Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mr Petz

 
All Fotoen an dëser Serie:
32603 Thumbnail
32604 Thumbnail
32605 Thumbnail
32606 Thumbnail
Mr  Petz
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.11.2012
  • Gekuckt:
    23153
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Originaldatum:
    20.10.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege
2. Kategorie: Natur »» Allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=68558]
Kommentar vum Fotograf:
... beim Patten wäschen
hardae 21.11.2012 - 08:19
Schluck, ass se sech am gaang ze wäschen oder ze faulenzen?
Schluck 21.11.2012 - 09:03
Ech mengen ee bëssen vun béidem smile
MR 21.11.2012 - 08:59
Ganz flott Serie,
virun allem wéi den
Bier op der 1. Foto poséiert
an dir weist wat hien vun dengem
Geknips hält bigsmile
Schluck 21.11.2012 - 09:05
Hmm .. dann hät en sech wuel och zu mir gedreint an dann wier d'Photo nach méi cool bigsmile Merci MR
Jacques 21.11.2012 - 09:45
Eng wonnerbar Serie!
Ech weilt deem seng Patten nie ze spieren kreien!smile
Schluck 21.11.2012 - 10:49
Dat sees de gutt .. Merci Jacques
McQueen 21.11.2012 - 10:45
Flott Serie
Mir gefallen se alleguer ganz gudd, mee dei lescht ass einfach en tick besser (fir mech)
Fierwaat : Et geseit esou aus wei wann den Meister Petz einfach nemmen zefridden wär....roueg an glecklech.....
Schluck 21.11.2012 - 10:51
Merci McQueen .. jo sou kënnt se erriwwer .. am allgemengen ass ët mer virkomm wéi wann d'Bieren sech géifen wuelfillen .. et woar een zimmlech grousst Gehege ... ët ass an bléiwt awer ëmmer een Zoo Bild
McQueen 21.11.2012 - 10:53
jo leider --> Zoo Bild....hätt och leiwer se wären all fräi ...
petz65 21.11.2012 - 11:31
Do hues du mech bei menger Rascht erwescht smile
Emng flott Serie Dei 1. an 4. well se sou genesslech riwwer kommen an awer hun ech en Hang zu der 3. well se nach mei daitlech ass.
Schluck 21.11.2012 - 11:38
Merci Mr Petz, du wees jo am Beschten wéi's de der gefälls closed_eye
Mir hun se all gutt gefall wëll se eng anner Austrahlung hunn. 3 ass flott wëll en do sou obmierksam kuckt
Jeanny 21.11.2012 - 12:02
Lo muss de eng kéier bei Bieren, däi an der Fräiheet wunnen fueren Schluck, op de do och sou no erukenns.
einfach TOP
Schluck 21.11.2012 - 12:51
Jo, dat stëmmt .. Kananda, Alaska usw. ass bestëmmt och immens schéin, mol kucken ob ech mech dann iwwerhaapt trauenn sou no un se runzekommen closed_eye
suraki 21.11.2012 - 12:52
ulala coool , ... op de Baggerwéieren ? bigsmile
Schluck 21.11.2012 - 12:54
Hehe, jo genau closed_eye Baggerwéieren dat wier cool
gemu 21.11.2012 - 13:35
Bei däääär Patt, do kann jo awer keng Ried vun Faulenzen sin daat ass e grousst Stéck Arbecht fir déi ze wäschen. Excellent Série, hun keng Preferenz si sin all op hier Mannéier super
Schluck 22.11.2012 - 09:26
Och wann ët Zoo woar woar ët am Princip ganz flott, mir hunn leider missten an der Hetz doduerch (wou mer eh just Zäit haten fir d'Halschent) wëll mer den Hond hun missen am Auto lossn ann ët awer 20 Grad den Daag woaren.. Muss onbedingt nach eng Kéier am Fréijoer dohinn
BlackLizzard 21.11.2012 - 21:28
Eng super Serie. Besonnesch déi Eischt ass genial.
Schluck 22.11.2012 - 09:27
Jo, déi ass witzeg .. dofir am Fong och main FAV . Merci gesoot
mischii 22.11.2012 - 00:07
schéi Biller vun dësem faszinanten Déier,
ech ginn Dir mol eng Adress fir se an Natura ze gesinn, dat ass allerdengs e bessi méi geféierlech, well déi Petzen sinn net esou frou mat eis Menschen,
Brongbieren ginn nach wann se keng Klenger hunn a saat gefriess sinn, mee bei Grizzlien soll ee schon mol gläich d'Kéier huelen, wann een d'Spuer entdeckt
Schluck 22.11.2012 - 09:28
Merci mischii, jo effektiv wéilt ech een jo gäer an freier Natur knippsen mais dann ass dat awer och nët méi sou easy/peasy wéi héi.
marker 22.11.2012 - 20:48
..eng immens flott Serie vun engem wonnerschéinen Déier wou's de hei weis Schluck.
Sin ëmmer nees iwwerascht vun der exzellenter Schärft an denge Biller.
Schluck 23.11.2012 - 18:35
Merci Marker, dat freet mech .. eng gudd Grondschärft an eng gudd BEA hannendrun closed_eye
Conley 23.11.2012 - 00:27
Denn Mr Petz hues de ganz gutt an t Bild gesat, di Gemittlechkeet ...an de genoss woumadder en sech beschäftegt kennt ganz gutt eriwier...Eng wonnerbar Serie Schluck.
Schluck 23.11.2012 - 18:36
Merci Conley... déi verschidden Gemiddszoustänn déi een Ausdrekt hunn mer och sou gutt gefall

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 331 Gäscht online