Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

A speck of dust

 
A speck of dust
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (17.01.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.10.2012
  • Gekuckt:
    27954
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    20/1 sec
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    2500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1333x2000
  • Späicherplaz:
    633 KB
  • Originaldatum:
    2012-10-18T16:06:27+02:00
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    24-70mm F2.8
Kategorie: Natur »» Allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67528]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun lo grad dem Johny seng super Foto (http://photogen.lu/?page=photo&id=67526&pa...) hei gesin an do ass mer agefall dass ech dese Summer op de Malediven di éischte Kéier d'Mëllechstroos gesin hun an mech och prompt ameséiert hun se ze knipsen. Ween de Recht vu menge Fotoen kukkt, wees dass daat do absolut net main Gebitt ass an dofier ass se technesch natirlech och net sou gudd wéi dem Johny seng. Beosonneg d'Perspektiv an den Opbau sin éischter simplistesch. Trotzdem, doënnen huet een esouvill Stären gesin dass ech net widerstoen konnt. Dee klenge Wutz ënnen ass en Boot daat um Mier geschwommen ass an op daat ech manuell probéiert hun scharf ze stellen...riets dovun gesait een de Liichtschain vun enger aanerer Insel. Leider ass op deenen 700Kb déi een dierf hei eroplueden d'Halschent vun der Opléisung an och ganz ganz vill Detailer verschwonnen...mee en ongeféieren Androck mecht se awer. Ajo, verzeiht w.e.g daat besse villt Rauschen...wi gesot, net main Gebitt an d'Astellungen hun ech e bessen gerooden... a bestemmt vill falsch gemach ;) Trotzdem eng vu ménge Lieblingsfotoen vun do.

Onbedingt drop klicken fier vill vill méi Détailer ze gesin ;)

**** Nei Versioun mat manner ISO Rauschen (sou gudd ech et hikritt hun ouni zevill Stären ze 'opferen' ***
Conley 18.10.2012 - 19:11
Dee klenge Wutz ënnen dat Boot do ënnen mecht aus engem Guede Bild fir mech nach en bessert.......wonnerschéin....
Loki 18.10.2012 - 19:23
Dank! smile Jo ech fannen och dass dee Wutz dem Bild e bessen eppes gëtt closed_eye Déi Aussicht war effektiv emwerfend. A merci fier de Fav bigsmile
Conley 18.10.2012 - 19:56
De Johny hat de pech dass et vill se vill hell do ass. Well och di gegrinsten Lichtverschmotzung doen esou engem Bild net gutt. Datt soll net bedeiten dass séin Bild schlecht ass et gefëllt mer souguer gutt.
Hat mech eng zéit mam Mount ameséiert aus der Fënster de Wanter. Na ja............
Loki 18.10.2012 - 20:19
Jo du hues Recht, di Liichtverschmotzung ass schrecklech fier sou Saachen. Daat do war eng Gelegenheet di net ze verpassen war, e richtege Kandheetsdraam (ouni Witz, ech hu mech gefillt wi wann ech 9 wier dee Moment... meng (gedëlleg) Frendin stung niewendrun ze grinsen sou wi nëmme Fraen daat kënnen wann mär eis Momenter hunclosed_eye ) De Mount ass en plus nach zimlech schnell ennerwee, ging ee guer net soen wann een en esou kukkt.
Johny 18.10.2012 - 20:34
Och d'Mëllechstrooss huet sech bei mir nawell vill beweegt op deene 4 Fotoen aus der ech d'Foto zesummegesat hunn, (Jo ech weess, et war eigtl d'Erd mee op der Foto war et d'Mëllechstrooss closed_eye) do hun ech scho relativ vill dru réckele goen fir dass et iwwerenee stëmmt.

D'Mëllechstrooss ass bei dir besser geroden, mee et feelt de Recht bëssen, also eng Insel mat drop oder sou ähnlech ... Perfekt wir eng Mëschung vun eisen 2 Fotoen bigsmile
Loki 18.10.2012 - 20:46
Jo et ass schon erstaunlech wei seier sech daat ganzt bewegt gell? Hätt ech och net geduet bis ech mech och mol mam mound ameseiert haat. Hei waren et 20sek Beliichtung, ab dann sin et schon zimlech daitlech Straifen gin. Hei och e bessen awer net souuu vill.

Jo kloer, du hues absolut recht, et fehlt der Foto méi wéi e 'bessen' closed_eye deng ass defintiv méi interessant wanns de mech freets. Just eben schued dass et sou hell war. effektiv, eng hybrid wier optimal closed_eye

Merci! bigsmile
Conley 18.10.2012 - 22:27
Hunn dann mol en Versuch den schnellen Mond festzehalen erop gelueden..
Johny 18.10.2012 - 20:32
Hellegket an Loftverschmotzung sinn 2 verschidde Saachen. Hell war et bei mir, awer Loftverschmotzung absolut keng, well do rondrëm ass nëmmen Pazifik (Géi mol op Google Maps kucke wou Moorea ass closed_eye). D'Hellegkeet huet allerdings wirklech e Problem duergestalt an verschäisst engem sou Fotoen bëssen smile
Maimonides 18.10.2012 - 20:00
Drop klicken
ass hei,
effektiv,
e Must.

Top-Foto, Loki.
Loki 18.10.2012 - 20:20
Dankeschön smile Wann een wëll/interesséiert dann setzen ech se a voller Opléisung op main Server a setzen de Link heihin. Do funkelen nach vill méi Stären an Détailer closed_eye
MR 18.10.2012 - 20:03
einfach nëmmen super smile
Loki 18.10.2012 - 20:20
Dank smile
gemu 18.10.2012 - 22:38
Grandios!
Loki 19.10.2012 - 14:58
Dat hun ech och geduet wou ech di Wollek do gesin hun closed_eye Do kanns de nach souvill Fotoen dovunner gesin wéis de wëlls, wanns de di éischter Kéier se mat eegenen Aaen gesais a keng Wollek an kee Liicht am Wee ass, a wanns de dann gesais wéi se vun engem Enn vum Horizont bis op daat aanert Enn geet.... näischt preparéiert dech dofier. smile
Loki 19.10.2012 - 15:00
Fier déi déi et interesséiert, hei ass di voll opgeléisten (nemmen liicht gecroped) Versioun op mengem Server: http://loki.lu/other/IMG_1716-Edit.JPG

Oppassen, se huet säfteger 6.4MB closed_eye 4967x3311 pixelen, enjoy smile
jorsch 19.10.2012 - 18:34
E fantastesche Kontrast tëschent dem klenge Boot an dem Himmel mat den onendlech ville Stäre. Et staunt een, ganz bescheiden!

Eng super Foto, besonnesch well d'Boot esou kleng ass!
Loki 19.10.2012 - 23:34
Ojo do hues de recht. Daat setzt vill a Perspektiv wann een sou eppes gesait. Sin frou dass der d'Foto gefällt an effektiv deen Effekt eriwwer bréngt...trotz bescheidener Emsetzung closed_eye
Jean-Jos 19.10.2012 - 23:51
Impresionnant Loki! Gefällt mir ganz gutt.
Loki 20.10.2012 - 09:57
Merci! Onbedingt dorower fléien an et selwer kukke goen fier den Chin-hits-ground Effekt closed_eye
gi87 20.10.2012 - 02:11
Schein Loki ! am Eneschten Drettel ass dat Isorauschen ?
Loki 20.10.2012 - 09:56
Dank! smile

Ma ech sin mer éierlech gesot net ganz sëcher. 20sek bei 2500ISO ass natirlech e bessen aua (bon ok op enger MK3 net sou schlemm wi op enger MK2) mee wann et aleng ISO Räuschen wier, dann misst et jo eigentlech um ganzen Bild leien oder? Oder mengs de do wier nach e bessen Liicht an der Loft iwwert dem Horizont gewierscht daat et deen do Effekt hätt kinnten hun well deen minimal mi hell dann war wéi de rect vum Himmel? Ech hu mech dat nämlech och schon gefrot.
Johny 20.10.2012 - 11:43
Ech si mir relativ sécher (hu jo selwer méi wéi déi 1 Foto gemaach vun der Mëllechstrooss) dass et Luucht ass an duerch den ISO sou verstärkt gëtt, also eng Mëschung.
Loki 20.10.2012 - 12:47
Ah voilà, sou eppes hun ech mer geduet. Do hätt et wuel gehollef e puer Fotoen ze maachen mat verschiddenen ISO-werter an se dann iwwereneen ze leen oder? Oder gin et do nach aaner Techniken fier daat ze vermeiden?
Johny 20.10.2012 - 13:00
Jo dat wir déi eenzeg Méiglechkeet gewiecht, mee méi nidderegen ISO dann ännert d'Beliichtungszäit an engems mat, do muss een oppassen closed_eye
Loki 20.10.2012 - 13:35
Ha jo ass wouer. Bah, alt nach e Grond rem dohinzegoen fier et besser ze maachen closed_eye
gi87 21.10.2012 - 22:03
Nach em mei Lichstarktobjektiv gief och d'Affäre machen smile Annersaits, mach eng Kopie vum Bild am Photoshop, heul regel Mangenta/Roudwerter vum Rauschen an de groen Bereich an dann gief esh mat de Masken Schaffen an dem Bereich viret mei Proper ze Kreien smile Softwaremeisseg ass do nach vill Potenzial dran viret Raiszekreien ouni grouss Komprommisser anzegoen, obweul esh keen Fan vun Bildbearbeschtung sen smile
Richie 20.10.2012 - 11:55
Also fir mech ass et en Top Bild.
Haat an der Woch eng keier um Handy op PG gekuck , do war et mär net esou opgefall.
Loki 21.10.2012 - 10:38
Jo gell, waat méi Pixelen waat méi Stemmung eriwwerkennt smile Kukk mol de Link deen ech ennen geposted hun mat der baal-voller Opléisung, dierft der och gefaalen smile

Merci! smile
Infinity-Photo 11.12.2015 - 12:19
Wow, Impressionant wéi kloer den Himmel do ass. Pech schwaarz, an dobei keng Liichtverschmotzung ze gesinn. Super di dooten!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 396 Gäscht online