Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Lost Place

 
All Fotoen an dëser Serie:
32815 Thumbnail
32816 Thumbnail
Lost Place
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.11.2012
  • Gekuckt:
    27310
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Originaldatum:
    November 2011
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Objektiv:
    18-55mm
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Misc  
Extras:
Photoshop

Fir anzesetzen: [pg_img=68775]
Kommentar vum Fotograf:
Dës Panorama'en sinn firun engem Joer entstaanen an nach emmer kann ech mech net wierklech entscheeden, wéi eng Versioun ech léiwer hunn... dofiir brauch ech Meenungen!

Mat der Schäerft haat ech ze kämpfen, well d'Luuchtverhältnisser net grad ideal waren fir aus der Hand d'Fotoen ze maachen. Haat och leider kee Stativ derbäi. Mee ech hunn d'Panorama'en e bessi à la Miniatur verschafft fir vun der Schärft e bessi oofzelenken ;)

Wat mengt dir? Besser mat Leit drop oder ouni?
Jean-Jos 28.11.2012 - 19:15
Déi 2. gefällt mir perséinlech e Stéck besser, wëll dee lénken onschaarfen Deel nët drop ass. Ech géif allerdéngs déi 2 Leit nach ewech stempelen. Mat oppener Blend, mat 3,5 bei dem do Objektiv, a mat héichem Iso fotograféiere missen, ass natirlech nët ideal bei esou engem Sujet.
Däi Sujet ass op alle Fall ganz intressant!
majolifa 28.11.2012 - 19:52
mir perseinlesch gefällt dei 2. och am beschten ech schleissen mech dem Jean-Jos senger Meenung un ech hätt d`Leit och nach ewesch gestemmpelt. Foto un sech fannen ech ganz spannend mat denen villen Traapen. Flott gesinn
Keup 28.11.2012 - 20:27
Fannen déi éischt vill besser.
Metalbambi 28.11.2012 - 22:41
Kloer déi éischt, wierkt vill méi an sech selwer ofgeschloss duerch d'Trap op der Säit! Mega cool Plaz, mega cool Luucht an mega cool eriwwer bruecht! smile
Wat war dat?
Kleent 05.12.2012 - 15:53
Merci fir Är Meenungen, lo steet et 50/50 closed_eye
Engersäits fannen ech déi éischt besser, well een do nach méi vum Raum gesäit. Aanerersäits gefällt mir un der zweeter Foto, daat een zwou Persounen gesäit an doduerch d'Gréisst erkennen kann vum Raum!
Daat dooten war zu Merseburg an Däitschland... do sollt an der DDR en groussen Kulturzenter entstoen an du koum de Mauerfall an de Projet ass an d'Waasser gefall...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 276 Gäscht online