WOW WOW WOOOOW!!!
Ech ginn net séier waarm mat stark verschafftenen Fotoen, an kennen mech schlecht mat Filteren aus (daat wees de) mee bei där haiten sinn ech paff! daat gesait immens aus!!!
Vlaicht sinn et awer och dFaarwen dei ech super uspriechend fannen an den Opbau sou wei d'Arbecht vun den Models dei ech immens gelongen fannen - sinn iwwerzeegt an kliken se mol direkt an dWochenoofstemmung - GOOD JOB!!
An deem do Stil gesäit ee leider vill zevill an der lescht. déi do as mol engkéier ofwierslungsräich, dofir all Respekt!
Ech si mer net ganz eenz mat deem "Fummel" um (Maika?) séngem Kapp, an eventuell säi Gesiit entweder dach e puer Millimeter méi Faarw oder z.b. just e puer Platzen wéi z.b. d'Lësen, oder d'Baken, oder awer och nemmen d'Aan (blo?) oder S/W mee vill méi hell wéi sou hell Aan vu verschiddene Blannen.
Ech zielen der dat net well d'Foto soss näischt wier, mee ech gin der just gäer e puer Impulser fir ze experimentéieren, ouni ze soen dass dat besser wier. Ech menge mäer zwee kënnen eis jo mëttlerweil riit an d'Gesiit späitzen a wësse wat gemengt as!
P.S. Wa ee Blanne wäiss Aan huet as dat well en eng "Länseverdréiwung huet. Dat as wéi wann ee mat Schläifpabeier eise beléiwte 50mm 1.8 zerkratzen. Wann ee Blannen awer eng "normal" Aa'faarw huet as dat well séng Erblannung vum engem Defekt um "Optesche Nerv" kënnt. Dat as wéi wann d'Gekabels an eiser beléiwter Fuji Finepix S5 Pro beschiedegt wier.
Ech hunn effektiv verschidde Versiounen, déi sech graff vunenaner ënnerscheeden .... du wées jo dat ech esou en Aalen Sch/w'ler sinn an dofir och eng sch/w Ëmsetzung hunn déi mer gutt gefëllt.
Deng hell Ae, merci fir d'Iddi an och d'Opklärung, wärt ech awer nach probéieren, ka mer gutt virstellen dat dat richteg gutt eriwwerkënnt.
d'ass ëmmer eng afdg, ech war schonn a Juryen, du wées et, d'ass nach guer net laang hier, ... wonnerschéinen Affeporträt géint e schlechten HDR.
Resultat , mer kennen dach engen Af keng Medaille ginn
Den selwechte Problem wann e Juror en Genre nët gären huet an duerfir keng Punkte gët egal wéi gudd dass d'Bild ass, oder et ass en Lëtzebuerger Af am Jury da kritt d'Lëtzebuerge (Afe)Bom keng Punkten an et ass en Asiateschen Aaf am Jury da krit déi Chinesesch (Afe)Bom keng Punkten
Trauregt Schicksal vun den Councoursfotografen, mee mer setzen eis och nët op den Niveau vun verschiddenen Leit erof dei Biller gezielt fir en bestëmmten Jury machen
En decke Merci un alleguerter déi d'Bild gewielt, an den Olli deen Et an "d'Wasser" geheit huet. HAt net dermadder gerechent dat et esou gutt giff ukommen. Et huet mech awer richteg gefreet !
Gléckwënsch, Ed! Allegorescht Bild mat Déifgang. Dat si Fotoen, déi een am Liewe brauch. Sou wéi ee gudde Patt Wäin, oder ee Muséksstéck, wat een d'Zäit fir e puer Momenter vergiessen deet.