Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Peter

 
Peter
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    10.02.2013
  • Gekuckt:
    28151
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/640 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    840 mm
  • ISO:
    1250
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    638 KB
  • Originaldatum:
    10.02.2013
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 600mm f/4 II & Extender 1.4x III
Kategorie: Natur »» Allgemeng
2. Kategorie: DĂ©ieren »» Zoo / Fräigehege
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=70497]
Kommentar vum Fotograf:
Den Peter, den Alpha vun den kanadeschen Wëllef
gunman 10.02.2013 - 22:23
Et geet einfach neischt iwert en TOP Objektiv. Wonnerbar.
Vielleicht gewannen ech jo emol an der Lotterie...
Schluck 10.02.2013 - 22:44
Ohh .. ech hunn och eng Zäitchen missen spueren fir dat do ..mais am Endeffekt gët ët schlëmmeres fir seng Suen auszeginn.. mir deet ët nët leet wëll d'Quali ass einfach herrlech
micky-maus 10.02.2013 - 22:35
Genau deen Moment wei ech den Peter wollt knipsen huet ett ugefaang ze schneien.
Hues Du Gitteren ewechgeshopt oder kennst Du eng Plaatz wou een besser gesait? Op alle Fall eng Mega Foto.
Schluck 10.02.2013 - 22:47
Déi do ass vun den Mëtteg, wëll gëschter woar beim Peter schon keng Luucht méi .. ech stung als Baam am Gehege closed_eye

Am echt, déi do ass vun der Säit virum Tiermchen .. ech probéieren mech ëmer sou ze stellen dass de den Droht nët gesäiss an besonneg bei hinnen do ass dat immens schwéier
Nicon07 10.02.2013 - 22:40
Sonner Zweifel ass di Foto do super. Dee Bléck! "C'est moi le chef, mais je suis indulgent, à moins que...."

smile

Flott.
Schluck 10.02.2013 - 22:50
Jo, den do ass och absolut "de Wollef" .. seng Ausstrahlung, den starken awer trotzdem woarmen Bléck.. ën ass awer och leider deen, den ëmmer am schweieresten ass ze knippsen wëll ënn ëmmer no laanscht den Droht leeft an ëmmer weineg Luucht an dat Gehege fällt
luxiline 10.02.2013 - 23:17
Super Foto!
Ass dat zu Amnéville am Zoo? ... oder ass dat och geheim? Keng Angscht mat mengem Apparat maachen ech dir bestëmmt keng Konkurrenz closed_eye
Schluck 11.02.2013 - 08:10
Geheim ?? Nee sëcher nët .. dat do ass zu Merzeg am Wollefsspark .. Merci gesoot
luxiline 11.02.2013 - 13:51
ok, dat steet elo op menger Agenda fir an nexter Zäit ... Merci!
Schluck 12.02.2013 - 07:57
Kann ech der nëmmen Empfehlen .. ass ëmmer rëm flott
icylady 11.02.2013 - 14:02
déi ass schéin geroden,
mir waren geschter do, mee hun awer keng wirklech schéin Opnahmen kritt, heen war am gang d'Eis um Wasserbuer matt den vischten Patten futti ze drecken, ass emmer em vir drop gesprong bis et duerchgebrach ass, ganz clever, heen ass wirklech emmer ganz no beim Droot, leider
Schluck 11.02.2013 - 22:17
Ech woar och gëschter do .. déi Biller hunn ginn schoech sou géint 16:00 gemach .. et muss een ob Zack sinn fir ënn ouni Droht ze erwëschen, ech ginn öfters dohinn an sou lues kréien ech ee bëssen Uebung
Conley 11.02.2013 - 22:06
Een Wonnerschéint Déier... an e genoss Detailer ze kucken!!
Schluck 11.02.2013 - 22:17
Merci Conley, jo se sinn esou fascinant Déieren ... et kommen der nach ee puer no
MsJarryman 12.02.2013 - 14:13
E wonnerbare Portrait.
Schluck 15.02.2013 - 11:29
Merci gesoot MsJarryman
hardae 13.02.2013 - 16:15
Ech war elo eng Zäit laang net méi d'Fotoen um Site kucken.
Deng Fotoe vun de Wëllef sinn einfach herrlech, schéi cadréiert, schéi schaarf, et kann een all Hoer eenzel zielen smile, woubäi déi Foto vum Peter mir am beschte gefält. Vun dënnen 4 wannen ech de Peter am schéinsten. closed_eye
Schluck 15.02.2013 - 11:30
Jo den Peter ass och den schéinsten .. Merci Harry, ass ee bëssen Aarbescht fir den Hannergrond proper ze verschaffen

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 400 Gäscht online