Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Moraine lake

 
All Fotoen an dëser Serie:
34292 Thumbnail
34293 Thumbnail
34294 Thumbnail
34295 Thumbnail
34296 Thumbnail
Moraine lake
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.02.2013
  • Gekuckt:
    24829
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
    2012:09:19
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Objektiv:
    Canon EF 16-35 mm F2,8 L
Kategorie: Natur »» Landschaften
2. Kategorie: Natur »» WaasserausblĂ©ck
Extras:
Stativ, Fernausléiser

Fir anzesetzen: [pg_img=70354]
Kommentar vum Fotograf:
Dest ass eng serie vum Moraine lake deen an der valley of the ten peaks am Kanada / Banff nationalpark, bundestaat Alberta léit. De Moraine lake ass wuel een vun deenen méescht fotograféiertsten Sujet'en am Kanada, desen Séi léit op 1884 m iwwert dem Mieresspiggel.
Northeric 04.02.2013 - 19:14
Wierklech eng fantastesch Plaz, wou ech do woar woar d'Wierder leider net sou gudd. Dei 2. an dei 4. gefale mer am beschten, bei der 5. kennt dei typesch blo richteg staoark eraus.
Scyv76 04.02.2013 - 19:23
Jo et ass wiirklech super do, hun lo nach eng béi gemaach aplaatz vun déer éichter wou een d'Spiggelung an daat bloot am Wasser nach besser geséit (béi déer Foto woor och manner Loft... Mir haaten wiirklech Chance mam Wieder wéi mir do wooren, déi ganz Woch Rocky Mountains nemmen bloen Himmel...
gemu 04.02.2013 - 19:55
Eng herrlech Série Yves, besonnesch impressionnant fannen ech Biergkullise op der 3. Wonnerbar Faarwen. Top.
Scyv76 04.02.2013 - 22:03
Villmools merci Georges, och vir de Fav, fréet mech dass d'Serie gefällt, et ass wiirklech eng immens flott Kuliss.
apeace 04.02.2013 - 20:26
Wonnerbar Naturopnahmen mag herrlech schéine Faarwen!
Scyv76 04.02.2013 - 22:03
Villmools merci gesoot, jo Natur am Kanada ass wiirklech immens.
BlackLizzard 04.02.2013 - 20:47
Déi drëtt, véiert an déi fënneft sinn super.
Scyv76 04.02.2013 - 22:04
Merci fréet mech, jo bei déenen 3 läschten erkennt een gudd den gréngen Schimmer am Wasser.
mischii 04.02.2013 - 21:36
do ass et schéin, hunn och nach gudd Souveniren,
1an 2 gefaale mer am Beschten, déi aaner sinn e bessen méi Postkaart,
mee ech verstinn, et ass einfach super dat z'erliewen
Scyv76 04.02.2013 - 22:05
Sin och denger Meenung vir mech ass 1 an 2 selwer och besser, 3-5 gin schon baal an daat kitschescht eran...mee wéi's de sess, et ass esou do, an et ass eng fantastesch Kuliss !!
gtaddei1 04.02.2013 - 23:54
Ekzellent , mé 1 an 4 geif ech net austellen an dorausser eng Flott Trilogy maachen
Scyv76 05.02.2013 - 08:16
Merci villmools, jo mengen du hues recht, déi 5 ähnelen sech zevill.
Jacques 05.02.2013 - 04:53
Eng wonnerbar Serie, matt herrlechen Foarwen.
Scyv76 05.02.2013 - 08:16
Merci Jacques, fréet mech dass d'Serie gefällt.
krautheim 05.02.2013 - 15:32
Du hues dech bei der Bearbeschtung perfekt op der Grenz vun deem wat ech als "too much" empfannen (Saturatioun / Localcontrast) bewegt. Ech fannen d´série top zumols déi zwou läscht!
Scyv76 05.02.2013 - 17:07
Merci villmools, jo daat mat der Grenz ass emmer sou eng Saach, ech woor mir do och net ganz secher, hängt och dovunner oof wéini ech d'Foto'en ukucken...eng kéier fannen ech et too much an eng aaner kéier okay. Et ass emmer eng schmuel Graadwanderung smile
Jeanny 06.02.2013 - 07:48
eng herrlech Serie mat wonnerschéine Landschaftsopnamen
Scyv76 06.02.2013 - 08:09
Merci Jeanny, jo den Kanada huet sou Motiver "en masse" smile
Sirius 06.02.2013 - 14:12
Ganz schein Serie.....do kommen guud Arennerungen zreck vun firun 2 Joer smile

Bei denger 2. Foto haaten mer baal dei selwegt Idee smile
Scyv76 06.02.2013 - 17:50
Villmools merci smile Jo et ass wiirklech eng super flott Plaatz. Den Bootssteg ass effektiv en flott Motiv, zumools mat deenen faarwegen Booter !!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 385 Gäscht online