Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Europäisch Säll

 
All Fotoen an dëser Serie:
31777 Thumbnail
31778 Thumbnail
31779 Thumbnail
31780 Thumbnail
Europäisch Säll
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.10.2012
  • Gekuckt:
    20032
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    13/10/2012
  • Fotoapparat:
    NIKON D7000
  • Objektiv:
    Sigma 8-16
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67718]
Kommentar vum Fotograf:
E puer Réuniounssäll vun den Europäischen Institutiounen um Kierbierg:


1. Geriichtshaaf
2. Investmentbank
3. Cour des comptes.
4. Kommissioun.

Haat leider keen Stativ dobei an et war net emmer optimal hell.

N.B. Update : Oppgrond vun der Kritik vum Gianni hun ech d' ursprünglech Foto vun der Kommissioun erausgeholl an duerch eng aner vun der Kommissioun ersaat. Déi Foto ass elo Foto Nr 4 gin (ursprünglech Nr 1).
gi87 25.10.2012 - 19:20
Flott Deurgestallt dei Ennerscheedlech Reim ! am Beschten gefallen ma hei 2,3 an 4
VeloBen 25.10.2012 - 19:21
Merci !

Jo bei Nr1 hun ech e bessi mam Weitwenkel an mat der Perspektive iwerdriwen.
gi87 25.10.2012 - 19:22
Do gesait en mei Verzerung an Linen dei ausaneen laafen, mee de Raum selwer fannen Esh net esou flott ewei dei Anner. Wor bei da 1ter Foto deen Metalplafond wouste geknippst hass ?
VeloBen 25.10.2012 - 19:26
Jo du hues Recht.

Ech änneren daat mol. Ech hun do eng déi passt besser.

Merci fir den Tipp!
gi87 25.10.2012 - 19:27
smile
VeloBen 25.10.2012 - 19:30
done!

bigsmile
gi87 25.10.2012 - 19:33
Villvill Besser, deen gefällt ma elo Richteg gud ! smile
VeloBen 25.10.2012 - 19:43
Jo mir och !

Daat war wierklech eng gut Hëllef vun dir !
Gaga 25.10.2012 - 19:59
interessant, mais ech muss der eierlech soen dat et mer iwerall insgesammt un schärft an Bildqualiteit fehlt.
Bon, ouni Stativ as et net evident, an t'Luucht an deenen Säl as erfahrungsgemäss ganz schweier, well Kontrajour duerch Fensteren an fill Schierter et net einfach machen, HDR as do schon baal en Must !

Lo brauch ech jo net mei ze färten, ech sin mer nie secher waat een vun deenen Plaatzen alles dierf weisenbigsmile

N°2 as mein Fav, interessant perpsektiv an flott Architektur.
VeloBen 25.10.2012 - 20:15
Merci !

Jo an Punkto Schaerft hues de Recht .

Mein Sigma WW verzeihlt leider naischt an der Schaerft wann et net optimal hell ass. Dann muss een Kompromesser mat Verschlosszeit an Blende maachen. An dann ass et net méi optimal. An déi héich ISOen sin och net berauschend, obwohl se jo graad hei rauschen ! bigsmile Mee d'Perspektivespillereien sin einfach ze verlockend! bigsmile

Ouni Stativ trauen ech mech net un HDR. Mengen daat géiff och nix gin. bigsmile

Jo, weiss rouheg nach Biller vun do. Interesséiert mech och.
Gaga 25.10.2012 - 20:35
HDR freihand geht nemmen wanns de net iwer 1/40sec kenns, also am Hellen
an dann 3 expo max !
Stativ as fier architekturfotoen en muss, du wells jo vill schärft also schaffs de ememr mat blenden vun 5.6 - 11 an mei ...
VeloBen 25.10.2012 - 20:41
Gut ze wessen !

Deen hei Tripp war och méi spontan geplangt gewiescht an ech haat net vill Ausrüstung mat dobei.
Zora 25.10.2012 - 20:55
Wonnerbar Perspektiven, flott Symmetrie, gefällt mer ganz gud deng Serie!
VeloBen 25.10.2012 - 21:17
Merci Zora ! bigsmile
Jacques 26.10.2012 - 09:07
Leider fehlt et e bessen un Schärft, mee daat get duerch déi gudd Perspektiven an Symetrie kompenséiert.
Eng schéin Serie!
VeloBen 29.10.2012 - 19:46
Merci !

Jo meng Ausrrüstung war e bessi suboptimal fier des Gebaier.
sylvie 26.10.2012 - 19:31
Ganz flott Serie, die zweet gefällt mer am beschten. Ech gin just dem gaga Recht, et kinnt bessen méi schaarf sin, mee gudd et war jo och net vill Luucht do smile
VeloBen 29.10.2012 - 19:46
Merci. jo ouni Statitiv an och well den WW net ganz licchtstaark ass dowéinbst war daat net evident.
bac 27.10.2012 - 10:47
Nr 2 gefaellt mer am beschten
Nr 4 hieren plafong schein mer och eng interessant erscheinung
VeloBen 29.10.2012 - 19:45
Merci ! Ass och meng Meenung.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 422 Gäscht online