Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Burj Khalifa: Vertikalpano

 
Burj Khalifa: Vertikalpano
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (10.10.2013). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.10.2013
  • Gekuckt:
    25782
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    400x2000
  • Späicherplaz:
    426 KB
  • Originaldatum:
    2013:10:09 13:28:47
  • Fotoapparat:
    NIKON D5000
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Allgemeng »» Panorama
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=75267]
Kommentar vum Fotograf:
E Vertikalpanorama aus 8 fräihand Opnahmen.

En as bessi verzerrt an der Breed, daat läit dodrun, dass beim Resize d`optimal Breed (mat bäibehaalenen Proportiounen) just op 386Pixel gewiecht wier an ech se dofir hei misst op 400Pixel verzerren, vue dass de Site jo keng Photo enner 400 zouléisst (obwuel 14 Pixel lo och net wierklech d`Welt sin...)

/edit: lo as eng Rummm rondrem ;-)

D`Spetzt as bessi onscharf, mee daat läit drun, dass se dann awer schon iwert 1km vum Ausgangspunkt vun der Foto fort as, an et liicht niweleg war. (bedingt duerch enorm Hetzt gekoppelt mat héiger Loftfiichtegkeet)

Hoffen et gefällt.

ps: Klick mech
pps: eng Keier am S/W Burj Khalifa am S/W
Nicon07 09.10.2013 - 21:19
Lo ass di Foto hei scho bal 9 Stonnen online, an nach keen huet eppes derzou ze soe gehat. Dobei ass dest eng außergewéinléch Foto, well wou gesäit ee schon nach eng Foto vun engem vun deenen héichste Gebaier vun der Welt sou am ganzen. Ech muss soen, op den éischte Bléck ass mir kee Stitchfeeler an d'Aa gesprongen, an dat ass jo schon eng Leeschtung. Besonnesch wous du jo kee Stativ an deemno och kee Panoramakapp has. Fir datt dann esou präzis hinzekréien, datt et beim Stitchen hanneno openee passt, ass schon eng Konscht. Ech kéint mir dee Pano do ganz gudd op Rullepabeier ausgedréckt virstellen fir op eng Diir oder op eng héich Mauer an engem modernen Haus virstellen.

Flott.
Locke 09.10.2013 - 22:04
Ma merci gesoot smile
JADE 09.10.2013 - 22:20
voir au-dessus smile
Metalbambi 10.10.2013 - 10:51
Also déi Geschicht mam Stitchen ass hautesdags keng Konscht méi, souguer den Ps kann aus zimlechem Chaos en perfekten Pano maachen. Virun allem wann, wéi hei, kloer Linnen dran sinn.

Zur Foto: Kann interessant sinn, mee ass am Moment nach ze flaach. Ass Gro virun Gro. Probéier mol wat d'Jade gesot huet an dann setz nach en gutt Stéck méi Kontrast dran. Dann kriss de eng bedeitend méi surreal Stëmmung an Opmierksamkeet.
Locke 10.10.2013 - 16:02
Bon also Himmel gro, Gebai gro, gett also Gro virun Gro :-P an hu scho gudd drun geschafft, well meeschtens dass et awer nach hallefwegs natierlech as.
Hun awer lo mol nach eng S/W Variant gemeet
Zora 09.10.2013 - 22:27
Einfach nemmen wow!!
Locke 10.10.2013 - 07:09
Merci, och fir de Fav smile
JADE 09.10.2013 - 22:27
Ech kann dem Nicon07 nëmmen zoustëmmen.
Ech hun se gesin kuerz nodeems se online war an ech duecht och direkt: oooooooh ... tiptop daat dooten!

ët kann an soll een villäicht op Perfektionismus haalen, ok, ech sin och heiansdo op deem Trip ... mee éierlech ... des fois on s'en fout un petit peu tout de même, non?
déi dooten ass ganz an der Reih esou, wierklech
ët fällt mir nët esou op dass se verzerrt ass, bestëmmt och well ech näischt dovunner verstin, mee ët ass bestëmmt och nët esou schlëmm, soss géing ët nawell zimmlech gutt opfaalen, nee?
an wann ech richteg verstaanen hun, waren d'Konditiounen och net all do fir een " perfekten" Panneau

an, esou "onperfekt" Biller kënnen der méi hei gepost gin smile

edit:
géing se, am S/W an ouni Kran drop, och bei mir ophänken ... mee ech hun keng héich Maueren an keen schéint an modernt Haus unhappy
Locke 10.10.2013 - 07:12
Jo de Kran huet mech och scho gestéiert, hun en awer si gelooss, well et dohannen eben zum Stadtbild geheiert closed_eye Conditiounen haat ech bei verschiddenen Photoen vun dohannen schon erklärt, ech soe just "48° feels like 65°" an Objektiver dei vu bannen ulaafen weinst der Loftfiichtegkeet.
S/W probeieren ech mol eng Keier,haalen dech dann um Laafenden. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 494 Gäscht online