Däin éischten Versuch ass dir besser gegléckt ewéi mäin
Ganz flotten Cadrage,d'Blomees huet vill Raum fir ze kucken,
flotten harmoneschen Hannergrond an den Bléck vun der
Mees as super festgehalen.
Kann nëmmen soen:Freeën mech op deng nächst Villecher
Dat wäit awer nach eng kéier den selwechten sinn. An ass mer net esou gutt gelongen awer egal..
Freeën mech iwwert däin Komentar...an Kritiken sinn net verbueden. Merci gesot MR.
Houfreg an en bëssen agebilt...si huet och nach geduecht looss dem do en bëssen méi Zäit well den gëtt nach net esou richteg eens. Merci gesot Jean-Jos.
Gespigelt hat ech se och schonn, huet mir perséinlech net esou gutt gefall. Dat misst en direkt maachen an net réischt no Stonnen laangem drun Kniewelen. Hunn se och nach eng kéier wou se richteg setz. Kontrast dat stemmt och fir mech, kann den awer net op ganz't Bild uwenden soss kennt d'Rauschen am Hannergrond erëm. Bei iso 2000 war dat schonn hefteg. An mam Pinsel wollt ech do lo net hantéieren. Merci fir deng Konstruktiv Kritik freeën mech ëmmer doriwwer Jacques.
Fir den éischten Versuch ass der Foto vun der Blomees gutt gelongen. Flouen Hannergrond, Blomees proper freigstalt an scharf. Wat well en do méi? Gutt geschafft.