den ritzen Päiperlek huet ëmmer mat de Fühleren (ech huelen mol un d'Weibchen)ze beréiert. Leider war ze vill Loft fir di Momenter Festgehalen.
Drop klicken w.e.g.
Däin Komentar freet mech, an dass de dat esou gesäis. Den Moment war ganz flott ze erliewen. Zwar klengen Kino an trotzdem schéin Gefiller. Merci gesot mischii.
Dat Freet mech Jacques Awer leider konnt ech dat flott Gespills do mat de Fühleren op där Madame do net festhalen, wär bestëmmt eng flott Serie ginn. Merci gesot!!
Mir gefält dës Koppel ganz gutt, besonnesch well di zwee ganz ënnerschiddlech beliicht sinn. Dat bréngt Spannung an d'Bild, wat bei Macro-Opnahmen jo oft schwiereg ass!
Cadrage a Schäerft och prima! E super Bild!
Een flotten Moment hues de do erwëscht, Schärft an Beliichtung sinn super, besonnech wëll een den Schiert vum Kierper bei dem ënneschten duerch d'Flillécken gesäit. Menger Mehnung no wier däin Bild nach een Tick besser wann's de géifs riets nach géifs ee Stéck croppen, an zwar genau an der Linn vun Enn vun dem Ënnechten Wutz Blaat (zb. an der Héicht vum ':' vun 2013:06:02 17:35:33).
Dann ass déin Bill méi Ausgeglach, den Sujet gët nach méi betount an den Bléck wandert nët an dat eidelt grengt. De plus hues duerch déi Wutzen déischter greng Blieder eng natiirlech Vignette wat dann nachemol dem Betrachter säin Bléck um Sujet hält.
Du verléiers zwar den Ascht den an den Eck leeft mais dofir kriss de ob der annerer Säit eng flott Diagonal.
Merci fir däi Kommentar an di vill méi déi's de der mat der Foto gemaach hues Schluck. Awer datt do verstinn ech leider nach net. (zb. an der Héicht vum ':' vun 2013:06:02 17:35:33).
Ech hunn einfach mol probéiert esou ze croppen dass di dräi méi donkel Blaatdeeler den Ofschloss maachen. Wéi's de ënnen beschriwwen hues. An dat hellt ënnen mat ewech. Datt gesäit elo op den éischten Bléck natierlech ongewinnt aus. Kucken mir dat awer nach een pur mol un.
Merci Schluck!!