Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

3...2...1...

 
All Fotoen an dëser Serie:
33526 Thumbnail
33527 Thumbnail
33528 Thumbnail
33529 Thumbnail
33530 Thumbnail
3...2...1...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.01.2013
  • Gekuckt:
    30207
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Originaldatum:
    29.12.2012
  • Fotoapparat:
    Canon 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69569]
Kommentar vum Fotograf:
Wann d'Komoranen sech ëm ee Fësch streiden ass einfach een herrlecht Schauspill ... ech keint héi nach esouvill Biller aus der Scene weisen, dat héi sinn déi bescht Momenter aus denen eichten 30 Sekonnen.

Den Fësch ass zwar nët gesteht mais hun fonnt den Titel géif sou gudd passen, virun allem weinst der Läschter.


3...2...1...meins!


... oder awer nët ?!
gemu 02.01.2013 - 08:37
And the winner is...Super Série Schluck, sin beandrockt, besonnesch flott fannen ech déi 2 Komoranen abseits op der 3. déi dem Schauspiel do ganz geloossen nokucken, och ganz flott op der 5. wou hien den Fësch wéi en Trophée an den Hänn (pardon tëschend den Flillecken) hält. Allerdengs huet d'Trophée e bessi gelidden smile
Grandios !
Schluck 02.01.2013 - 21:02
Keng fireileg Schlëss zéihen Georges closed_eye Merci freet mëch ... Trophée huet schon direkt am Unfank den Kapp eweg gebass kritt.
Abacab 02.01.2013 - 09:23
Wann ech deng Serie esou kucken dann ass et effektiv 5...4...3...2...meins!
Herrlech dynamesch actionvoll Serie!
D'Natur kennt kee Pardon. Do heescht et "Friessen an gefriess ginn"
Schluck 02.01.2013 - 21:03
Jo, genau .. plus déi uewen ob der Tribün déi keng Loscht haaten d'Fliléken nass ze kreien .. dir een décken MERCI dass de mech déi Geschichtchen héi erzielen geloos hues.
Abacab 02.01.2013 - 21:30
Cui honorem, honorem closed_eye
Scyv76 02.01.2013 - 09:35
Flott, déen Fësch geséit wahrscheinlech schon zimlech maltraitéiert auss bis en dann schlussendlech giess ass...do geséit een dann wéi haard et an der Natur ass vir sech ze bahaapten an demno ze iwwerliewen !
Schluck 02.01.2013 - 21:04
Jo, dem Fësch ass ët ob dem Punkt do schon egal vun weem ën gefriess gët ... woar een décken Fehler do laanscht déi Platform ze schwammen
gi87 02.01.2013 - 09:42
Immens Serie, hei gefällt mir 1,4 & 5 am Beschten, do gedet Richteg well zou bei denen smile flott !
Schluck 02.01.2013 - 21:05
Jo, do woar ee bëssen Action ungesoot ... Merci Gianni
NikonD80 02.01.2013 - 10:30
flott Serie
deen eenzegen, deen sech dobäi net sou amuséiert huet, war de Fësch closed_eye
Schluck 02.01.2013 - 21:06
Bei sou Sachen muss jo schliesslech ëmmer een den dommen sinn .. fir den Fësch ass ët am Endeffekt egal vun weem ën gefriess gët
Nicon07 02.01.2013 - 11:03
Wahnsinn!!! Besonnesch Foto Nummer 3 huet mir et ugedoen!
Schluck 02.01.2013 - 21:07
Jo, déi ass och den Glanz ... du mengs du keins dem ganz riets bis erof an d'Panz kucken
OK-Photography 02.01.2013 - 11:15
wow! daat dooten as effektiv eng TOP Serie, alt mol nees ACTION an perfekten Timing, sou wei mer daat vun dir gewinnt sinn! wierklech gudd!!!closed_eye

Merci fir dWönsch!!dir o alles Gudds am Neien!closed_eye
Schluck 02.01.2013 - 21:11
Merci Oli ... muss jo awer och mol heinsdo eng "Normal "weisen kënnen, ët kann een och nët déi ganzen Zéit TOP Biller weisen an ët leet en sech domat selwer Laat ëmmer méi héich. Déi mat vill Action sinn eben méi rar .. an dat ass och gutt esou soss sinn déi och séier langweileg.
jps 02.01.2013 - 11:51
Super Action-Serie Schluck, an erëm de richtege Moment op der richteger Platz smile
Schluck 02.01.2013 - 21:13
Dat sees de gutt, wéi sou oft ... am Fong woar ech schon fort .. an wéi den Marc vum Aisvillchen zereckkoum sinn mer nach eng keier zesummen fir 5 Min. dohinner gangen an do ass déi Serie héi entstannen ... an anch 5 min. woar ët déichter.
BlackLizzard 02.01.2013 - 15:30
Eng schéin Serie. Awer leider net fir de Fësch.
Schluck 02.01.2013 - 21:15
Jo, dat sees de gutt ... den huet awer mengen ech vun Unfank un nët méi vill vun sengem Schicksaal matkritt ... merci gesoot!
Pixelman 02.01.2013 - 17:09
Deng Serie ass net ze toppen. 1,3,4,5 sin meng Favoriten. Do muss jo och zimlech Kaméidi am Waaser gewiescht sin.
Schluck 02.01.2013 - 21:18
Merci René, freet mech ... jo, et huet ob allen Fall schéin geplatscht an gesprutzt bigsmile
Charly_Ente 02.01.2013 - 17:34
Du bass ma vlait een !!! surprised nach nie gesin! An flott Fotoen cool
do kann een io richteg neidech gin >.<
Schluck 02.01.2013 - 21:20
Merci Charly, so du nëmmen näischt ... schon vill méi Raritéiten gesinn an wiers der och sëch méi fannen an ze gesinn kréien.
Charly_Ente 03.01.2013 - 23:08
schaaffen io och gudd dofier bigsmile
an awer... sou saachen hun ech nach nie gesin closed_eye
Jeanny 02.01.2013 - 19:51
jo Fotoen fir ze dreemen Schluck, och eng super Serie
Schluck 02.01.2013 - 21:20
Merci Jeanny, fir mech fir ze dreemen fir den armen Fësch een Alpdraam closed_eye
Jean-Jos 02.01.2013 - 22:34
Esou eppes vu spektakulär.
Très bien, ech wiederhuele mech gären den Owend!
Schluck 03.01.2013 - 10:21
Béi sou flotten Wierder hunn ech näischt dogéint .. Merci Jean-Jos
TC 03.01.2013 - 18:26
Dat war jo erëm een Massaker. Flott Série!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 235 Gäscht online