Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Still um Balcon

 
Still um Balcon
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.02.2014
  • Gekuckt:
    26797
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    61
  • Beliichtungszäit:
    92 sec
  • Blend:
    f9
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1024x683
  • Späicherplaz:
    142 KB
  • Originaldatum:
    02/2014
  • Fotoapparat:
    canon 6D
  • Programm:
    Bulb (Canon)
  • Objektiv:
    24-70
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=77060]
Kommentar vum Fotograf:
Chaque fois qu'une génération apparaît au balcon de la vie, il semble que la symphonie du monde doive attaquer un tempo nouveau.

Gianni Papini , Figaro
m-otiv 25.02.2014 - 07:33
Ouni ze wessen dass se vun dir ass hun Ech missten drop klicken an... Wow... Einfach erem top.
gtaddei1 25.02.2014 - 13:06
Dei Wow ass vill waert , Vito
Pixelman 25.02.2014 - 07:56
Architektur an enger ganz aanerer Siicht, wonnerbar!
gtaddei1 25.02.2014 - 13:06
D'Archtektur ass villeicht just nemmen e support ...
Dan_S 25.02.2014 - 08:31
Gefällt mir gudd, kann zwar net richteg beschreiwen waat mir un esou Laangzäitbeliichtungen gefällt... as et dee "verschwommenen" Himmel a Kontrast mat den schaarfen Konturen vum Gebai? Einfach schéin unzekucken...
gtaddei1 25.02.2014 - 13:06
Du gesais et ewei ech et well erem gin: dh:
Am Fong ass d'Architektur eischeter en Pretexte well sie gin formen unn dei Luucht opsaugen... en mélange vun statik an Luuchtflow... daat get dann deen e bessi surreelen aspekt ... cf och dem Zerebruz seng laescht Biller...
Mé gleew mir et meet en der net 20 d'Woch dovunnen ... 1-2 d`Woch wann een Zait huet...
Dan_S 25.02.2014 - 15:38
Ech hun mer nach e Puer vun dengen Fotoen ugekuckt... kucken och beim Zerberuz eran. Gett et villäicht am Forum eng Diskussioun iwer Material an Techniken?
gtaddei1 26.02.2014 - 00:09
Né... guer net ... ech mengen dass mir elo als mat deenen enzeschen dei desen Stil entdecken (an mon avis ... mé et keinten anerer do sin) an fir sech do besser ze informeiren kuck mool desen auteur
https://www.flickr.com/photos/juliagospodarou/
an sich op Google
Tjintjelaar (en Hollänner )
Dan_S 26.02.2014 - 12:01
Merci... kucken ech mer un. Hun mer e Buch bestallt iwer Laangzäitbeliichtung.
gtaddei1 27.02.2014 - 22:24
E Buch? ... Hmmm dei Suen haesste keinte spueren... Do by watching ...
Dan_S 03.03.2014 - 16:27
Jo, et gin nach Leit dei liesen Bicher... an stellen se duerno och nach an e Regal surprised
Fier sou typesch Anfänger Froen as dach e Buch genau daat richtegt, bei spezifesche Froen wees ech jo elo wou ech Äntwerten fannen
gtaddei1 03.03.2014 - 19:04
Ben wann et em Bicher liesen geet verstinn ech dech... ech sin alt een dé keng bicher iwert d'Fototechnik keeft... mé leiert vum kucken ... Et gin alt Saachen dei een net an Wieder emwandelen kenn , ... Bonne chance mam Buch (richteschen ze fannen)... smile
Gaga 25.02.2014 - 09:22
Wat sin dei 4 weiss Punkten ? dei geheieren do net hin ...
gtaddei1 25.02.2014 - 13:03
Marco... et sin Still ... Hmmm ech gin dir mool recht ... an weschen se ewesch...
suraki 25.02.2014 - 10:30
jo e Gennarobild .... a follech dem Gaga closed_eye
gtaddei1 25.02.2014 - 13:02
Et sin einfach Still...et brengt e bessi "waiss" Punkten dran... bigsmile
Ech krut daat gesoot vum Zerebruz... den Onbamhaerzlechen Kritiker ...

Waat soll ech elo maan , dei Still do eweschwechen smile ?
suraki 25.02.2014 - 14:49
Se sinn interessant an e Liichtpunkt am Bild, ... mä se steiere mech well e net direkt gesäit wat et ass (komesch Logik gëll) Bei engem Porträt ass eng Narb interessant eng Pautsch mëschten net, dovir maachen ech déi eraus. D'freet sech elo wat et fir dech ass d'Pausch oder d'Narb ? closed_eye

Fir mech ass et d'Pautsch, an dofir géif "ech" se erausmaachen ... an den Titel ännerenbigsmile
gtaddei1 26.02.2014 - 00:06
Jo eng Pautsch... oder narb... eng Pautsch kenn een ausdrecken... an wann ech se wesch mann dann ass och keng Narb do ... an dann ?
Zora 25.02.2014 - 11:36
den Titel seet : Still um Balcon, déi wäiss Punkten sin Still, get emmer schlemmer hei!!!
ass tip top esou, sou lues kriss d'et an den Greffclosed_eye
rosch2014 25.02.2014 - 11:47
Genau esou hun ech dat och gesinn. Eng super Foto an gut gesinn.
gtaddei1 25.02.2014 - 13:03
Oh... den Himmel ass ze eidel!!!
Zora 25.02.2014 - 13:10
Fannen och, häss sollen wäiss Punkten dran manclosed_eye
gtaddei1 25.02.2014 - 13:19
bigsmile bigsmile
suraki 25.02.2014 - 14:51
den Himmel ass gutt ewéi en ass closed_eye
gtaddei1 25.02.2014 - 23:59
Merci... Hun ech ch fond... mé et muss een och nach klassesch sin smile
Gaga 25.02.2014 - 13:32
Et kennen och gëllen Kéi sin, dat as mir scheissegal...
Pixelman 25.02.2014 - 13:57
Hallo, et sin STILL !
gtaddei1 25.02.2014 - 14:11
Et waar zu Copenhagen... do sinn nemmen Fleeschkéi do... dei gëllen fënnt en nemmen an Indien smile
Hun dir jo gesoot ech geif se eweisch huelen dei ... Still ... en pplus aus plastik
Gaga 25.02.2014 - 14:24
STILL AUS PLASTIK ??????

Ohnonditjödatgehtguernet!
gtaddei1 26.02.2014 - 00:00
JO... Ikea plastik vum Jensen gestyled
suraki 25.02.2014 - 14:51
lol
gtaddei1 26.02.2014 - 00:00
jobigsmile
Zora 25.02.2014 - 14:59
Dann misst den Titel awer gellen Kéih um Himmel heeschen!!!!
Gaga 25.02.2014 - 15:02
loossen mer sou soen, wann dat Gebei net do wier, wier et eng schein Stärefoto ouni Stären !
Zora 25.02.2014 - 15:05
Awer mat wäissen Stillclosed_eye
Gaga 25.02.2014 - 19:16
ech kennen de Grousse Won; de klenge Bier; awer net de waisse Stuhl...
Still geheieren an den Eck, an dat Gebai huet definitif keen Eck....
suraki 25.02.2014 - 19:32
wat de Bauer net kennt ... wo wées de och nach wou de klengen Stull steet ...
gtaddei1 26.02.2014 - 00:03
am Eck vum Ronnen Gebai... smile)

Majo ... dei 3 Still do hun awer d'Diskussioun op de Bier an op de Won gedriwen... wannse daat gewosst haetten (d'Still aus Plastik) dann waeren se dobannen bliwen smile smile Mé sie waren awer do ... an kuck mool dei waeren net drop gewiecht ... dann haetten mir ais elo net esou gudd amüseiert ... Oder... dofir ... daat schlecht kennt net emmer fir ze schueden.. dann loossen mir elo d'Still um Balcon... :D
suraki 25.02.2014 - 14:54
hal op Zora , mer schwätzen hei net iwwert Poschen a Schong tongue
lalalalalaaaaala hihih ... gut ech si jo scho fortbigsmile
Zora 25.02.2014 - 15:17
Pscht, roueg an der dretter Réih doclosed_eye
suraki 25.02.2014 - 15:42
pffff ....
gtaddei1 26.02.2014 - 00:04
bigsmile bigsmile
Dei Poschen an Schong Affären gefaalen mir gudd
Gaga 25.02.2014 - 19:18
iwer waiss Objeen dierfe Fraen schwätzen : Wäschmachin, Trockner, Frigo; Streckeisen etc... dofier sin Sie bei der Hochzeit jo och waiss ugedoen Ed, wosst de dat net?
closed_eye
Zora 25.02.2014 - 19:23
Gaga, déi Zäiten wou Fraaen just hannert dem Kachdeppen stungen sin doud! An wäiss get haut och net jidereen méi bestued, du wees jo dass Fraléit déi besser Männer sin!!!!
gtaddei1 26.02.2014 - 00:05
Hey... Pierrette ... do geste awer elo net féminile mais feministesch an u ges ais d'Rescht fir nees Machoen ze sin... an en plus wien zitt bouwen op? D'Mammen.... smile
Zora 26.02.2014 - 08:46
Lossen mech lo guer net ob daat Gespréich do anclosed_eye
gtaddei1 27.02.2014 - 22:26
haesste besser net !!! smile
geifs verleieren
Zora 27.02.2014 - 22:40
Daat mengst awer och just duclosed_eye
gtaddei1 27.02.2014 - 22:49
Ah jo? ... sin aus der generatioun wou d'Maenner nach Maenner sin... net hallef Médecher smile
Zora 28.02.2014 - 06:33
Ahsou, du zupfst der Apenhoer also net, wow!!!closed_eye
gtaddei1 28.02.2014 - 18:26
Né ... an ech weisen meng Biceps, blären an fluchen,,, ...
Zora 28.02.2014 - 18:42
därf elo guer net hei schreiwen waat ech denken........closed_eye
gtaddei1 28.02.2014 - 19:40
dach dach... soot waat du denkst... free ausdreck!
Jacques 25.02.2014 - 16:40
D'Lucht matt den Schiéter fannen ech top!
gtaddei1 25.02.2014 - 23:59
Et fehlt villeicht nach un Presenz (den terme deen gebraucht get fir d'Aan ze dirigeieren an fir duerch purem hell-donkel kontrast an mat der Luminance (tounwert) de sujet en evidence ze setzen an en plus daat surrelistescht erauszeverschaffen.
Fir dorobben ze koemmen brauch ech nach e puer --- hmmm .... en halleft Joer
Conley 26.02.2014 - 20:37
Di net ëmmer Symmetresch Stäipen (Ofdeelunge op de Balkonen) leeden de Bléck no uewen et probéiert een se sou ze soen ze sichen. Still ënnerbriechen d'Sich um Wee no Uewen een bëssen. Luucht di vun lenks kënnt, setzt Gebai an een schéint Liicht duerch de Kontrast. Kanns gären där doter nach méi weisen! closed_eye
gtaddei1 27.02.2014 - 22:23
Dein Komment ass eng flott visioun vum Bild... Villeicht ( jo villeicht ) ass daat waat ech wollt weisen...
Dei Still hun fir vill Diskussioun gesuergt... Weeste waat? ... Well dei net ewesch huelen... mé ech hun awer och e Bild ouni Still ... eweschgestempelt ...
Et ass einfach deen Element dén steiert ...
Conley 27.02.2014 - 23:57
Et ginn vill Méiglechkeete däin Bild ze gesinn oder ze Kommentéieren. Nodréiglech géing ech awer nach soen. Dass du Still um Balcon awer schonn an dengem Titel betoun hues! An am Moment denken ech schonn erëm en bëssen anescht! Eigentlech kéint een Still jo och als eyecatcher gesinn? Egal ech Respektéieren deng Wonnerbar Aarbecht!
gtaddei1 28.02.2014 - 19:46
Du wees jo dass d'Foto existeiert duerch dei Lait dei et kucken... an d'Subjektivisatioun ass intrinsesch an der Visueller Konscht ... mé wann én dobai stoen bleiwt , dann hescht et dass et komunizeiert huet... egal waat dobai eraus kennt ..
Soen dir villmols merci
MR 27.02.2014 - 04:50
Super deng Opnahm!
gtaddei1 27.02.2014 - 22:19
Soen di merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 406 Gäscht online