Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rohrdommel

 
Rohrdommel
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (15.01.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.01.2013
  • Gekuckt:
    31477
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    46
  • Beliichtungszäit:
    1/1250 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    840 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    599 KB
  • Originaldatum:
    2013:01:14 21:30:51
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 600mm f/4 II & Extender 1.4x III
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck
2. Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=69893]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Rohrdommel déi ech den Moien zu Remerschen bei dem herrlechen Wierder geknippst hunn. Se woar léider nach zimmlech wéit eweg, mais ech sinn frou se iwwerhaapt erwëscht ze hunn wëll normalerweis kënnt se just ganz selten aus dem Schilf. D'Rohrdommel ass just den Wanter iwwer héi.

http://de.wikipedia.org/wiki/Rohrdommel

Nët ze verwiesselen mat der Zwergdommel
déi just am Fréijoer/Summer do ass.
gi87 14.01.2013 - 21:35
Ob dei Foto hun Esh gewaard ! Esh sen Baaf, Esh hun se just 1 mol ganz keurtz gesin, an soss nie mei Erblëckt. Wieklech Excellent, freet mech dasste se krus ! Dat beweist nees dass sachen do sen wouen heinsdo gleewt se wären schon fort !
Schluck 14.01.2013 - 22:23
Ech och .. se ass mer lo zweemol laanscht d'Nues geflunn bigsmile
gi87 14.01.2013 - 22:25
Dei wolt just Provozeieren bigsmile Wor de Weier ganz zou gefrour ?
Schluck 14.01.2013 - 22:28
Dofir woar se jo lo fälleg bigsmile Sou gutt wéi ...
gi87 14.01.2013 - 22:34
bigsmile Du heuse op Eis geleucht bigsmile
Schluck 14.01.2013 - 22:39
Eichter si mech ... si huet mech zum Äisblock gemach
gi87 14.01.2013 - 22:52
gleewen da dat, de meuren woret richteg Eiseg gewiercht, wou Esh dun dat Scheint wieder gesin hun, hun Esh et baal bereit op da Schaff gewiecht ze sin..
Schluck 14.01.2013 - 22:53
Ech hunn mol direkt den Tel an den Grapp geholl an Congé gefroot bigsmile
gi87 14.01.2013 - 22:55
Dat ass Praktech bigsmile sou gud hun mir et leider nit bigsmile dofir därfe mir awa dat scheint Wieder aus da Fenster betreuchten an ons Motiveieren vir ze schaffen bigsmile
Schluck 14.01.2013 - 22:58
Ob mannst sutz de gutt woarm ... am Häisschen woar d'Heizung futti
gi87 14.01.2013 - 23:00
jo doo heuste net onrecht bigsmile
Schluck 14.01.2013 - 23:04
Gesäiss de .. sou huet dat schaffen dach och eppes gudds
gi87 14.01.2013 - 23:05
Am fong mist Esh mengem Patron jo merci soen goen bigsmile
Schluck 14.01.2013 - 23:07
Firwaat ?
gi87 14.01.2013 - 23:08
Dass Esh waarm dobannen därf setzen bei dem Wieder an net an engem Kaalen Haisschen zu Remerschen mat futtiser Heizung smile
Schluck 14.01.2013 - 23:12
Ech woar jo nët alleng .. dan ass dat net sou schlëmm mat der Käält
gi87 14.01.2013 - 23:13
smile
Schluck 14.01.2013 - 23:14
Ech hat méin Mupp dobéi den huet mer d'Féiss gewiermt ... an den Serge an den Patrick .. do hunn mer eis alt woarm gelaacht
gi87 14.01.2013 - 23:18
Jo dat ass dann schon praktech mam Mupp, de Serge an de Patrick hun Esh schon lang net mei gesin, dan haste jo dei 2 richteg do bigsmile
Schluck 14.01.2013 - 23:22
Jo, zwar ... d'naechst Kéier huelen ech nach den Vodka mat .. ob me dann allerdengs d'Dommel nach gesinn ass eng anner Fro
gi87 14.01.2013 - 23:25
Hehe, mam Patrick hat Esh och schon baal engkeier e lachkrampf baal gemach, as e Sympatechen Kärel ! Hehe, net dassda ob all 5 Meter Rohrdommeln obemol gesid bigsmile
Schluck 15.01.2013 - 07:19
Villéich sinn der dann ob emol 4 do ... wen wees firwat ët gutt ass
gi87 15.01.2013 - 23:41
wor dan just eng do oder asset eng Kopel dei sech nieder geloss heut ?
Schluck 16.01.2013 - 08:41
Nee sinn der definitiv zwou .. déi do ass iwwer d'Eis gelaaf an déi anner sutz nach getarnt am Schilf .. hunn och eng Foto mais du gesäiss se bal nët
Charly_Ente 14.01.2013 - 21:39
... unhappy
Schluck 14.01.2013 - 22:22
closed_eye
Jacques 14.01.2013 - 23:54
Schéin Schluck!
Ech hun nach nie esou eng gesin an der Natur.
(Schued dass den Kapp net schoarf ass)
Schluck 15.01.2013 - 07:20
Merci Jacques .. ech och nach nët bis dëst Joer.. (Den ganzen Vull ass scharf .. hunn lo extra um original nogekuckt)
Schluck 15.01.2013 - 09:39
Bizarre, wann ech se lo héi um Buro kucken ginn ech der mol rëm net méis sou onrecht .. froen mech wéi dat méglech ass ... wann ech se um Retina kucken ass se duerchgehend scharf .. en plus ass ët schon baal onméglech dass den Kapp net scharf ass wël dat so sinn ob mannst 100m wann net souguer méi

Subject distance 100 m

Depth of field
Near limit 97.4 m
Far limit 102.7 m
Total 5.26 m

In front of subject 2.56 m (49%)
Behind subject 2.7 m (51%)
Jacques 15.01.2013 - 09:43
Ech hun dir net geschriwen fir dech ze nerven Schluck!closed_eye
Ech gesin op mengem 27" Schierm dass vun der Spetzt bis zum heneschten Deel vum Kapp( do wou daat donkelt erem ufänkt) , d'Bild onscharf ass.
Schluck 15.01.2013 - 10:02
Ech wees dat Jacques .. dat ass och keen Problem au contraire, dat soll jo sou sinn, ët soll een seng Eirelch Mehnung schréiwwen.. ech kann mech just wonneren. Ech hunn mer Am Dezember d'làscht Joer een neien MacBook Pro mat Retina kaaf (217 dpi) an ech hunn wëll Problemer fir meng Biller scharf fir den Web (72 dpi) ze verschaffen. Irgendwéi muss ech déi Saach an den Grëff kréien wëll d'Bild am original ass sëcher scharf
Jacques 15.01.2013 - 10:11
Ech mengen ech wees waat den Probleem ass.
Ech hun dein Bild erofgelueden an et huet 240dpi.
Am original huet et awer 300dpi. Wanns du deng Foto méi kleng mess dann versich fir et bei 300dpi ze lossen.
Ech hun och en MacBook Pro an do gesiet een et net esou gutt, awer op mengem 27" Apple Schierm do geseit een et deitlech.
Jacques 15.01.2013 - 10:21
Nach eng Sach! Speicher deng Biller nie als Weboptimierung oof, do verleiert se un Qualitéit!
Schluck 15.01.2013 - 19:18
Hunn se lo mol ob 1200px eropgelueden .. ech mengen dat do woar einfach ze wéit fir lo eng super Quali erauszezeihen
gi87 15.01.2013 - 23:39
Dei Nei wouste erop geleuden heus ass dach an neut, Lo sen Esh nach mei beegschtert !
Schluck 16.01.2013 - 08:44
Jo, muss mol alles ob 1200px eropsetzen .. ech hunn der nach mais ech wollt lo keng Serie machen wëll ët awer ëmmer rem dat selwescht ass
Jacques 16.01.2013 - 07:55
Geseit schon besser aus Schluck!smile
Schluck 16.01.2013 - 08:46
Jo fannen och, sinn frou dass de mech drop hingewissen hues .. annercht hät ech se lo nët ersaat.
mischii 15.01.2013 - 00:01
ech bewonneren Deng Gedold , a ge néissen Deng schéi Biller
Schluck 15.01.2013 - 07:22
Merci mischii .. ët woar entweder Remerschen oder Büro ... do hunn ech mech schwéieren Herzens fir Remerschen entscheed
Jeanny 15.01.2013 - 06:32
jo, gëschter war en herrlechen Dag, an haut ersaufe mir am Schnei smile
gutt hues de se awer nach erwescht Schluck
Schluck 15.01.2013 - 07:23
Jo, woar richteg gutt an ech woar alt nees den ganzen Dag mam Mupp dobaussen .. ee genoss
JC1967 15.01.2013 - 10:32
Flott erwecht, hei fehlen dem Deierchen awer Schlittschong, oder ass et standhaft um Eis bliwwen? Hei ass dat kaalt gin an d'Gedold awer erem belouhnt gin.
Schluck 15.01.2013 - 20:41
Merci JC, soss woar awer nët vill lass an ech hunn drop gewaart dass se géifen fléihen, mais si hunn sech awer nët méi gewissen
jps 16.01.2013 - 15:17
Hues de se endlech erwëscht smile
Wann dat séch erëmschwätzt dass eng Rohrdommel um Weier ass, da stinn d'Fotografen aus der ganzer Groussregioun erëm Schlaang.
Schluck 21.01.2013 - 16:08
Jo, ech krutt se .. just hunn ech nach dro gewaart fir se am fléien ze erweschen mais de hunn sech allen zwou nët méi gewissen. Also lo weini woar ech Samstes moies do an ech sinn mer virkomm wéi am Fréijoer tongue

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 469 Gäscht online