Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Wëllef

 
All Fotoen an dëser Serie:
35208 Thumbnail
35209 Thumbnail
Wëllef
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.03.2013
  • Gekuckt:
    18491
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    18
  • Originaldatum:
    05/03/2013
  • Fotoapparat:
    Nikon D4
  • Objektiv:
    Nikon 600mm
Kategorie: Déieren »» Zoo / Fräigehege  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=71324]
Kommentar vum Fotograf:
Hei nach zwee Wëllef vun Merzig aus dem Wollefspark.
All Kritik ass wellkomm!
Ginn se di naechst Woch an den Drock fir an de Büro. Fléit kann ech nach eppes verbesseren?
Drop klicken w.e.g.
icylady 20.03.2013 - 17:32
si gefaalen mir allen 2 gudd,
ma déi 2. am beschten,
schéin wéi d'Belichtung do eng Owens-Stemmung mecht smile
Abacab 20.03.2013 - 17:42
Merci icelady, gutt gesinn!
Dat war Owes ewéi et ugefang huet däischter ze ginn, an d'Sonn huet duerch de Besch erageschéint an dem Wollef d'Schnuff beliicht closed_eye
Zora 20.03.2013 - 17:51
Hat deen eischten dech bedroht, deen geseit rosen aussmile, ech fannen dei zweet och am Beschten!!
Abacab 20.03.2013 - 17:57
Merci Zora, deen eischten geséit ev. aus ewéi wann e géif grommelen, an dann nach dee Blëck dobäi...
gunman 20.03.2013 - 18:05
Ech sinn emmer erem beandrockt vun der Qualitéit vun denen Teleobjektiver !
An awer och vum Photograph ! Mir gefaalen se allen zwou super, mais meng Präferenz leit och bei der zweeter.
Abacab 20.03.2013 - 18:11
Merci gunman fir deng Appréciatioun bigsmile
kruemelatease 20.03.2013 - 18:18
Wow, deen éischten ass zwar fir ze färten !!!

600mm ass zwar schons impressionant awer naischt fir de porte-monnaie fir een Hobby- Fotograf wéi ech smile

Ech fannen se allenzou gutt, woubäi se ganz ennerschedlech Säiten vum Deier weisen. (Dat ass wahrschéinlech grad dat, wat des mini-Serie interessant mecht!) closed_eye
Abacab 20.03.2013 - 18:41
Merci kruemelatease bigsmile
Ech sinn och en Hobby Fotograf... well wann ech meng Suen géif mat de Fotoen verdéngen, da kéint ech mer emol keen 6 mm leeschten bigsmile
kruemelatease 20.03.2013 - 18:54
Hehe, gutt Äntwert smile Mä effektiv, fir dovunner ze liewen, ass net einfach oder wann, da mecht et kee Spaass méi! smile
Abacab 20.03.2013 - 19:00
Genau bigsmile
gi87 20.03.2013 - 19:12
Mengen als Hobbyknippser ass en an desser Welt besser drun als e Profi closed_eye
Conley 20.03.2013 - 21:41
Di sinn der allen zwou Super gelongen !! An der echter hues de him ritz schéin Platz gelooss wat mer ganz gutt gefält...iwwert dem Réck géing ech mol probéier en pur mm méi....wéi se dann ausgesäit....Un't Mauer gehéieren di souwisou an a meng Fav och !!
Abacab 21.03.2013 - 16:00
Merci Conley bigsmile och fir den Fav. bigsmile
Uewen kéint ef. e besschen méi sinn. Kucke mer den RAW nach emol unn.
Jeanny 21.03.2013 - 06:43
maach dat Marc, se sinn wonnerbar
Abacab 21.03.2013 - 16:28
Merci Jeanny bigsmile
gemu 21.03.2013 - 08:13
Fantastesch Opnaamen, trotz dem impressionanten Bléck vum Wollef op der 1. déi mir super gefällt fannen ech déi 2. nach een Tick besser, ass et wéinst dem Cadrage, oder wëll se manner bedrohlech eriwer kënnt, oder wéinst dem flotten Liicht op der 2., ech kann et net soen. Top Marc
Abacab 21.03.2013 - 16:31
Merci villmools fir deng Appréciatioun Georges bigsmile
MsJarryman 22.03.2013 - 12:03
Mëss Du alles am Raw? Se sin allebéid top.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 400 Gäscht online