Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sonnenopgang

 
Sonnenopgang
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (07.08.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.08.2013
  • Gekuckt:
    48410
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    69
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1100x778
  • Späicherplaz:
    441 KB
  • Originaldatum:
    2013:08:05 08:57:35
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D Mark III
  • Programm:
    Program
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng  
Extras:
Merci dem Jean-Paul

Fir anzesetzen: [pg_img=74014]
Kommentar vum Fotograf:
gëschter moie
Locke 05.08.2013 - 09:02
Jojo dei as béis
hardae 05.08.2013 - 12:12
Sorry ech hunn dat net verstan: "Jojo dei as béis" closed_eye
Locke 05.08.2013 - 12:15
Jojo dei as flott dann eben closed_eye
hardae 05.08.2013 - 12:33
Ups, dat ass den Alter bigsmile
Merci awer smile
Paul-H 05.08.2013 - 09:23
Lo kann een driwer diskutéieren op een hätt sollen d'Antennen am Hannergrond wech stempelen oder net, si sen nun emol do...., mee ouni si wir d'Foto secher nach méi flott wéi se schon ass.
Ech hätt se allerdings uewen (vläit souguer och ennen) e bessen gecropt, mee wéi emmer ass daat natirlech a.d.g.
gemu 05.08.2013 - 10:25
Iwert e Baukran kann een diskutéieren wëll deen nëmmen provisoresch ass an net op der Foto ass wann déi e puer Wochen oder Méint méi fréi oder méi spéit gemach gin wir. D'Antennen awer gehéieren nun mol définitiv, op se gefalen oder net, zum Landschaftsbild an soll een menger Meenung no net ewegstëmpelen. Hei stéiren se mech och guer net , au contraire, fannen di 3 vertikal Linnen eng interessant a wëllkom Oofwiesslung zum a sech dach monotonen Horizont smile
hardae 05.08.2013 - 12:20
Merci Paul-H. Deng Iwwerleeunge si mir och duerch de Kap gaang. Bei den Antennen hunn ech dunn awer och esou geduecht wei de Georges. Jo, den Horizont kënnt een e bësse crope. closed_eye
Paul-H 05.08.2013 - 13:04
Wéi gesoot, ass diskutabel, mee dem Georges seng vue liicht mer zwar och lo an.
gemu 05.08.2013 - 10:03
Wouw, excellent di doten, do wor awer erëm nees een ganz fréi opgestaanen a senger Fra frësch waarm Bréidercher sichen closed_eye
hardae 05.08.2013 - 12:24
Merci Georges, si froe wann se dir gefält.
Nee nee, war keng frësch Bréidercher kafen. bigsmile Meng Fra ass schafe gaang an ech si Fotoe maache gaang bigsmile
gemu 05.08.2013 - 14:53
Majo et muss jo schliesslech een kucken dat Fotoen an d'Haus kommen closed_eye
hardae 05.08.2013 - 19:44
bigsmile
Schluck 05.08.2013 - 10:12
Herrlech déi do Harry, gefällt mir och ganz gutt
hardae 05.08.2013 - 12:25
Merci Schluck, freet mech wann se dir gefält.
MR 05.08.2013 - 12:20
Eng extra schéin Opnahm Harrysmile
hardae 05.08.2013 - 12:25
Merci Martine
MR 12.08.2013 - 08:47
Gratulatioun Harry smile
hardae 12.08.2013 - 16:52
Villmools Merci Martine
JC1967 05.08.2013 - 14:45
Gud geknipst Harry. Flott Stemmung am Bild. Gefällt smile
hardae 05.08.2013 - 19:39
Merci Jean-Claude, dat war jo bal fir un denger Dier. closed_eye
JC1967 12.08.2013 - 09:05
Congrats fir d'Wochenfoto Harry. Geseis de, et louhnt sech emmer bei mech an d'Geigend knipsen ze kommen. closed_eye
hardae 12.08.2013 - 16:43
Villmools Merci Jean-Claude, jo, du wunns jo an enger schéiner Géigend. Pur Natur closed_eye
kokopelli 05.08.2013 - 15:25
Ganz schéin di dosmile
hardae 05.08.2013 - 19:42
2x villmools Merci, dat freet mech. smile
bac 05.08.2013 - 17:45
Wonnerschéin déi do.
hardae 05.08.2013 - 19:57
Merci bac. smile
jps 05.08.2013 - 18:10
Do wars de awer erëm ganz fréi ënnerwee.
Eng flott Stëmmung, just den Halo rieds a lenks lanscht d'd'Dännen irritéiert mech e bessen, wéi wann den Niwel géng lanscht d'Beem eropgoën.
hardae 05.08.2013 - 20:10
Merci Jean-Paul, jo do war ech fréi ënnerwee. smile
Scyv76 05.08.2013 - 19:20
Eng super Stemmung an der Foto...Morgenstund hat Gold im Mund smile
hardae 05.08.2013 - 20:02
Merci Yves, jo heinsdo rentéiert et sech frei op ze stoen. closed_eye
Remes 05.08.2013 - 20:03
Eng flott Stemmung.
hardae 05.08.2013 - 20:13
Merci Remes, jo wann et zu Rëmerschen ze roueg geet, muss een den Terrain wiesselen bigsmile
Jeanny 05.08.2013 - 20:21
eng herrlech Stemmung.
hardae 05.08.2013 - 20:26
Merci Jeanny.
BigVood 05.08.2013 - 21:07
Déi Liichtstëmmung gefält mir richteg gutt, géif awer e Stéck vum Himmel op der Säit loossen, och wann de Bam lénks dann ugeschnidden ass.
hardae 06.08.2013 - 15:18
Merci Laurent.
Ech probéieren se emol nei ze verschaffen.
jorsch 05.08.2013 - 21:45
Eng ganz schéi Stëmmung op dengem Bild, schonn e bëssen hierschteg mam Niwwel.
D'Foto ass liicht ënnerbeliicht, mä genau dat ass hei immens flott, well sou ass et moies fréi!
hardae 06.08.2013 - 15:21
Merci jorsch,
Jo den Hierscht steet fir un der Dier. Wann se d'Schëlder vun der Fouer schoun opriichten, dann ass et net méi weit. smile
Jean-Jos 05.08.2013 - 22:12
Flott enkadréiert mat de Beem an herrlech Luucht-Stëmmung; mech stéiert awer dee mëttege Schnëtt eng Grimmel.
hardae 06.08.2013 - 15:23
Merci Jean-Paul, ech probéieren se emol nei ze verschaffen.

Jean-Jos 12.08.2013 - 18:54
Si gefällt mir vum Schnëtt hiir elo gutt! An d'Stëmmung/Luucht mécht e ganzt gutt Bild draus. Félicitatiounen, Harry.
hardae 13.08.2013 - 19:32
Merci Jean-Paul
mischii 05.08.2013 - 23:59
eng herrlech Stëmmung Harry,
ech muss dem Jean-Paul awer zoustëmmen mam Halo rondëm d'Beem
hardae 06.08.2013 - 15:25
Merci Michèle.
Den Halo ass esou eng Saach, probéieren den emol ewech ze maachen.
TC 06.08.2013 - 07:21
Super angefangen den Sonnenopgang mat dem Niewel!
hardae 06.08.2013 - 15:26
Merci Thiery.
Abacab 06.08.2013 - 13:35
De Blëck féiert schéin iwwer Dall a Bierg an Déift.
Gefàlt mer gutt mat deene verschiddene Linnen an déier flotter Stëmmung.
hardae 06.08.2013 - 15:27
Villmools Merci Marc.
Paul-H 12.08.2013 - 00:02
Gratuléieren zur Wochenfoto, wuel verdingt !
hardae 12.08.2013 - 16:38
Villmools Merci Paul-H
Jeanny 12.08.2013 - 06:20
Ech gratuleieren Dir Harry, fréee mech mat dirsmile
hardae 12.08.2013 - 16:38
Villmools Merci Jeanny
obskur 12.08.2013 - 08:02
Gratuléieren.smile
hardae 12.08.2013 - 16:39
Villmools Merci obskur
gemu 12.08.2013 - 08:34
Elo hues du dir deng Bréidercher verdingt an deng Fra däerf net ophalen mat schaffen closed_eye Gratulatioun fir d'Wochenfoto Harry
hardae 12.08.2013 - 16:47
Georges, hat geet och nach gär schaffen smile a villmools Merci.
Schluck 12.08.2013 - 10:00
Congrats .. dat freet mech Harry!
hardae 12.08.2013 - 16:50
Hat dat nach net direkt mat kritt. Hunn de Mëtteg de Jean-Claude gesinn an hien huet et mir gesot. Merci Schluck
Schluck 12.08.2013 - 17:08
Ass jo nët sou schlëmm .. d'Erd huet jo mol weidergedréint bigsmile
hardae 12.08.2013 - 17:22
bigsmile
Jacques 12.08.2013 - 11:24
Gratulatioun!!smile
hardae 12.08.2013 - 16:50
Merci Jacques
Miau 12.08.2013 - 12:12
Bravo...
hardae 12.08.2013 - 16:51
Merci Willy
nadjunck 13.08.2013 - 11:39
Wow !! Wonnerschéin !! smile
hardae 13.08.2013 - 19:27
Merci Nadine smile
suraki 13.08.2013 - 18:09
gratuléieren Harry, e Bild mat enger flotter Stëmmung a Schnëtt smile
hardae 13.08.2013 - 19:31
Merci Ed, freet mech wann's dir gefält. smile
janosz 05.12.2013 - 16:20
very nice

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 430 Gäscht online