Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

passt sech un

 
All Fotoen an dëser Serie:
36951 Thumbnail
36952 Thumbnail
36953 Thumbnail
passt sech un
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.06.2013
  • Gekuckt:
    17705
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    2013-06-27
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 550D
  • Objektiv:
    Canon Makro 100mm
Kategorie: Natur »» Blummen
2. Kategorie: Natur »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=73327]
Kommentar vum Fotograf:
hei huet mir gudd gefall wéi sech déi nach zou'en Bléi dem rouden Brëckengelänner an den Brennesselen hannendrun farwlech ugepasst huet
déi 1 ass original déi 2 anner bëssen verschafft
wéi eng gefällt am beschten
gemu 27.06.2013 - 16:20
Fannen déi 1. déi ass gud wéi se ass, menger Meenung ass keng Bea néideg, brengt a mengen Aaen net méi. Ass awer a.d.g. Schéine Makro
icylady 28.06.2013 - 12:24
merci gemu fir deng Meenung smile
Paul-H 27.06.2013 - 19:49
Gin dem gemu Recht, déi éischt gefällt mer och am Beschten. Hei ass wirklech keng BEA néideg. Super Foto !
icylady 28.06.2013 - 12:24
Dir Paul och merci smile
Jacques 28.06.2013 - 10:50
Nummer 1 gefällt mer och am beschtensmile
icylady 28.06.2013 - 12:24
merci Jacques smile
Schluck 28.06.2013 - 11:32
Ech fannen déi 2 am beschten wëll d'Foarwen méi peppeg an d'Kontraster besser sinn. D'Orginal ass ee bëssen flach an déi läscht zevill blatzeg. Ob allen dräi hät ech den ungeschniddenen Wutz lenks eweg gemach wëll denvum Sujet offlenkt.
icylady 28.06.2013 - 12:33
jo, daat war och main Androck, den Original gefällt mir och gudd, mee déi 2. fannen ech duerch daat méi un Farw an Kontrast een Tick besser smile
deen Wutz hätt ech eigentlech missen bei der Opnahm schons gesinn,
Conley 28.06.2013 - 23:50
Di eicht fir mech ... Faarwen Kombinatioun vun der Knosp di sech am Hannergrond Spigelt ass der Wonnerbare gelongen. Wat ze vill um Bild ass sot de Schluck jo schonn. En Konstruktiv Kritik erlaben ech mir einfach emol. Eng Explizit Schäerft kann ech elo leider hei net gesinn. Ech ginn mol einfach dovunner aus dass de Silhouette mat deenen douce weisen Hoer vun der Knosp wollts betounen, wat der dann awer leider net gelongen ass. Do ginn et vill Ursaachen di ech ouni Exifen net beuertelen kann. An och Loft spillt eng grouss Roll. Wann's de lo net rosen mat mir bass kennen mir gären nach eng kéier doriwwer Diskutéieren icylady!!
icylady 29.06.2013 - 08:20
firwat soll ech rosen sinn smile du hues vill méi Erfahrung wéi ech
jo et war Loft, mee vu datt d'Knosp selwer sou rauh filzeg war wollt ech daat net duerch Schärft iwerbetounen, mee deen difusen Look fir sech wirken loossen, ass mir villeicht net richteg gelongen. Ech hätt awer können déi weiss Hoer ronderem betounen, mee dann wuel éischter an der Nobearbechtung oder?
Soen dir merci fir deng Kritik, hun keen Tunnelblëck an well eemol richteg gudd Fotoen maan hoffentlech smile
Conley 29.06.2013 - 09:45
Erfarung hunn ech och nach net vill, do hapert et nach un allen Ecken...an Enner!!
Nobearbechtung....fir wat, wann's de mam Makro eng kleng Blend astells an du gees no genuch bei däin Motiv ass Déiftenschäerft minimal. D'Resultat awer Optimal an dësem Fall. Schäerft just op di douce wäiss Hoer astellen da behäls de deen difusen Look vun der Knosp mat scharfen Hoer.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 493 Gäscht online