Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Bretagne

 
Bretagne
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.05.2006
  • Gekuckt:
    34743
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    15/1
  • Blend:
    f/27
  • Brennwäit:
    80 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    466 KB
  • Originaldatum:
    2006:04:17 22:23:56
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 10D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:
- Stativ
- RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=6140]
Kommentar vum Fotograf:
Ech haat jo gesoot ech geif nach mindestens eng aaner Foto aus der Vakanz roplueden, hei hun mer se dann mol, och wann et bessi mei speit gin ass :)
JADE 18.05.2006 - 01:35
Zut, elo haat ech den Comment nët gespäichert!!
Also am Resumee:

Einfach perfekt.
Fannen just e klitzekléngen Schéinheetsfehler: e puer Pinktelcher am Niwwel, mee wéi gesoot ët sinn Schéinheetsf.... ann an deem Sënn stéieren se (mech) nët, einfach well déi speziell (on)heemlech Atmosphär déi se ëremgët, immens (berouegend) ass.

Ech erlaaben mir se also als TF virzeschloen ( och wann ech an läschter Zäit nët graad déi selwescht Appreciatiounskapazitéiten haat ewéi den Jury)
yoshi 18.05.2006 - 12:58
Merci, dei Punkten hun ech effektiv nemmi drun geduercht... Huet awer lo keen Senn Foto nei ropzelueden ouni se.
Sylvia 18.05.2006 - 07:11
Jojo dei leideg Stepskären surprised)
Also Jade ech sin ganz denger Meenung , dei Foto ass tiptop !! Einfach eng herrlech Atmosphär !!
yoshi 18.05.2006 - 13:00
Jop merci och smile
Nicon07 18.05.2006 - 07:34
Stëbskäre sin dach hautjedaags kee Problem méi. Stempel a Korrektuurstempel (de PS-Logo dofir als Plooschter as esou richteg léif...) erlaaben engem dach baal alles. Dat as da fir di näxte Kéier.

Eng ganz stëmmungsvoll Foto vun der Brandung. Gudd gesin. An di blo Luucht doranner gefällt och mir och extra gudd.
yoshi 18.05.2006 - 13:00
jo ass keen problem, mee hun wei gesoot net drun geduercht, war midd an sou closed_eye
Charly 18.05.2006 - 07:46
Suuuuuper! Ech kinnt stiewen fir esou Biller!
yoshi 18.05.2006 - 13:02
Bleiw eis erhaalen smile
TheGuitarist 18.05.2006 - 20:47
Wow , dei Foto gefällt mer ganz gutt
yoshi 18.05.2006 - 22:17
freet mech smile
elmuzo 18.05.2006 - 21:54
Was lange währt... gudd an du haas eis se jo och versprach. Di Fuarw an di Atmosphär ... einfach 'unbelievable'. Beim Steps drécken ech een Aan zou.
yoshi 18.05.2006 - 22:18
och wann et munschmol laaaaaaaaang an domat mengen ech laaaaaaaaaang dauert, ech haalen meng verspriechen closed_eye merci tongue
klex 19.05.2006 - 17:08
Tiptop, di Foto! Déi kraaftvoll Dynamik an der Foto an déi konzentresch geféiert athmosphäresch Opliichtungen teschent deenen kulissenarteg gestaffelten Stengformatiounen féiren de Bléck illusionistesch an di irrational an trandeszent Déiften... kéint zwar nach besse méi Kontrast hun... :p
yoshi 19.05.2006 - 18:06
ok... so eng fro.. hues du dain saatz lo verstan? closed_eye liesen en mei speit na eng keier wann ech mei zait hun an mech konzentreiren kann :P merci awer smile


Mei speit: jo ok also war net ganz gudd a Form wou ech en dei eicht Keier gelies hun. Mee so, wou wells de deen Kontrast dann na baisetzen? closed_eye
klex 22.05.2006 - 21:39
hehe smile ma k.a, mee wanns de se sou kucks kéins de mängen d'léich e liichten donstschleier drop, ass jo logesch iergentwéi, wuar jo um mier... deemno wéis de wou kontrast bäigéifs maan kéins de daat verschwannen din.
yoshi 22.05.2006 - 22:38
eventuell, mee steiert mehc usech net. merci awer vir den tip closed_eye
JADE 19.05.2006 - 17:26
Voilà Lex! Genau daat hun ech matt "tongueerfekt" gemengt. closed_eye
Du drécks ët natiirlech vill méi litteraresch, an zemols vill méi philosophesch aus! Tiptop
Hues du villäicht demnächst Philo's Examen?
Wann jo , dann bass du ménger Meenung no prett!
klex 22.05.2006 - 21:37
Net ganz, haat haut Konschtgeschichtsprüfung... kann och do net schuden closed_eye
yoshi 22.05.2006 - 22:39
ech haat och haut konschtgeschichtsprüfung awa wei een um resultat waat kennt onschweier erkennen kann haat ech dei begreffer net intus closed_eye
JADE 26.05.2006 - 00:31
Do sin ech awer op déng Punkten gespannt.
Wanns de esou geschriwwen hues ewéi hei, an ët huet och op d'Froen gepasst, dann kann daat nëmmen eng "mention" gin, och wann ët keen Examen war! smile
Jury 22.05.2006 - 09:31
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
sutewi 25.05.2006 - 20:00
also ech fannen di foto wierklesch schein geseit aus wei niwel um waaser ass deck schein an d'faarw vun der foto ass o gutt
yoshi 25.05.2006 - 20:15
merci smile
CANON 31.05.2006 - 16:03
Eng sau gut FOTO en gudden Photograff an eng gut Kamera smile
yoshi 31.05.2006 - 17:35
hehe merci closed_eye
Obelix 03.06.2006 - 14:54
ja, hat eine fast mystische stimmung, gefällt mir sehr gutsmile)
yoshi 03.06.2006 - 14:58
vielen dank, wie lieb von dir closed_eye *sing*
Nicon07 19.08.2006 - 09:06
Elo wou ech mol eng Kéier d'Topfotoslëscht duerchgi, sin ech op des Foto gestouss, déi ech nach ëmmer absolut megagenialgudd fannen, an dunn hun ech méch drun erënnert, datt ech an enger Zeitung eemol een Artikel gesin hun iwwert de Fotograf Herbert Böttcher, deen's du villäicht kenns. Wann net, hei as séng URL. Ob alle Fall huët hien och eng Serie Fotoën un der Côte de granit rose an der Bretagne gemaach, di och blo agefierft sin mat extreme Bléckwénkelen. Kuck dir dat emol un. Ech sin iwwerzeecht, dat gefällt dir.

[url]http://www.herbertboettcher.de[/url|
yoshi 21.08.2006 - 01:32
Wow, cool Fotoen smile Meric vir deen Link!! Do kann een sech eng Scheiw oofschneiden smile An merci och vir dain Kommentar smile
joellchen 30.08.2006 - 14:28
Schön smile
yoshi 30.08.2006 - 16:37
dankööö closed_eye
pa 03.09.2006 - 08:31
Ass wirklech immens. D'Uëwerfläch vun de Sténg a sou... gesäit baal aus wi eng Opnahm vun engem Rasterelektronenmikroskop.
yoshi 03.09.2006 - 21:13
merci pa smile fotoen duerch en mikroskop maan geheiert och nach zu mengen verwierklechungsdreem
Annick 28.03.2007 - 19:09
wow, sprachlos, wonnerschéin
yoshi 28.03.2007 - 19:18
villmols merci annick smile
jegas 15.05.2008 - 11:13
Ganz flott Foto, yes.
yoshi 15.05.2008 - 14:13
merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 218 Gäscht online