Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kruckerten

 
Kruckerten
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.02.2014
  • Gekuckt:
    46632
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/800 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    840 mm
  • ISO:
    320
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1200x800
  • Späicherplaz:
    674 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng
2. Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76876]
Kommentar vum Fotograf:
Eeng Famill Kruckerten um Lac du Der
micky-maus 13.02.2014 - 02:29
Ansech gesinn ech dei joo just ann da Luucht...

Interessant se och am Waasser ze gesinn, awer hei steiert mech leider den HG deen zefill präsent ass... Um Lac du Der sinn joo anscheinend dausenden däer Kruckerten doo, Virwaat weist Du eis dann grad des hei ??
(Meckeren op heigem Niveau, awer Du wells ett joo esou.... tongue)
Schluck 13.02.2014 - 12:40
Den d'Challenge fir se um Buedem sou no ze gesinn ass nët ze Ënnerschätzen, wëll soubaal si ee Mensch gesinn ob eng Distance vun 200m! fléien se fort an weisen keen natiirlecht verhaalen méi. Och wann der do dausenden sinn hescht dat nët dass de dofir méi no drun kënns wëll déi setzen just ob den Inselen an dat just bis Sonnenobgang do wëll den Daag iwwer fléien se fort an kommen erreisch bei Sonnenënnergang zereck.

Dat do ass wat een nennt een "Naturdokument".. am Sënn vum Fritz Pölking senger Definition.

http://www.poelking.com/wbuch/freude/index_d.htm

Och ob Concoursën ass d'Naturfotographie streng regelementéiert:



FIAP Nature Photography definition
(FIAP INFO 2001/341 E)


Nature photography depicts living, untamed animals
and uncultivated plants in a natural habitat, geology and
the wide diversity of natural phenomena, from insects to
icebergs.
Photographs of animals which are domesticated, caged
or under any form of restraint, as well as photographs of
cultivated plants are ineligible.
Minimal evidence of humans Is acceptable for nature
subjects, such as barn owls or storks. adapting to an
environment modified by humans, or natural forces, like
hurricanes or tidal waves, reclaiming it.
The original image must have been taken by the photographer,
whatever photographic medium is used. Any
manipulation or modification to the original image is
limited to minor retouching of blemishes and must not
alter the content of the original scene.
After satisfying the above requirements, every effort
should be made to use the highest level of artistic skill in
all nature photographs.




Et ass nun mol keng Studio oder Architekturfoto wou een gutt Zeit huet, den Sujet kann platzéieren, d'Beliichtung beanflossen usw. an den Sujet bléiwt och nët sëtzen an verhält sech nët natiirlech wann's de nët getarnt bass oder an engem "Hide" setz. Fir ët mol kloer ze machen dat do ass ob eng Distanze vun 15-20m an nët 150-200m. Du hues nët den Spillraum fir dech annercht ze postitionéieren oder och d'Zäit .. den Aisvull mam Fësch zb. hues de wann ët gutt geet 5s fir ën ze fokuséieren an den richtegen Moment ze erwëschen.

Ech fannen ët ëmmer schued dass héi sou Biller dann absolut ënnergebottert ginn no Kritérien vun enger Architektur oder Portraitsfoto .. vun Léit, déi vun Naturfotographie keen blassen Schimmer hunn an selwer nach nie sou een Bild gemach hunn .. an ët hänkt nët nëmmen vum Material of. Mat dem Still vun Kommentaren ass héi villen Léit d'Flemm angedriwwen ginn.

Ech sinn frou Fränk dass de dat esou fräi frees well sou kreien ech d'Gelegenheet fir mol eng Kéier am Détail dorop anzegoen. Ech huelen dat och lo nët schlecht ob an och mäin Komment ass elo och nët béis gemengt.
micky-maus 13.02.2014 - 12:55
Merci fier Deng detailert Äntwort. Hunn jo och eng Froo gestallt, virwaat Foto esou ass, wei se ass. Dono gesait een Foto dann ann engem aaneren Liicht, ann denkt een aanescht driwwer. Muss mei iwwert Foto selwer geschwaat ginn, daat een versteht firwaat eng Foto esou gewisen gett wei den Fotograf se gesait. Ann dann kann net nemmen den Fotograf eppes leieren awer och deen, deen Kritik mecht.
Schluck 13.02.2014 - 13:04
Jo dat ass den Problem am Forum ... oft limitéiert een sech ob eng schnell Aussoe wëll et einfach een groussen Obwand ass fir alles ze tippen. An ët ass nun mol sou dass een deen nach nie probéiert huet esou een Bild ze machen net wees d'Resultat ze schätzen.

Och am PSA-Reglemet steet nach een ganz intressanten Saatz:

The story telling value of a photograph must be weighed more than the pictorial quality while
maintaining a high technical quality.


Ët leiert een ëmmer béi .. souguut wéi beim Kritik schréiwen, ewei beim Kritik kréien.

micky-maus 13.02.2014 - 13:06
Hunn den link gelies. 100% aferstaanen mat deem waat doo geschriiwen ass. Fier den Rescht: Kann keen Englesch smile
Schluck 13.02.2014 - 13:30
Définition de la Photographie Nature

La photographie nature représente des animaux vivants non apprivoisés et des plantes non
cultivées dans leur environnement naturel, la géologie et la grande diversité des phénomènes
naturels, allant des insectes aux icebergs.
Des photos d'animaux domestiqués, tenus en cage ou soumis à une quelconque forme de
restriction, ainsi que des photos de plantes cultivées, sont inadmissibles.
Une intervention minimale de l'homme est acceptable pour des sujets nature, comme par exemple
des hiboux de grange ou des cigognes, s'adaptant à un environnement modifié par l'action de
l'homme, ou des forces naturelles tel que des ouragans ou des raz-de-marée, le revendiquant.
La photo originale doit être prise par le photographe, peu importe le procédé photographique.
Toute manipulation ou modification de la prise de vue originale doit se limiter à de minimes
retouches d'imperfections et ne peut en aucun cas modifier le contenu de la scène originale.
Après avoir satisfait ces conditions, tout effort sera fait, afin que toutes les photos nature soient du
plus haut niveau artistique.
July, juillet 2001


Zora 13.02.2014 - 10:50
deen well just méi grouss sin, wéi die aanerclosed_eye, ganz flott Schluckchen
Schluck 13.02.2014 - 12:54
Genau sou ass ët Zora .. en wëll dem Weibchen weisen dass hien méi intressant ass ewéi deen anneren.
MsJarryman 13.02.2014 - 11:50
Oni der m-m säi Komment ze liesen, huet se mer op den éischten Bléck gefall, eben just well se anescht ass wéi vill Vullebiller hei. Firwat nëtt, mech stéiert den HG nëtt, ass eben hiert natierlecht Ëmfeld smile
Schluck 13.02.2014 - 12:54
Merci MsJarryman .. genau sou ass ët och.
arwa 13.02.2014 - 14:07
gefällt mir immens gudd smile

kann éen eng Geschicht dran interpreteieren wei zB. kuck mol, wat ech enner den Ärem hun, oder - Souuuuuuu grouss war de Fësch oder oder smile

sie si vill mei grouss wei d'Leit ëmmer mengen !
Schluck 13.02.2014 - 15:18
Merci Armand, jo kleng sinn se effektiv nët .. just meschtens wéit eweg
Jeanny 14.02.2014 - 07:20
Immens flott Schluck, wie en seng Flilleken opmécht a vun deenen Zwee bewonnert oder ennersicht gëttsmile
Jean-Marie 14.02.2014 - 11:56
Ganz schein festgehalen, alles scharf obwuel hei an d'Flileken geklappt get (net nemmen um PG smile ).
Den Hannergrond steiert mech net ech fannen souguer dass een sech duerch deen Hannergrond nach besser ob d'Vullen konzentreiert.
icylady 14.02.2014 - 12:02
ganz flott erwëscht smile
fir mech gehéiert den HG och esou dozou,
Nicon07 16.02.2014 - 18:56
Wann ech et gewosst hätt an ech mäin Objektiv net deemols nach an der reparatur gehaat hätt, dann hätt ech kënnen de 26.1.14 an de Wisen tëscht Fennéng an Hëncheréng (jo, richteg gelies) eng gudd 10 Kruckerten um Buedem fotograféieren. Mais leider war ech do mat der D700 an dem 24-70 op Eisebunnsfotojuegd ënnerwee.


Mais sou no a perfekt beliicht wi di heiten hätt ech se deemols awer net kritt.


Super Foto, Schluck!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 429 Gäscht online