Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Ee Markollef ...

 
Ee Markollef ...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.12.2012
  • Gekuckt:
    35209
  • Favoriten:
    7 (Wen?)
  • Kommentarer:
    37
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    297 KB
  • Originaldatum:
    01.12.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Natur »» Allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69011]
Kommentar vum Fotograf:
mat Noss an der eischter Moiesluucht
BlackLizzard 09.12.2012 - 21:30
Eng schéin Foto. Super erwescht.
Schluck 10.12.2012 - 18:20
Merci gesoot BlackLizzard
Charly_Ente 09.12.2012 - 21:31
Wow, genial dei Foto !
Schluck 10.12.2012 - 18:21
Merci gesoot Mr. Ente
micky-maus 09.12.2012 - 21:42
JENIAL SCHLUCK !!!!
Froen mech wierklech obs Du Dech do agebuddelt hues fier dei dooten doo ze maachen. Fier iwwerhaapt een ze erwechen ass schonn schweier, ann dann esou enger Perspektiv ass schon grousse Kino. surprised
Schluck 10.12.2012 - 18:22
Sott der ët jo gëschter schon um FB .. bigsmile Merci Micky-Maus
Abacab 09.12.2012 - 21:48
Do ass se jo...dee wonnerschéinen Markollef aus déier aussergewéinlecher Perspektiv eraus, besonneg flott duerch di wonnerbar Liichtstemmung. E Bijoux!
Schluck 10.12.2012 - 18:23
Jo, huet lo awer missen sinn closed_eye Hat Chance mat der Moiesluucht .. merci gesoot Marc!
endorphine 09.12.2012 - 21:49
schein smile
Schluck 10.12.2012 - 18:24
Merci endorphine smile
Maimonides 09.12.2012 - 22:06
Well bal mimikry, Schluck,
an d'Liicht ass de Glanz.
An de Schwanz
ass den Ufank
vum Gras.
Schluck 10.12.2012 - 18:24
Jo ee woar gutt getarnt do am Grass an d'Sonn woar just obgangen dofir déi herrlech Luucht
gemu 09.12.2012 - 22:10
Wonnerschéin, et kéint bal e Macro sin closed_eye
Schluck 10.12.2012 - 18:25
Merci Georges ... nët grad ee macro .. woaren awer 10m
gloda 09.12.2012 - 22:18
Immens gutt geroden! Mat de Faarwen an der Luucht wierkt d'Bild immens molerësch. De Bildopbau fannen ech och immens ausgeglach.
Schluck 10.12.2012 - 18:26
Merci gloda, ass baal nët gecroppt mais hun awer obgepasst fir vun ënnechten Eck eng Diagonal dran ze kréien . Freet mech!
Jean-Jos 09.12.2012 - 22:33
De gloda huet dat richtég flott op de Punkt bruecht. Gefällt mir och ganz gutt, Schluck!
Schluck 10.12.2012 - 18:27
Merci Jean-Jos bigsmile
petz65 09.12.2012 - 22:44
Eng super Foto!
Hei stemmt alles, mei bleift do net ze soen smile
Schluck 10.12.2012 - 18:27
Een décken Merci Petz, dat héiert een gaer
Nicon07 09.12.2012 - 23:46
Wow! Wat eng Chance, dee scheine Kadett do esou flott ze erwëschen. Deen huet séch bestëmmt sécher gespuert, sou getrant, wéi en do teschend den doudege Blieder setzt. Do hat ech virgeschter op der Misärsbréck um Natur pur-Pad manner Chance. Mäin ass mir forgeflunn... unhappy
Schluck 10.12.2012 - 18:29
Den ass am Gang d'Nëss obzesammelen déi erofgefall sinn, fir mech natirlech super dass en genau an der Luucht sëtzt .. hunn der och nach um Baam mais déi sinn bei wäitem nët sou flott wéi déi an den Blierder
Jeanny 10.12.2012 - 07:44
e wonnerbart Liicht, wonnerbar festgehalen Schluck
Schluck 10.12.2012 - 18:30
Merci Jeanny, jo .. Morgenstund hat Gold im Mund .. säit ech Fotoën machen sinn souguer ech Morgenmuffel zum Frühaufsteher ginn
Jeanny 10.12.2012 - 19:10
smile et huet en och vill mäi vum Dag als Frühaufsteher
jorsch 10.12.2012 - 14:31
Immens schéin an dem waarme Liicht!
Schluck 10.12.2012 - 18:34
Een décken Merci jorsch!
Scyv76 10.12.2012 - 14:35
Deen hues de gudd erwescht...an deen soutz um Buedem ? Eichter selten den Fall smile Fantastesch Luucht an super Schärft op alle Fall
Schluck 10.12.2012 - 18:35
Merci Steve, jo, dat sinn déi Nëss déi eroffaalen ... wann keng méi do sinn ginn ochj déi angesammelt an ech kréien super Biller
JC1967 10.12.2012 - 16:20
Bei deser kommen ech einfach erem net dolaanscht fir op de Fav. ze drecken. Einfach nemmen schein. smile de Kär am Schniewel ass de Punkt um I.
Schluck 10.12.2012 - 18:36
Ma dat ass jo léif dass de den Knätonguepchen fonnt hues .. Merci gesoot!
hardae 10.12.2012 - 18:35
Schluck, ech ka mech den aneren nëmmen uschléissen. Einfach Top
Schluck 10.12.2012 - 18:36
Merci Hary, dat freet mech smile
Conley 11.12.2012 - 00:30
Wonnerbar..Kadrage..t'schrärft op de Punkt...an eng Immens Stëmmung hues de hei festgehalen Schluck...
mischii 11.12.2012 - 00:48
eng Naturopnaam wéi aus dem Billerbuch,
do gëtt et näischt ze meckeren
Jacques 11.12.2012 - 08:26
Erem eng wonnerbar Foto vun dir!!!
Einfach schein!
BigVood 16.12.2012 - 09:16
Deen hues du einfach am richtege Moment festgehal: wonnerbart douced Liicht, da nach de Kär am Schniewel an de Bléck an deng Richtung.

Ass a richteg schéint Bild!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 410 Gäscht online