Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kings Canyon

 
All Fotoen an dëser Serie:
35253 Thumbnail
35254 Thumbnail
Kings Canyon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.03.2013
  • Gekuckt:
    19252
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
Lr4
Ps

Fir anzesetzen: [pg_img=71402]
Kommentar vum Fotograf:
Hei 2 Panoen aus dem Kings Canyon / Outback - Australien.

Wéi eng gefält eech besser ????

Onbedingt drop klicken :-)
micky-maus 25.03.2013 - 01:01
Salut,
fier mech dei 2.smile opallefall weint der scheiner Owes/Mueres-Sonn fier ann am Hannergrond.
Schein Serie opallefall, gefällt 100 pro
kruemelatease 25.03.2013 - 08:35
Et war bei Sonnenënnergang, d'Luucht war effektiv immens an huet konstant geännert !

Merci fir den Kommentar !
Jeanny 25.03.2013 - 06:01
e herrlecht Liicht op deier zweeter Foto
kruemelatease 25.03.2013 - 08:35
Merciiii!!
BlackLizzard 25.03.2013 - 06:41
Mir gefällt déi éischt besser.
kruemelatease 25.03.2013 - 08:37
Flott, dass d'Meenung auserneen ginn, well éierlech gesoot, ech ka mech och net op eng vun deenen zwou festleen !! smile

Merci!
icylady 25.03.2013 - 08:23
mir gefällt déi 2. och besser, wéint dem Liicht, eng wonnerbar Stemmung smile
kruemelatease 25.03.2013 - 08:38
D'Luucht ass do och méi soft a warm, effektiv!

Merci gesoot!
NikonD80 25.03.2013 - 08:36
ass schwéier ze soen,
op den éischten Bléck, di zweet, mä di éischt huet och eppes.......
kruemelatease 25.03.2013 - 09:09
Wéi gesoot, ech di mech och schwéier mat der Entscheedung ...

Merci fir de Kommentar!
Nicon07 25.03.2013 - 09:40
Do ass et nët, fir ee Choix ze maache, wéi eng besser gefällt. Si sin allen zwou super. An do sin d'Liichtverhältnisser sou verschidden, datt een direkte Verglach zwar méigléch, mais eigentléch sënnlos ass. Op alle Fall ass dat méng bescheide Meenung. smile

Di zwou Fotoe sin "in sich stimmig", wéi ee Bayeresche Fernseh-Stärekach an der Zäit Freides owes an der Kachsendung méi dacks gesot huet, wann ee Menu besonnesch gelonge war.
Nummer 1 ass wéi eng Ballade vum Chopin a mineur, an Nummer 2 ass wéi eng Sinfonie vum Mahler a Majeur.
Nummer 1 strahlt eng douce Melancholie aus, well keng Schieder méi ausgeprägt sin, an di allgemeng Stëmmung "ouattéiert" ass. Nummer 2, par konter, kléngt wéi eng strahlend Fanfare am Concert mat buedemfesten déiwe Sträicher (Cello a Kontrabass). Dobei kënnt datt d'Liicht a Liesrichtung ofhëllt vu lénks no rechts an sou de Passage vum Daag an d'Nuecht suggeréiert gëtt..

Bref: Zwee schéi Panoramen, déi jideree fir séch eng eege Welt duerstellen.

MbG Nico
kruemelatease 26.03.2013 - 19:18
Wow, villmols merci fir de Kommentar !!!!! smile
Abacab 25.03.2013 - 12:51
Dito micky-maus!
kruemelatease 26.03.2013 - 19:19
Merci gesoot!
Keup 26.03.2013 - 11:00
Déi 2t gefällt mer vill besser
kruemelatease 26.03.2013 - 19:18
Merci gesoot!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 286 Gäscht online