Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Curiosity

 
All Fotoen an dëser Serie:
31415 Thumbnail
31416 Thumbnail
31417 Thumbnail
31418 Thumbnail
Curiosity
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.10.2012
  • Gekuckt:
    27489
  • Favoriten:
    6 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    11/2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 400D
  • Objektiv:
    Tokina 11-16 f2.8
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Allgemeng »» Misc
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67336]
Kommentar vum Fotograf:
Dësst war eng virwëtzeg Schildkröt déi mech bei engem Tauchgang en Stéck begleed huet.

Et war bei Dämmerung (baal bei Nuecht), dohier konnt ech daat Ganzt mat däichterem Hannergrond gestalten.

Hoffen et gefällt ;-)
MR 09.10.2012 - 13:15
Ech fannen déi Schildkrötenserie do
immens flott smile
Déi 2.Foto gefält mir am beschten.
Nemo 09.10.2012 - 15:02
Villmols Merci MR closed_eye

Ass nun eben mäin Lieblings-Ennerwaassermotiv smile
Jean-Jos 09.10.2012 - 14:23
Dat huet och säi Reitz, wëll de Bléck sech op dat Wesentlécht konzentréiere kann, woubäi déi Biller mat bloem HG insgesamt méi agreabel fir d'Aen sin (pour mon vilain goût smile ).
Déi 3. ass exzellent vun de Faarwen an dem Cadrage hiir, mat dem Paddel, dee bis ënnen an den Eck geet.
Nemo 09.10.2012 - 15:01
Merci Jean-Jos closed_eye

Daat as guer keen "vilain" goût vun dir. Fannen d'Fotoen mat bloem Hannergronn och méi schéin an definitiv méi natierlech.

Wollt hei just eben eng aal bekannten Makro-Ennerwaasser-Technick mol mat Wäitwénkel probéieren. An et as mer gelongen eben mol eppes aneres am Wide-Angel erbäi ze zauberen smile
Zora 09.10.2012 - 15:00
Daat do ass immens, ganz Serie!
Nemo 09.10.2012 - 15:03
Merci Zora closed_eye

Och fir den Fav smile
gemu 09.10.2012 - 15:12
Super Série Steve mir gefällt den Bléck op der 2. immens gud, awer och déi 3 wéi den Jean-Jos seet. Bref, si sin all excellent
Nemo 09.10.2012 - 15:19
Merci Georges closed_eye

Mäin persénlechen Favorit as n° 3 smile

A merci och fir den Fav closed_eye
gemu 09.10.2012 - 15:36
Ok, dann kriss du n° 3 an ech huelen den n°2, dann get et och keen Sträit
Nemo 09.10.2012 - 17:09
Rischtiiiiiisch !! smile
Johny 09.10.2012 - 18:43
Flott Serie, mir gefällt, genee wéi dem Jean-Jos, déi drëtt am beschten. Printen -> ophänken smile
Nemo 10.10.2012 - 08:40
Merci Johny closed_eye

Daat mam Printen hun ech mer och schon werluet. Hun um Bureau nach zwou grouss wäiss Maueren wou nach kennen dekoréiert gin.

Muss mech eben just entscheeden wéieng et da lo en définitif gett smile
BlackLizzard 09.10.2012 - 19:54
Echt genial Serie. Mir gefält déi éischt besonnesch gutt.
Nemo 10.10.2012 - 08:42
Merci closed_eye

Bass och deen éichten deen nr1 am beschten fënnt smile

Thanx och fir den Fav' closed_eye
NikonD80 10.10.2012 - 09:50
eng super Serie, Respekt
Nemo 10.10.2012 - 10:32
Villmols Merci closed_eye
Nathalie 11.10.2012 - 17:47
Wow eng ganz flott serie, gefällt mer immens gud. Fir mech hei di 1 an dei 3. impressionnant smile
Ech geif just versichen dei eicht em den kapp en tick mei hell ze machen. Dann wierkt se wahrscheinlech nach mei flott smile
Nemo 12.10.2012 - 10:04
Merci Nathalie closed_eye

Ma probéieren da mol hei an do bessi opzehellen. Mol kucken waat dann draus gëtt.

Merci och fir den Fav' closed_eye
Michelle 14.10.2012 - 13:41
Ah super Nemo!Déi 4. gefällt mer am beschten an dann di 2., flott dat se sou virwëtzeg war! Wou wars de dann tauchen?
Nemo 15.10.2012 - 10:15
Merci Michelle closed_eye

Daat do war zu Tenerife.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 400 Gäscht online