Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fëschadler

 
Fëschadler
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (08.10.2012). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.10.2012
  • Gekuckt:
    33773
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    1600 mm
  • ISO:
    640
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    275 KB
  • Originaldatum:
    2012:10:06 16:39:00
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400m + Canon Extender 2x III + Kenko Extender 2x
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67312]
Kommentar vum Fotograf:
Ee Fëschadler ... am Fong ëischter een Experiment mat Extenderstacking ... Canon EF 400m + Canon Extender 2x III + Kenko Extender 2x = 1600mm. Am Fong stëmmt d'Quali nach fi déi Distanz, oder ?
Jean-Jos 08.10.2012 - 17:43
Dat ass zimmlech hefteg, déi Brennwäit.
Ech fannen, datt d'Qualitéit nach stëmmt ( bis op e klenge Sensorfleck ënne lénk niewt dem Poul, dee näischt mat den Extenderen ze din huet closed_eye ) Et muss ee sech bei deem Genre ze hëllefe wëssen smile
Gutt Schluck.
Schluck 08.10.2012 - 17:53
Merci Jean-Jos, ën ass Weg den Fleck bigsmile Muss mäin Sensor an mäin Bildschierm botzen ... ët geet awer just wann een gudd Zäit huet wëll den Auto-focus geet nët méi, also focus am beschten manuell mam Live-View ob x5
Abacab 08.10.2012 - 17:56
Impressionnant di Qualitéit mat 1600mm!
Schluck 08.10.2012 - 17:58
Muss awer och dobéi soen dat déi mecht nët sou schaf ginn sinn wëll du wees jo wéi dat ass mat dem manuellen Focus ob déi Distancen
Abacab 08.10.2012 - 18:02
Oh jo...zumol wann et schnell muss goen.
Ouni Fernausléiser kannste et mat der Digiskopie direkt vergiessen.
Schluck 08.10.2012 - 18:10
Dat hunn ech mer herno och geduercht dass verschidden onschärften och nach dohier komm sinn, virun allem bei daer Brennweit... muss mol d'naechst keier mat Timer oder Fernausléiser probéieren
Zora 08.10.2012 - 18:17
Wahnsinn, jo nemmen wahnsinn!!!
Schluck 08.10.2012 - 18:37
Wow, een décken Merci Zora, freet mech
JC1967 08.10.2012 - 18:33
Has de dech erem als Schwan verkleed fir un deen do erun ze kommen?? Respekt fir d'Quali vun der flotter Foto mat der Brennweit.
Schluck 08.10.2012 - 18:38
Keen Schwaan dës kéier mais zimmlech wéit ... ganz wéit eweg
hardae 08.10.2012 - 18:49
Déi Experiment ass dir gelongen. Nach ëmmer eng top Qualitéit.
Schluck 08.10.2012 - 18:53
Merci Harry, woar selwer iwwerrascht ... woar ob allen Fall den Versuch wert .. ee sutz laaang ob der selwëschter Platz
gi87 08.10.2012 - 19:45
Esh kommen op 2080 mm ? 400 x 2=800x2=1600x1,3crop=2080 mmm Sen Beandrockt dass soueng Qualiteit nach dobei eraus komm ass ! An esh hat gedeucht den Feschadler wir nees fort gewiescht...
Schluck 08.10.2012 - 20:43
Du solls nët souvill denken Gianni ... Ee Samsteg woar ën mol nach do
gi87 08.10.2012 - 20:56
Oh zut... naja kann een och net alles hun. .. Esh muss mol meng Grippe auskoureierwn an dann kann esh nees op jeurgt closed_eye
Schluck 08.10.2012 - 21:52
Majo, dann erhuel dech gutt
gi87 08.10.2012 - 23:19
Merci closed_eye
Schluck 10.10.2012 - 09:07
Nët ganz .. 1D Mark IV = 1.25 ët gët just ëmmer 1.3x gesoot --> also 400x2 = 800x2=1600 x1,25 = 2000mm
gi87 10.10.2012 - 11:18
Ah sou ? ma dann mol merci vir Opklärung smile 2000 mm sen zwar Krass, sen wiekleg vun dengem Resultat erstaunt well wann en Qualiteit kuckt, bief en dat nie mengen dass dat op soueng Distanz wor !!!
Fennec 09.10.2012 - 08:51
Staark, 2*extender an et geet nach, genial.
Schluck 09.10.2012 - 09:30
Merci, geet awer nëmmen an verschidennen Kombinatiounen ... Canon 2x Kenko 2x geet .. Canon 1.4x III Canon 2x III geet net
Fennec 10.10.2012 - 08:35
Do staunen ech, hun geduet Canon wier eng besser Quali ewei Kenko, also missten 2 Canons dach goen.
Schluck 10.10.2012 - 09:05
Den Canon ass och ee gudden Krack besser just een ass sou gebaut dass ënn just ob verschidden Weiss L Objektiver passt. Den Kenko geet zb. och um 100mm Macro, den vun Canon nët
Fennec 10.10.2012 - 11:47
Oh, daat klengt interressant, wei verhällt deen vun Sigma sech?
Schluck 10.10.2012 - 12:01
Dat kan ech der lo nët soen .. hänkt dovun off wéi ët gebaut ass
lux-weimaraner 09.10.2012 - 09:43
Einfach super...
Schluck 10.10.2012 - 09:05
Merci!
petz65 09.04.2013 - 17:21
Ech kann nemmen staunen! Super Qualiteit mat 1600 resp- 2000 mm.
Ajo a meng Fro dei ech lo hat ass jo dann och schon beäntwert ... manuell scharf gestallt.
Schluck 09.04.2013 - 17:27
Jo .. et ass nach ok .. sinn awer sëcher dass se lo mam 600er nach ee gudden Krack géif besser ginn

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 381 Gäscht online