Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Chrëschtdagsmenu

 
Chrëschtdagsmenu
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (22.01.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.12.2012
  • Gekuckt:
    34204
  • Favoriten:
    5 (Wen?)
  • Kommentarer:
    28
  • Beliichtungszäit:
    1/1250 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    800 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    527 KB
  • Originaldatum:
    24.12.2012
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender II
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69354]
Kommentar vum Fotograf:
Ee bekannnten Full mat sengem Chreschtdagsmenu geknippst den Mëtteg zu Remerschen wou een schon ee Gefill vun Fréijoer gespuert huet ... souguer d'Haubentaucheren hunn schon geballst
Jean-Jos 24.12.2012 - 22:09
Herrlech, wéi en um Aascht balançéiert, d'Faarwe kommen exzellent eraus mat dem diire Graas am HG. Richtég flott Foto!
Schluck 26.12.2012 - 12:09
Merci Jean-Jos, dat freet mech, leider woar den Moment nët allzevill Luucht mais dofir ass awer och néischt ausgefriess an keng hart Schierter
Conley 24.12.2012 - 22:19
Den Titel passt. Bildopbau Schäerft Faarwen....Eng exzellent Opnahm di der hei gelongen ass Schluck.
Schluck 26.12.2012 - 12:10
Merci Conley, dat freet mech
Charly_Ente 24.12.2012 - 22:30
genial getraff Schluck bigsmile gefällt ma bigsmile
Schluck 26.12.2012 - 12:10
Merci Charly
BigVood 25.12.2012 - 01:20
Schéine Chrëschtdagscadeau fir dech. Ech hat haut manner Gléck a si mat enger eidler Späicherkaart Heem komm.
War wierklech e Fréijorsdag haut a kee Wieder fir e Glühwäin closed_eye ze drénken.
Schluck 26.12.2012 - 12:14
Jo, dat hunn ech och geduercht .. d'Natur huet mer een Eisvillchen mat Fësch geschenkt smile Nee, kaal woar ët nët ... wann ech dat gewosst hät .. Frauschen huet mech an den Mupp aus dem Haus gehéit an vu que dass ët Hëlleg Owend woar hunn ech elo kengem ungeruff
Jacques 25.12.2012 - 06:21
Schéin erwescht Schluck!
Waat mech perseinlech stéiert ass daat vill d'Rauschen an der Foto(ech hätt versicht daat e bessen ze enerdreken am PS). An dem Villchen fehlt et leider e bessen un Schärft. Ass d'Foto stark gecropt?
Mee wéi gesoot, daat ass meng perseinlech Meenungclosed_eye
Den Bildopbau gefällt mer ganz guddsmile
Schluck 26.12.2012 - 12:15
Merci Jacques, woar ee bëssen séier gangen mat der BEA wëll ech dem Besuch héi se gewissen hunn an do hunn ech se och esou online gesaat.
gemu 25.12.2012 - 09:59
Zwee mat engem Schlaag, ouni den *vull häss du den Fësch net kritt smile Top
Schluck 26.12.2012 - 12:18
Jo, ech wollt onbedengt den Fësch do knippsen an do soot ech zum Martin ëe soll mer den dach w.e.g. virun d'Lëns brengen. Merci Georges
Nicon07 25.12.2012 - 11:53
Wat eng schéi Foto! ...

Wann ech nach wéisst, wuer ee séch muss verstoppen a wéi laang ee muss warde, bis datt esou een Äisvull séch weise kënnt...


Mais soulaang s du eis hei mat sou flotte Fotoe beglécks, kann een et verkraften, selwer nach keen Äisvull zu Remersche gesin ze hun... smile
Schluck 26.12.2012 - 12:21
Merci Nico .. héi woar alt ërem Zoufall, woar an der Hütt fir engem Kolleg säin 3x Extender ërem ze ginn .. ech woar schon um Dréih vir fort do koum ëen. Majo, déi naechst Kéier so mer Bescheet wann's de gees ...
Nicon07 26.12.2012 - 14:18
Dat maachen ech! smile Ech brauch een Expert a Léiermeeschter. closed_eye Mais leider kënne mir d'Objeltiver net tauschen, well ech jo ee "Feind" sin. bigsmile
Schluck 26.12.2012 - 14:26
Ajo stëmmt .. du bass jo sou een Überläufer (hat den AF1 gesinn) closed_eye Ass awer nët schlëmm, ech huelen dech awer eng kéier mat bigsmile
Nicon07 26.12.2012 - 17:51
Wisou weess du, datt ech a ménger zarter Jugend mol eng Kéier eng A1 mam legendären 70-210mm Schiebezoom a mam 50mm hat (an iwwregens nach hun)???? closed_eye

Wann ech grad Loscht hun, da geet do alt nach hei ans do ee Film doduerch... smile
Schluck 26.12.2012 - 17:59
Majo ech hat mech lo wéini eng keier duerch deng Gallerie geluust an do woar mer déi Méng éischt grouß Léift


Mäin Papp hat genau déi sëlwescht hat an mat der hunn ech och alt mol Biller als Kand gemach. closed_eye
Nicon07 26.12.2012 - 18:10
Dat war (an ass) ee super Fotoapparat. Am Fong brauch een net méi. Ee Beliichtungsméisser, ob dee Verlooss ass, dat geet duer. Autofocus muss een net hun, außer vläicht fir Vigel am Fluch...

smile

gi87 26.12.2012 - 14:51
Flott den doten, mol eng ganz Nei Perspektive, och flott hiewten sech vun dem beechem Hannergrond of, wat welt en do nach mei !
Schluck 26.12.2012 - 17:40
Merci Gianni, ee bëssen méi Luucht an den Fësch den anneren Wee wier nët schlecht gewiercht ... kann een eben nët ëmmer alles hunn
gi87 26.12.2012 - 17:52
Du seeset smile
TC 26.12.2012 - 18:59
Et ass schons alles geschriwwen gin. Flott dynamesch Opnahm! (Du hues nach op a puer Platzen Iwwereschter, wous de Rauschen net ganz weggemach hues. Gesäit een et um Iphone/Ipad bei Vergréisserung)
Schluck 26.12.2012 - 19:40
Merci Thierry fir den Hinweis, hat dat och schon gesinn dass ech nach ee puer Platzen vergies hat ... huelen mer demnaechst eng keier Zäit dann machen ech dat anstäenneg.


Hunn se mol nach eng kéier komplett néi verschafft ... besser ?
jorsch 26.12.2012 - 19:49
Immens schéin!
( Soss ass alles gesot! )
Schluck 26.12.2012 - 19:58
Merci jorsch!
Schlimpitz 27.12.2012 - 14:45
Schein Foto bigsmile
Schluck 27.12.2012 - 15:05
Merci Schlimpii closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 398 Gäscht online