di ginn eigentlech an der Makrofotografie nëmmen Wolli genannt. Et ginn laut Wikipedia 6000 Arten alleng an Däitschland 34. Also frot mech elo net séin richtegen Numm. ;-)
Fannen hei perseinlech dass Photo e bessen zevill e flachen Kontrast heut, de Sujet zBsp, hieft sech selwer immens schlecht vum Gestreps of, heut eventuell och domader ze din dass Farwen hei immens ännlech sen ewei mam Sujet.. Soss awa ass Opnahm immens flott gin.
Datt mat Sujet an mam Gestreps, deenen ähnlechen Faarwen stemmt schonn. Tarnung spillt menger Meenung no hei och eng Roll. Awer ech hätt hei schonn gären méi Kontraster zwëschen dem Sujet an dem Hannergrond an Gesrteps gehat. Woubäi dann Wäiss an Schwaart zimlech séier ausfrësst oder ofsäift. Et ginn sécher Méiglechkeeten Tounwärter eenzel ze beaarbechten. Gestreps Wolli an den Hannergrond eenzel. Dat ass awer schwéier fir do nach een natierlecht Bild hin ze kréien.
Merci awer Nathalie, fir deng éierlech Konstruktive Kritik an Meenung zum Bild!
Duerch't benotzen vun engem Difuser fir de Wolli ofzeschiermen vun der Sonn, war den Hannergrond dann awer nach eenegermoossen Passend ginn. Spannenfiédem hunn mir hei och gutt gefall.
Merci gesot marker, freet mech wann Foto gefält!
Dat Stëmmt. Den hunn ech och nëmmen fonnt well en op Aan héicht an engem Hiewel souz. Gutt getarnt sinn d'Iwwerliewenschancen méi grouss.
Merci gesot Icylady!
Flotte Macro, wou d'Plaz, d'Insekt an den HG schéin harmonéieren.
D'Réckelag vum Wollschweber huet mech den éischte Moment irritéiert, lo fannen ech et originell.
Ech hunn der eréischt zwee beim schlofen erwescht an allkéiers an där Haltung. Een Éisträicher huet mir geschriwwen dass se meeschtens esou setzen. Bestätegen kann ech dat awer nach net, do misst ech der nach een ganzen Koup fannen.
Merci fir de Komentar an't Appreciatioun vun der Foto jorsch!