Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Beiefriesser

 
Beiefriesser
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.05.2013
  • Gekuckt:
    33932
  • Favoriten:
    7 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    1200 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    470 KB
  • Originaldatum:
    2013:05:13 17:01:04
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark IV
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72403]
Kommentar vum Fotograf:
Ee Beiefriesser an der Owesluucht
gi87 13.05.2013 - 18:54
Einfach Herrlech Biller Schluck, schon gespannt wat nach alles kennt !
Schluck 13.05.2013 - 19:00
Ët ass einfach eng herrlech Natur .. Merci Gianni
gi87 13.05.2013 - 19:09
Do heuste Rescht, an awa ass Carmargue an mengen Aaen mei schweier ze fotografeieren ewei elo eng Saffari am Kenia, wouste op 5 m virun de Sujet gefouert gess.., dofir chapeau vir deng Biller hei !
Schluck 13.05.2013 - 22:18
Déi Biller héi sinn all an fréier Natur an ech hunn missen selwer ob d'Sich goen .. ech hunn an denen 14 Deeg ee koup km gemach.
gi87 14.05.2013 - 00:44
Respekt ! Deng Ustrengungen hun sech hi dann objiderfall ausgezoult !
Jeanny 13.05.2013 - 18:55
super, schued dass e keen Honger hatsmile,
Schluck 13.05.2013 - 18:59
Den hat ën Jeanny ... keng Angscht, firwaat mengs de dass den d'Schnëss sou grouss obrappt . Meric Jeanny
Jeanny 13.05.2013 - 19:02
an Beie fléien him elo an de Schniewel eransmile
Schluck 13.05.2013 - 19:04
Deelweis soutzen just roueg um Droht an heinsdo huet dann ee galanten Männchen eppes bruecht
rullj 13.05.2013 - 19:12
Super Foto.
Schluck 13.05.2013 - 21:31
Merci gesoot rullj
Richie 13.05.2013 - 19:21
Grandios. Ass bestëmt e Weibchen.
Schluck 13.05.2013 - 21:32
Dat ass gudd méiglech .. et regt sech bestëmmt ob dass sein Männchen ëm nach keng Libelle/Béi bruecht huet
apeace 13.05.2013 - 20:09
Wonnerbar fräigestallt dee Beiefrësser do!
Waart deen dass ëm eng Bei an de Mond ugeflu kënnt? closed_eye
Schluck 13.05.2013 - 21:33
Merci, sou aenlech ... se sutzen jiddenfalls oft sou do ...
JC1967 13.05.2013 - 21:10
Ech gesinn d'Camarque huet sech renteiert. Virun 4 Meint hun mer nach dovun geschwaat fir de Beienfriesser ze knipsen an elo ass et geschitt. Flott festgehaal.
Schluck 13.05.2013 - 21:36
Et woar einfach herrlech! Ech hat d'Chance dass se do an den Wiessen gebriet hunn .. Den läschten Daag wosst ech vun 5 verschidden Colonien wëll se sinn ëmmer zesummen an fléein nët wéit
Scyv76 13.05.2013 - 21:25
Super hues de deen dooten erwescht, immens....do brauch een e bessi gedold... Hun mech als eicht gefroot op den holzenen Poteau an der Foto géing stéieren mee op de 2ten Bléck fannen ech daat emool net.
Schluck 13.05.2013 - 21:31
Gleew mer ët .. ech mech och .. mais wann ech ën erausstempelen verléiert d'Bild un Gléichgewiecht an riets ënnen ass zevill eidel. D'Alternativ ass dann ee Carré an dat huet mer och nët gefall. Merci gesoot
Conley 13.05.2013 - 22:02
De Cadrage passt fir mech och esou ganz gutt, am Carré ouni dat Holtz géing eppes fehlen...awer Fro hunn ech mer am Ufank och gestallt. Een genoss ze kucken !!
Schluck 13.05.2013 - 22:14
jo gëll, ech hat och ee puer Varianten duerchprobéiert an schlussendlech huet den Poteau ëmmer am beschten dran gepasst ... wahrscheinlech och wëll soss den Droht zevill an der Loft wier obwuel ën och elo néierens fest ass.
Conley 13.05.2013 - 22:44
Deng Varianten kennen ech elo net. Mä de Poteau Längt net of . Fëllt just deen eidelen Raum aus. An well en net schaarf ass. Passt dat fir mech ganz gutt. Dass schéin dass de se esou weis...well ech hunn oft Problemer mat esou Klengegkeeten. An't Fotoen net well weisen...Mëscht Mutt Merci Schluck!!
Schluck 15.05.2013 - 08:33
Mais dofir sinn mer jo héi .. fir esou kleng Problemer ze diskutéieren an anner Mehnungen ze héieren
Nicon07 13.05.2013 - 22:10
A wou fënnt een dann souter? Ech hun nach ni een sou in natura gesin.

Super Foto.
Schluck 13.05.2013 - 22:16
Am gudden woarmen Süden .. déi do sinn aus der Camargue. Et ginn der zwoar och bei Pirmasens an der Géigen mais do sinn se awer eischter rar
Gaga 14.05.2013 - 10:44
Ech wees net waat e Beiefresser as, mais eng deck Schnëss huet en emol !
Flott daat do, och mat deem klengen Stamm deen t'Bild do ennen nach e bessen opfellt. gefällt mier.
Schluck 15.05.2013 - 08:32
Wéi's de gesäis mengen déi och d'gebrodden Dauwwen géifen engem an den Mond geflunn kommen ... Merci Gaga
BigVood 15.05.2013 - 00:22
Deng Reess huet sech gelount, wéi ech lo grad hei gesinn.

Schued fir de Stupp Potto am Bild: ka mir gutt virstellen, datt Pano-Format hei géif gutt passen, an dann nach de Rescht Potto weggestempelt.

Schluck 15.05.2013 - 08:31
Hey .. jo ob allen Fall .. Pano ass effektiv och nach eng Idee .. hunn ech nach nët probéiert
michhil 15.05.2013 - 10:44
super gerooden !!!!!!!!
TC 17.05.2013 - 18:29
Fehlt just nach Béi am Schniewel smile. Top Foto!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 460 Gäscht online