Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

*Double view*

 
All Fotoen an dëser Serie:
39925 Thumbnail
39926 Thumbnail
*Double view*
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.02.2014
  • Gekuckt:
    24541
  • Favoriten:
    4 (Wen?)
  • Kommentarer:
    31
  • Originaldatum:
    2013
  • Fotoapparat:
    D3x
  • Objektiv:
    105mm f/2,8
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen  
Extras:
Freihand.

Fir anzesetzen: [pg_img=76880]
Kommentar vum Fotograf:
Meng eischt Libell déi ech am Fluch geknipst hun.
theom 13.02.2014 - 10:53
Gratulation Jacques, ech wees et ass net esou einfach eng zeerwëschen.
Jacques 13.02.2014 - 17:35
Merci theom, do gehéiert och vill Gléck derzousmile
Zora 13.02.2014 - 10:55
Exzellent déi zwou, déi Gedold hätt ech net, tiptop!
Jacques 13.02.2014 - 17:36
Merci Zora, wann se op enger Plaz bleiwen fir en Moment dann kann een d'Gléck hun fir se ze erweschensmile
icylady 13.02.2014 - 11:08
super flott Opnahmen, haaptsächlech déi 1. gefällt mir gudd,
därft bestëmmt net sou einfach sinn smile
Jacques 13.02.2014 - 17:37
Merci Romy, dat freet mechsmile
Clod 13.02.2014 - 15:42
Gleewen ech dir nèt.(Anfängerglèck). Villeicht sin et déi éischt déi gudd gin sin..... an daat sin se definitif. Hun et selwer oft probèiert awer sou gudd woren méng nèt. Tip Top.
Jacques 13.02.2014 - 17:43
Merci Clod,freet mech wann se gefalensmile
Hun mech vielleicht falsch augedréckt, mee dess zwou Fotoen sin an neger Zeitspan vun 10 Minuten geholl gin. An et war effektiv déi eischten kéier das ech probéiert hun well se noh beim Ufer op enger Plaz geschwirt sin, souzesoen am Standfluch.Et gehéiert natierlech eng Portioun Gléck dozou das se op enger Plat bleiwen. Vun deenen 20 Fotoen déi ech gemach hun waren der dann 2 derbei déi net schlecht waren. Hun duerno nach e puermol probéiert, mee keng Chancesmile
Nicole 13.02.2014 - 17:32
hues du bei denen "Probelleren" nogehollef, sorry dass ech froen me ech hun nët an der Erënnerung dass déi esou schnell gin .... ech hun se och schon erwëscht, tatsächlech nët einfach awer deng "Probelleren" sin ei genial och wann de Kierper mir eppes ze plastesch - scharf - gemolt fierkënt , esou gesin ech daat .... awer soss tip top erwëscht
Jacques 13.02.2014 - 17:45
Merci Nicolesmile
Un den Probelleren ass neischt geännert gin, am Standfluch gin se warscheinlech méi schnell(sin mer awer net secher). Sie gesin en bessen plasstech aus well d'Lucht schon zimlech hart woar an nach just um Limit fir eng anstännech Foto ze machen.
Jeanny 14.02.2014 - 07:16
dai zweet gefellt mir vun de Faarwen hier am beschten, wonnerbar erweescht Jacques
Jacques 14.02.2014 - 08:35
Merci Jeannysmile
rosch2014 14.02.2014 - 09:03
Bravo vir dei Opnahmen an d'Gedold.Zemols di 2. war bestemmt net einfach se vun fir ze erweschen.
Jacques 14.02.2014 - 13:15
Vill Gléck war am Spillclosed_eye
Merci rosch2014smile
Schluck 14.02.2014 - 09:35
Super erwëscht Jacques ... ass just eng Saach vun übung closed_eye
Jacques 14.02.2014 - 13:16
Merci Schlucksmile
Ech mengen et war méi Zoufall an Gléck am Spillclosed_eye
Dest Joer wärt ech awer üben an probéierensmile
Schluck 14.02.2014 - 13:35
Dat gehéiert natiirlech och ëmmer dobéi, mais wann een nët probéiert kann et och nët gelengen
Jacques 15.02.2014 - 05:26
Do hues du volkommen recht!
Jean-Marie 14.02.2014 - 11:41
Immens flott,
am Fluch dat ass net evident,
an totzdem schein scharf,
mir gefällt dei 1scht besser well een do deen ganzen Insekt plus Fligelschlag geseit
Jacques 14.02.2014 - 13:17
Merci Jean-Marie an och fir den Favsmile
Wéi ech schons geschriwen hun, war et Gléck an och Zoufallclosed_eye
gtaddei1 14.02.2014 - 17:28
An waat seet dann elo nach gaeren !!!
Jacques 15.02.2014 - 05:18
Ech wärt mol nach üben fir se nach besser hinzekréiensmile
Merci Gennaro, an och fir den Fav!smile
gtaddei1 15.02.2014 - 08:17
ah jo kenn een daat nach besser mann ?? smile
Jacques 16.02.2014 - 04:48
Josmile Besser Lucht, eng aaner Blend.
gtaddei1 16.02.2014 - 22:07
An waat get dann do besser um Bild?
Jacques 17.02.2014 - 04:48
Et geseit een nach méi Détailer an méi fréi am Dach wirkt d'Lucht net esou hart. Muss awer dann schons mat 200mm fotograféieren.
gtaddei1 17.02.2014 - 19:53
An deen erweschen ... na ja ... ech stinn leiwer an mir léft nix fort , ausser d'Wolleken unhappy
MR 14.02.2014 - 18:49
Super deng Zoufalls-Glécksmakroen!smile
Jacques 15.02.2014 - 05:19
smile 2x Merci gesoot Martinesmile
Conley 15.02.2014 - 00:08
Mat där klenger Blend huelen ech un dass et just nach een klengen Ausschnëtt vun der Foto ass, wou dann jo och leider Detailer verluer ginn. An mam 105mm Makro ass dat awer schonn eng Leeschtung et esou fäerdeg ze bréngen! 70-200mm wir meng Idee bei esou Fotoen ? Luucht ass haart sees de jo selwer. Di éischt ass der awer gutt gelongen Jacques! An Zoufall alleng, geet fir mech net duer, et muss een schonn seng Kannera kennen!
Jacques 15.02.2014 - 05:23
Merci Rogersmile
70-200mm wär besser gewiercht, mee deen Dach hatt ech net viergesin fir sou Fotoen ze machen an hat leider just den 105mm derbei. Secher kann een do nach ganz vill besser machen an desst Joer wärt ech dat och probéierensmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 410 Gäscht online