Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Päiperlek

 
Päiperlek
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    20.02.2014
  • Gekuckt:
    40703
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    50
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/7.1
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    950x632
  • Späicherplaz:
    433 KB
  • Originaldatum:
    2014:02:02 21:56:30
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=76980]
Kommentar vum Fotograf:
D'Sonn war schonns ënner, déi lescht Faarwen hunn duercht d'Beem geliicht.

E Bild vum leschte Joer, fir géint de Wieder-Frust vun elo!
Schluck 20.02.2014 - 10:33
Herrlech Kontraster vun Warm an Kaal am Bokeh .. Big Like
jorsch 20.02.2014 - 19:18
Merci Schluck, freeë mech iwwert de Kommentar an de Fav.!

Den HG huet mir hei och gutt gefall, de Päiperlek ass leider e bëssen zerfatzt um Flillek. Sollen dat d'Souvenire vun enger Vullenattack sinn?
Schluck 20.02.2014 - 23:47
Jo dat woar mer och obgefall .. woar bestëmmt nët méi der jenkster een .. den hat schon ee puer Plommen geloss. Gudd méiglech dass do schon mol een sech wollt un ëm vergréifen
Djezz 20.02.2014 - 11:53
Fannen deng FOto super, herrlech Farwen a Schäerft, den Hannergrond ass top
jorsch 20.02.2014 - 19:18
Merci Djezz fir däi Kommentar!
Gaga 20.02.2014 - 12:33
wierklech super Bokeh !!!

Kadrage geiff ech 45° no riets dreinen.
Schluck 20.02.2014 - 13:47
Dann wierkt se onnatirlech .. eng Planz wiesst ëmmer géint Luucht .. also no uewen
Gaga 20.02.2014 - 14:27
Jo, dofier 45°, net 90°.
Also loossen mer sou soen, dei Neigung dei se lo no Lënks huet, no Riets.
Falls nach genuch Foto do as fier dat ze machen.
jorsch 20.02.2014 - 19:20
Merci Gaga, fir däi Kommmentar an deng Ureegung.
Eng kleng Rotatioun no riets? Ech weess net op et besser gi wier, gefält mir am Fong esou, a leider kann ech et net ausprobéieren, d'Bild ass net gecroppt.
marischen 20.02.2014 - 13:27
Mol eng Kéier eng Insektefoto ouni "Sonnenënnergangsstëmmung", also alleng duerch d'Farwen flott an interessant. A virun allem do scharf wou se soll scharf sinn.
jorsch 20.02.2014 - 19:21
Merci marischen, fir de léiwe Kommentar an de Fav.!
Zora 20.02.2014 - 15:27
dein Pimpampel gefällt mer!!
jorsch 20.02.2014 - 19:22
Merci Zora!
MR 20.02.2014 - 15:27
Ganz schéin festgehalen jorsch!
jorsch 20.02.2014 - 19:22
Merci MR!
Nathalie 20.02.2014 - 19:30
Gefällt mir immens gut dei heiten, Immens scheinen boukeh, an och eng flott schärft.
jorsch 21.02.2014 - 18:44
Merci Nathalie, ech hu mech iwwert de Kommentar an de Fav. gefreet!
MsJarryman 20.02.2014 - 23:37
Ech kann et nëtt a Wieder fassen, wéi schéin ech déi fannen. De klenge Spannefierdemchen an der Blum ass fir mech den Teppel um I.
jorsch 21.02.2014 - 18:46
Merci MsJarryman, fir dee léiwe Kommentar.
De Stannefuedem wollt ech een Ament ewechbotzen, mee dat wier eng Dommheet gewiescht!
Conley 20.02.2014 - 23:56
De Cadrage passt jorsch. Planzen wuessen zwar der Luucht no. Hänkt awer och dovunner of wou se stinn. Heiansdo mussen se sech hiren Wee sichen, gesäit dann awer och emol ganz gelungen aus fir de Wee zur Luucht ze fannen. Deem Päiperlek seng Haltung litt awer hei net! Dass déi wäiss Teint am Bild bloelzech schimmeren ass bei där Luucht normal. Wiert fir Owes just een bëssen kal. Wäissofgläich villäicht een Tick méi waarm an Tonwertkorrekturen an dem gréngen Kanal een bëssen ritz schléissen, wier meng Idee?
Den Hannergrond huet een schéine Bokeh, eng oder di aner donkel gréng platzen kéint een nach liicht ophellen. De Schäerftenverlaf ass der ganz gutt gelongenen! Deng Ausso ( fir géint de Wieder-Frust vun elo) ass awer ukomm dann't Foto iwwerdréit dat jo och ganz gutt! Konstruktiv Kritik! Meckeren wollt ech hei net!
jorsch 21.02.2014 - 19:02
Villmools Merci Conley, fir dëse laange Kommentar an de Fav.!

Deng Iwwerleeungen sinn eng richetg Hëllef, wäit ewech vu Gemeckers!!! Weider esou!

De Cadrage gefält mir och nach ëmmer. Éischtens war d'Wierklechkeet esou an net aanescht, an do ginn ech bei Naturfotoen net gär ze schnell dru fummelen. Ausserdem fannen ech, datt d'Neigung vun der Blum an dem Päiperlek eng Diagonal an d'Bild erabréngt, déi ganz dynamesch ass.
Ech hunn och probéiert d'Faarwtemperatur eropzesetzen, da verléieren ech de schéine Blotoun, e rutscht an d'Gréngt. Och eng selektiv Tounwäertkorretur huet keng Verbesserung bruecht, d'Balance tëschend orange a blo ass fir mech gudd esou.
Dat Donkelgréngt méi hell maachen reduzéiert de Kontrast nach méi, ech fäerten, da gëtt se e bësse flaach.
Conley 24.02.2014 - 00:07
Gléckwonsch jorsch,
ech freeën mech ëmmer wann eng Natur Fotografie oder eng Makrofotografie Wochenfoto gëtt!!
jorsch 24.02.2014 - 16:46
Merci Conley.
Naturfotografie ass och mäin Haaptinteresse, an awer fannen ech et immens wichteg, datt hei um Site all Genre vun der Fotografie vertrueden ass. Och wann ech net ëmmer matschwetze kann ass et spannend ze gesinn, wat an der Fotografie alles méiglech ass.
Conley 24.02.2014 - 20:00
Datt ass sécherlech richteg an soll och esou sinn jorsch! De Moment bleiwen ech emol haaptsächlech bei Makrofotografie. Do ass nach vill Sputt no uewen! Soll awer net heeschen dass et nëmmen do bei bleift.
Maimonides 22.02.2014 - 01:57
Drop geklickt, jorsch,
ass di do top.

Plante et papillon
doucement visés,
rondement dansants
et soufflant les vents
de la coulisse tranquille.
jorsch 22.02.2014 - 17:18
Merci Maimonides, fir de Kommentar an de Fav.!

E besonnesche Merci fir däi klenge poeteschen Text.
Eng super Ergänzung zum Bild, gefält mir immens gutt!
Jacques 22.02.2014 - 07:51
Impressionant Farwen Jorsch.
I like!
jorsch 22.02.2014 - 17:18
Merci Jacques, dat freet mech!
Jean-Marie 23.02.2014 - 15:49
supper Bokeh, schein douce Farwen, den Stengel an den Insekt sin an der selwechter Ebene, gefällt mir gut
jorsch 24.02.2014 - 16:47
Merci Jean-Marie fir däi Kommentar.
Jean-Marie 24.02.2014 - 17:00
Gratulatioun zu WF smile
jorsch 24.02.2014 - 17:05
smile
gtaddei1 24.02.2014 - 01:02
kompliment fir d'WF ...
jorsch 24.02.2014 - 16:47
Merci gtaddei1!
rosch2014 24.02.2014 - 08:16
Gratulatioun vir di immens schein an douce Wochenfoto. Super.
jorsch 24.02.2014 - 16:47
Merci rosch2014.
Paul-H 24.02.2014 - 11:33
Déi dooten haat ech iwersin.
Déi wir secher och am Summer no bei der WF gewiescht mengen ech.

Wonnerschéin Foto Jorsch, gratuléieren !
jorsch 24.02.2014 - 16:49
Merci Paul-H, hat net geduecht, datt am Wanter eng Summerfoto Wochefoto gëtt. Dat schwetzt net fir de Wanter!
Miau 24.02.2014 - 12:23
wonnerschéin jorsch, bravo
jorsch 24.02.2014 - 16:49
Merci Miau!
Zora 24.02.2014 - 12:26
Gratulatioun jorschclosed_eye
jorsch 24.02.2014 - 16:49
Merci Zora!
Scyv76 24.02.2014 - 19:16
Déi haat ech leider verpasst, doviir nach nodréiglech meng Gléckwénsch vir d'WF. Mir gefällt se super, bokeh, téinung an luucht sin immens. Ech fannen dass déi "kaal" Stemmung héi immens gudd eriwwer kennt. Och wann den Schachbrettfalter seng béscht Zeit héi schon hannert sech haat ass en immens flott duergestalt.
jorsch 24.02.2014 - 20:40
Merci Scyv76, fir de léiwe Kommentar an de Fav!
Pixelman 26.02.2014 - 21:12
gratuléieren, verdingt gewonnen, Jorsch
jorsch 27.02.2014 - 12:55
Merci Pixelman!
He-Lx 01.03.2014 - 21:06
Felicitatioun fir d'Wochefoto
BG Henri
jorsch 02.03.2014 - 19:32
Merci Henri!
theom 02.03.2014 - 11:26
Felicitation wonnerbaren HG
jorsch 02.03.2014 - 19:32
Merci theom!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 412 Gäscht online