Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Méck

 
Méck
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.10.2012
  • Gekuckt:
    19526
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    21
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    65 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    Compulsory Flash
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x2000
  • Späicherplaz:
    543 KB
  • Originaldatum:
    2012:10:27 09:11:52
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark II
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon MP-E 65mm f/2.8 1-5x Macro Photo
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=67757]
Kommentar vum Fotograf:
Méck vergréissert 3:1.
drop klicken :)
Nathalie 27.10.2012 - 09:42
Wow esou kucken ech mer eng meck jo mol geren un. Interressant sou vergreissert. An och en flotten detail dran. Gefällt mer smile
MR 27.10.2012 - 18:30
Merci Nathalie
Jo,een vergréisserten Méckenkap
ass schon irgendwéi impressionnant
gemu 27.10.2012 - 10:23
Waat Détailer, do hues du awer wirklech aus enger Méck en Elefant gemach smile
MR 27.10.2012 - 18:36
Merci Georges
Immens flott wéis de
meng Déiercher beschréifsbigsmile
(muer dann nach een Minimonster
fir dechclosed_eye )
gemu 27.10.2012 - 18:45
Merci fir d'Blummen, do sin ech awer gespaant, ech stinn dann och eng Stonn éichter op wéi soss. closed_eye
pitchul 27.10.2012 - 11:52
wow
MR 27.10.2012 - 18:38
Merci pitchul
Deng Begeeschterung freet mech bigsmile
Conley 27.10.2012 - 20:44
Hei ass et eng kéier esou en Hellt oder Heldin ginn deen eng Méck an den Frigo geluecht huet an datt dann och nach dobäi geschriwwen huet, an dann Stolz wéi Oscar seng Foto gewisen huet. Se hat et och nach net Iwwerlieft. Well der datt op kennem Fall ënnerstellen, wollt der dat just soen. Watt et net alles gëtt.. Deng Foto gefällt mär gutt MR.
MR 27.10.2012 - 21:15
Merci Conley
Däi Méckenmakroen wous du do ungeschwaat hues,
hun ech och héi gesin.
Ech geng nie Déieren dout machen fir se ze
fotographéieren,
en plus wanns de genee kucks
erkenns de direkt an den Aen vun enger Méck
wann se net méi lieft(glanzlos an liecht schwarz)
oder si huet eng komesch
onnatiirlech, verkrampften Haltung.
Dann kuck meng Méck déif an d'Aen
dann erkenns de dass se um Liewen ass.
Ech garantéieren dir dat héi ass eng
glécklech Remerschener Méck.
Kuck meng Libellen,
déin hun all en Grinsen am Gesiit bigsmile
An all meng zukünftesch Makroen
déi ech héi nach wäert presentéiren
sin och um Liewen virdrun an durno.
Merci awer dass de dat Thema ugeschwaat
hues , dann konnt ech dat och lo eng Kéier
kloer stellen.
Fir mech, Déieren dout machen
fir eng Foto
ass een
NO GO!

Conley 27.10.2012 - 22:43
Do fir hunn ech datt Thema jo ugeschwat. Ech wollt net dass en op schlecht Gedanken kennt. Ech hat op allefall keen schlecht Hannergedanken..MR
MR 27.10.2012 - 22:48
smile
gi87 28.10.2012 - 17:22
Deng Macroen sen Super Martine, de Rapport vun da vergreisserung ass schon Erstaunlech hei ! Mat weiengem Bletz schaffste hei ? Esh notzen ab und zu vir Macroen den Twinlite MT-EX 24 Bletz vun Canon, domader kann een sech Bletzkätonguep prezies astellen vir Belichtung.
MR 28.10.2012 - 17:24
Merci Gianni
freet mech wann
se gefalen smile
MR 28.10.2012 - 17:32

Als Blëtz benotzen ech den
Canon Macro Ring Lite MR-14EX .
Foto ass dobaussen an der praller Sonn gemach gin
ouni Stativ.
Ouni Blëtz huet een schnell seng Limiten
erreecht wat Vergréisserung an
Schäerft unbelaangt.
gi87 28.10.2012 - 17:41
Wann esh mesh nach richteg arenneren dann ass beim MP-E-65 och seier schluss wann een iwert e Rapport vun 3 hinaus geht well de Viseur jo och emmer mei Donkel get an een manner besser gesait.. Dat gleewen Esh da dass do seier Limiten arrecht sen wann een ouni bletz schaft, well waste mei an Vergreisserung gees, wat den Schärftedeiw erof geht waste dann jo nees mat ofBlenden kompenseieren muss, wat desh awa zwenk deng kompromisser an da Verschlosszait oder Iso anzegoen. Hun e Kolleg deen schaft och mat dem Objektiv an deen schaft iwert da Vergreisserung x3 mat engem Macroschlitten an dann meschten peur Opnahmen an vereschnet dann all Fokusebenen iwert e Programm zesummen. Awa ass Immens Opwenneg smile
MR 28.10.2012 - 17:53
Méi wéi 3:1 hat ech och
schon probéiert ,
awer d'Fotoen sin däischter an onscharf
Ech sin jo och nach Ufänger wat
dat Objektiv ugeetsmile
gi87 28.10.2012 - 17:56
dofir sen deng Resultater schon Extreem Gud ! smile
MR 28.10.2012 - 18:00
Jo ech probéieren nach
besser ze gin bigsmilebigsmile
gi87 28.10.2012 - 18:03
Dat ass objiderfall dei Richteg astellung bigsmile awa Ab und Zu muss een och schon Zefriedden sin mat dem wat een ereecht heut, well deng Macroen sen schon elo un engem Ganz heigen Niveau !
MR 28.10.2012 - 18:09
Merci Gianni,
ech sin zefridden,
mee dat ass jo de Reitz
vun der Fotographie,
et nach besser ze machenclosed_eye
gi87 28.10.2012 - 18:15
closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 448 Gäscht online