Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

...meins!

 
All Fotoen an dëser Serie:
33540 Thumbnail
33541 Thumbnail
33544 Thumbnail
33545 Thumbnail
33547 Thumbnail
...meins!
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.01.2013
  • Gekuckt:
    30086
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    33
  • Originaldatum:
    29.12.2012
  • Fotoapparat:
    Canon 1D X
  • Objektiv:
    Canon EF 400mm f/2.8 II & Extender 2x III
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69580]
Kommentar vum Fotograf:
Was vorher geschah ... :D

3...2...1...


Lo hunn mer ën an lo gët den mol fir d'Kamera präsentéiert an dann erofgeschleckt

... oder awer nët ?!
Jeanny 02.01.2013 - 19:43
einfach super Fotoen Schluck
Schluck 02.01.2013 - 20:56
Merci Jeanny, muer dobéi ?
Jeanny 03.01.2013 - 16:42
Jo, ech kommen den Owend.
Nicon07 02.01.2013 - 19:46
Mir feelen d'Wieder bei sou enger brutaler Grausamkeet. Sin sou Fotoen hei iwwerhaapt konform? closed_eye

Dann ass ee Büfteck an d'Paan klaken awer méi ziviliséiert... bigsmile

Schluck 02.01.2013 - 20:57
Hmm, wees ët nët ... bis elo huet jo mol nach keen gemeckert
Nicon07 03.01.2013 - 11:00
Ech mengen och net datt ee meckert... dat war just Gestëtonguepels vu mir. smile

Mais dat hues du jo awer och sou verstan, gedu!?
Schluck 03.01.2013 - 11:43
Jo, ganz kloer .. et huet sech nach keen fir Zensur vum Getreibs ausgeprach just Titten sinn onerwëscht an der huet den Fësch jo keng bigsmile closed_eye

Hat d'Smileyën vergies uewendriwwer wëll ech alles an engem Coup beäntwer hat closed_eye
gi87 02.01.2013 - 19:55
Wow, sen Richteg beandrockt Schluck ! An dann nach dei Bildqualiteit ! Top ! Den 400er ass schon e flott Steck !!!
Schluck 02.01.2013 - 20:58
Merci, jo kann nët kloen ... ausser dass ën ze kuerz ass
gi87 02.01.2013 - 21:10
ma sen ma Amgangen nach emmer Froh ze stellen op den 400 2.8 awa net besser ass als en 500 f4 oder 600 f4 wann Esh Biller vun Dir gesin.. hapsächlech gesin Esh de Problem bei de klengen Vullen, do kann en nie genuch Brennweit hun vir Formatvellend Biller, vlait leit Konst och just dodranner sech mei no un de Vull drunzeschleichen smile
Schluck 02.01.2013 - 21:22
Domat keins de och recht hunn ... am groussen ganzen mëcht dat no drun sinn vill aus ... wéi iwwerall
gi87 02.01.2013 - 21:30
Dat ass och dat wou Esh ma gesot hun wir e 400er mat sengen virdeeler net besser gewiecht als de 500er, bon wous Du e ma enkeia gin has, wor mir halt Gewicht e bessen ze Schweier vir Freihandopnahmen, mee och do ass meng Astellung vileicht falsch an Esh mist mei mam Stativ schaffen, Esh mengen bei den Optiken get en egalwei e Kompromiss an vir en decken Preis smile
Scyv76 02.01.2013 - 19:58
Fantastesch déi Serie, geséit no engem Hiecht aus...deen dooten huet mat déer Moolzecht emool genuch vir eng Zeit smile
Schluck 02.01.2013 - 20:55
Hmm.. mengs de, wees ët awer nët ... pass ob, meng Geschicht héi ass nach nët erriwwer closed_eye
Scyv76 02.01.2013 - 22:35
okay, dann sin ech gespaant...mee et geséit aawer fatzeg no engem (jonken) Hiecht aus smile
Abacab 02.01.2013 - 20:26
Super 2te Serie! Di sinn net nemmen brutal mee och nach egoistesch!
Wann ee bedengt dass déi bal 30 Joer aal kenne ginn.
Schluck 02.01.2013 - 20:58
Fréck serieux ... 30 hat ech elo nët geduercht ... wat mengs de wéi vill Kilo Fësch déi während dem Liewen verdrécken
Abacab 02.01.2013 - 21:20
Oh jo... a wannste bedengs wat mer gierksen wa mer just 1 mini Spränz am Hals hunn closed_eye
Schluck 02.01.2013 - 21:23
Hues de dem seng Strass ob der 3. vun der annerer schon mol gekuckt ... deen geet an engem Stéck eroff bigsmile
Nicon07 03.01.2013 - 11:06
C'est fait pour, géif de Fransous soen. closed_eye

Mais dann hun ech eise System awer nach léiwer. Mir kënne gemittléch knaën, de Goût op der Zong zergoe loossen, ee Pättchen derbei drénke fir deen zarten, an der Pan bei Nidrechtemperatur virverdauten St-Pierre oder Lotte mat engem Roux oder engem Beurre blanc erofzespullen.... an si hei mussen an engem Stéck dee ganze Fësch mat Schuppen, Sprenzen, Geléng a Kaviar (ënner aaneren Ëmstänn) an hir Mo gierkse, wou irgenwellech hart Hëllefsmëttel dat Monster do zersetzen, fir datt d'Energie dervun disponibel gemaach get. Ech wéilt net mat Steng am Bauch dorueter laafe fir ze verdauen. Et geet schon duer wann eng Raclette an eng Bûche de Noel mir schwéier um Mo leien.... bigsmile
Schluck 03.01.2013 - 23:47
Soulang ët just d'Raclette an d'Buche sinn geet ët jo nach ... léiwwer dat wéi eidel ronderem laafen. Den Samsteg aneventuel den Sonnden gëlt d'Invitatioun nees wann d'Wierder ët erlaabt smile
Nicon07 04.01.2013 - 10:37
Et ass notéiert, ech muss kucken, ob ech méch arrangéiert kréien, fir dat aanert, wat méch ze beschäftegen huet, ze delegéieren... smile Ech melde méch nach eemol firdrun via PM
hardae 02.01.2013 - 21:28
Schluck, do hues du zwou schéi Serie erop gelueden. Si gefale mir all gutt. smile. Do waars du de richtege Moment op der richteger Plaz. smile
Déi mir awer am beschte gefält, ass déi éischt aus der Serie 1, do wou de Fësch zwëschen den zwee Komoranen sech nach bewegt.
Schluck 02.01.2013 - 21:32
Merci Harry, dat woar awer hoechstwarscheinlech just nach Nervenzucken ...meng Favs sinn aus der 1, 3 an 5 ... ët ass awer och sou eng flott Geschicht mat flotten Biller dass ech se awer nach wollt wéider zielen an se ass nach nët erriwwer closed_eye
mischii 02.01.2013 - 22:15
wonnerbarbar Naturmomenter, do kann eenn nëmme staunen
Schluck 03.01.2013 - 10:17
Merci Mischi, dat freet mech!
Jean-Jos 02.01.2013 - 22:32
Très bien!
Ech ka nëmme staunen!
Schluck 03.01.2013 - 10:18
Merci Jean-Jos .. déi héi Serie sinn ech och immes frou driwwer an se ass nach ee Krack besser wéi déi anner .. bis den Owend ?
Conley 03.01.2013 - 00:26
Eng Super Dokumentatioun....
Schluck 03.01.2013 - 10:18
Merci Conley !
kokopelli 03.01.2013 - 09:05
Déi éischt hei gesäit aus wéi wann et eng Raat wir wat den an der Schness huet.Du wees jo dass ech keen sou e Fan vun dene Fullefotoen sin mä dat do as schon béis beandrockend,héigen respekt.Top
Schluck 03.01.2013 - 10:19
Dat ass alt esou .. ët kann nët jidderengem alles gefaalen ... ët freet mech dass ech dech mat dësser Serie konnt ee bëssen beandrocken. Merci gesoot!
jorsch 04.01.2013 - 22:40
Aktioun-Kino vom Feinsten!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 265 Gäscht online