Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

een Iphone fir 3x naischt

 
een Iphone fir 3x naischt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.05.2013
  • Gekuckt:
    15085
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/50 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    135 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    397 KB
  • Originaldatum:
    2013:05:08
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    Canon 18-135mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=72747]
Kommentar vum Fotograf:
ech hun keng Erfahrung matt Street-Fotografie,
wees net ob des Foto sou riwerkent, ech fannen datt awer ganz daitlech riwerkent datt deen schwarz-Händler hei well dem jonken Bouf onbedengt een iphone undréinen, an déi ganz Group méi wéi skeptesch ass, opgeholl op enger Terrassenplaaz zu Budapest wou Messer- an Iphoneverkeefer zuhaaf waren
Maimonides 29.05.2013 - 21:12
Super di do, icylady !
An traurig.
Eng dégoutant Stratégie.
icylady 30.05.2013 - 10:43
merci Maimonides smile
jo et war schons lästeg, an datt se sou jonk Kanner belästegen fannen ech och allerhand
Maimonides 30.05.2013 - 21:13
Genau esou, icylady.
Mir sin eis eens.
suraki 29.05.2013 - 22:36
net méi laang an du kanns der dat hei op den Terrassen ukucken,
oder muss de iwwerhaapt dofir esouwäit fueren ?
egal, et geet em d'Foto an déi fannen ech gelongen an interessant smile
gogo 29.05.2013 - 23:00
war schon bei ons an den Nochichten, ass also och schon bei ons (leider) de Fall, dass de fake iphonen & co kriss, an wi ëmmer gesäit een nëmmen d'Spëtzt vum EIsbierg.

Zu der Foto: Super festgehaalen, mier gefaellt dass di Szene quasi op enger Ebene (2D) festgehaalen ass, gesäit trotz ville Läit ganz geuerdnet aus (wanns de verstees waat ech mengen)

Super sin, di skeptesch Bléck deis de festgehaalen hues.
icylady 30.05.2013 - 10:44
merci gogo smile
jo wann een sou do setzt an beobachtet, erget sech daat,
er waren och déi skeptesch Blëcker déi mech fotograféieren gedoen hun
icylady 30.05.2013 - 10:47
merci suraki smile
war eppes vun denen Saachen op deem Trip waat ech hei nach net sou erliewt hun. freetmech datt's de se gelongen fëns
Jeanny 30.05.2013 - 06:36
wei endegt dat emol unhappy
icylady 30.05.2013 - 10:47
jo Jeanny, déi Fro kann een sech stellen, get emmer méi dovun
Jacques 30.05.2013 - 09:14
Eng flott Foto icylady.
Mär perséinlech gefällt déi verschiden Gesichstaudrëcksmile
icylady 30.05.2013 - 10:49
merci Jacques smile
ech hun och font déi Gesichter drecken vill aus
Ted_Lapidus 30.05.2013 - 13:14
wann ech eng foto kucken, och meng Eegen, dann stellen ech mer emmer d'fro, waat soll dei Foto aussoen? weieng emotioun leist dei Foto beim betruechter aus? natiirlech emmer ouni dass ech deen Text gelies oder geschriwen hun...ech perseinlech fannen net dass dei foto eppes groussarteges ausseet oder eng emotioun ausléist. Se ass weder witzeg, nach ass se negatif belaascht! ett kinnt genau esou gudd den Papp sin deen eppes kaaf huet an sengem Jong ett weist...
ech maachen op mengen Touren durch d'Stadt och esou fotoen , mee dei verschwannen ganz schnell ganz hannen am Aperture!
als dokumentatioun, mat dengem Text fannen ech se ok, awer als street, absolut nee...
icylady 31.05.2013 - 08:46
dofir hun ech jo geschriwen wees net ob se sou riwerkent, eng Parti Leit hun se verstaan, aanerer dann net. Ech kann daat novollzéihen, well bei enger Parti Street ech hei och net gesinn hun waat denjeenegen wollt domatt soen. Sou eng Szenenopnahmen können wahrscheinlech emmer op vill Manéieren interprètéeirt ginn, well se net ëmmer engem Betruechter genau daat sou kloer riwerbrengen wéi dem deen se gemacht huet. Ech hun awer verstaan waats de mengs smile
Ted_Lapidus 31.05.2013 - 09:53
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 233 Gäscht online