuerf oä um Beifahrersëtz mat Liewensmëttelen?

Waat mer gefällt ass déng Iddi, déng emsëtzung, de Lichtstrahl ass genial, dass de den Hannergrond opgehällt hues, de Moos um Bam lenks.

Mais och op een zweete Bléck muss ech emmer nach soën WOW
gloda 15.01.2012 - 17:04
Merci fir den Ausféierleche Kommentar gogo. Jo, déi Felgen. Wann ech ganz vill Loscht gehat hätt, hätt ech se kéinten am Repoussé am Photoshop 3D maachen. Bei menger 'Gambit' Serie hunn ech dat gemaach. Do war ech dunn awer ze liddereg.
Dass de Wollef net op den Auto kuckt sollt e bëssen d'Iddi eraus huelen dass de Wollef den Auto jot. Den Design vum Auto ass jo net grad "süss", dofir konnt ech mer virstellen dass d'Rotkätonguepchen an de Wollef hei en Team sinn smile Wann s de den Video dee richtege Moment paus gesäis de dass den Wollef ee Moment hannen riets stoung, mä do huet e mer dunn awer net gefall. Ech mengen et war well de Bildopbau de Bléck dann riicht op de Wollef gelenkt hätt, an ech wollt dass en éischter esou eppes ass wou een op den zweete Bléck entdeckt.
Déi hell Sträif hannen war mer nach ni opgefall, merci! Déi kënnt wuel dohier dass ech den Hannergrond do eemol ganz geännert hat an déi Sträif separat ass, do ass déi ze staart bliwwen.
Dat zweet Gesiicht ass komm well ech mech eemol Bewegt hunn. Ech duecht dat géif net weider opfalen, mä du hues Rescht, dat wierkt e bësse komesch. Also wann ech nach eemol Zäit hunn (onwarscheinlech) flicken ech dat, oder ech denken eben un déi Saache fir déi nächst Foto (vill méi warscheinlech).
gogo 17.01.2012 - 23:47
Ass gärgeschitt closed_eye

ech verstinn déng Iwwerleeung mat der Positioun vum Wollef an kann déi novollzéihen, hu mer geduert dass de et dowéinst sou gemeet hues, an dem Kontext fannen ech daat dann och ganz gudd sou.

Du hues et sëlwer schon ugeschnidden "fir déi nächst Foto", do hätt ech eng näi Iddi/Propose fir dech : Kiischtebeem déi an der Bléih sin?
Oder wa mer schons bei de Gebridder Grimm sin, hues de jo di ganz Palette nach zuer Auswiel tongue
Ochiniwa 14.01.2012 - 19:27
Ass schon interesssant ze gesinn weivill Aarbecht hannert esou enger Foto stecht.

Et interesseiert mech emmer erem wann ech eng färdeg Foto gesinn wei se eigentlech entstaanen ass. Am Meeschten sin ech beandrockt vum fait dass du genau wees waat's du wells Ierst du ufänks!

D'Resultat ass super mee leider gesäit een dei ganz kleng Feeler an awer just well een wees dass se do sinn vu que dass du se am Tutorial erwähnst smile
gloda 15.01.2012 - 17:05
Ech sinn ëmmer frou ze gesinn wéi aner Leit zu hirem Resultat kommen an ech wollt hei eben dat selwecht maachen. Leider geet dann e bëssen d'Magie verluer, dat ass wouer. Et freet mech dass der de Bléck hannert d'Kulisse gefall huet.
kokopelli 08.02.2012 - 13:48
Jo,dat do as stramm,respekt,ech hoffen ech kommen och emol sou wäit oder wéinstens bis derbäi

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 350 Gäscht online