Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Köln

 
All Fotoen an dëser Serie:
38349 Thumbnail
38350 Thumbnail
38351 Thumbnail
38352 Thumbnail
Köln
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.09.2013
  • Gekuckt:
    36156
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Originaldatum:
    05.09.2013
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Mark II
  • Objektiv:
    Canon EF24-70mm f/2.8L
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=74812]
Kommentar vum Fotograf:
Ech haat d'läscht Woch e klengen Ausfluch op Köln gemaach

1. eng Vue vun der Aalstadt vum KölnTrianglePanorama erof
2. Hohenzollernbrücke mam Dom am Hannergrond
3. Deutzer Brücke mat am Hannergrond d'Severinsbrücke
4. Musical Dome

gogo 09.09.2013 - 23:36
Laurent,

eng ganz flott Serie déis de hei rop gelueden hues.
All eenzel flott komposéiert, di éischt natierlech mam fuerfverlaaf am Himmel an der skyline stecht do gudd eraus.

Eng Serie déi mer gefaellt.
kola 11.09.2013 - 07:46
Merci Christian, freet mech wann se gefällt smile
crici 10.09.2013 - 11:25
Immens flottt Serie smile
Besonneg dei 1. an dei 2. gefaalen immens immens gudd smile
kola 11.09.2013 - 07:47
Merci Chris smile
GiPPic 10.09.2013 - 12:44
Eng schéi Serie, Laurent. Mir gefällt d'Luucht- a Faarwespill bei dene véier Fotoen ganz gutt. Beim Bildopbau gefalen mir déi 1. an déi 3. am beschten. Ech fannen bei däer 2. Foto stéiert d'Gelänner e bësschen.
kola 11.09.2013 - 07:53
Merci Guy smile
Jo daat mat dem Gelänner do daat war esou eng Saach. De Wee ënnen laanscht de Rhein war wéinst engem Chantier ofgespaart esou dass ech leider nët méi no bei d'Waasser beikomm sinn. Ech haat schon probéierert se ze cropen mee dann verschwënnt en Deel vun der Faarwspiggelung am Waasser.
gemu 10.09.2013 - 22:41
Immens flott Série, besonnesch grandios fannen ech di 1. nach ni aus der Perspektiv gesinn
kola 11.09.2013 - 07:54
Merci Georges, freet mech wann se dir gefällt smile
Schluck 11.09.2013 - 11:30
Ganz flott Serie, virun allem déi zwou eischt. Bei der 2. huet mer den Panokadrage um FB besser gefall wéi an original gréisst.
kola 11.09.2013 - 22:11
Merci Jean-Luc
Du hues Recht mam Pano, da sinn ech och daat Gelänner do lass smile
gtaddei1 11.09.2013 - 14:36
Super
kola 11.09.2013 - 22:09
Merci Gennaro, freed mech wann se gefällt smile
gtaddei1 11.09.2013 - 22:52
Ben netvschweier engem
Daat gefaalen ze doen
Paul-H 11.09.2013 - 19:10
Eng zweifelos schéin Serie (vun enger schéiner Staadt iwregens). Waat mech lo hei e bessen wonnert dass nach keen eppes driwer gesoot huet dass op der zweeter (déi farwlech secher déi upriechensden ass) den Dom schief steet, daat wir dach secher ze an der Bea maachen gewiescht, nee?
Kuck mol hei:
Colonian Lights

Do steet en (ok, baal) riicht....
kola 11.09.2013 - 22:06
Effektiv e bessen schief, ech kucken daat emol no
Merci Paul
ToPo 11.09.2013 - 22:04
Super Fotoen Laurent! smile
kola 11.09.2013 - 22:05
Merci Tom smile
BlackLizzard 14.09.2013 - 21:47
Ganz flott Serie.
Clod 29.09.2013 - 10:25
Ganz flott serie Kola. Hun och e bessi galerie gekukt,ganz flott saachen dobei.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 332 Gäscht online