Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Kill the innocent

 
All Fotoen an dëser Serie:
41197 Thumbnail
41198 Thumbnail
41199 Thumbnail
41200 Thumbnail
41201 Thumbnail
Kill the innocent
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.07.2014
  • Gekuckt:
    27689
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    20
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=79319]
Kommentar vum Fotograf:
Puer Wochen firdrun sin ech vun engem Koleg gefrot gin op ech Fotoen vun senger Bänd machen kéint..
Et war eppes ganz néies fier mech an vun dohier hun ech einfach mol puer Fotoen gemaa op verschieden Plaatzen mat verschieden Pousen
Dat sin (fier mech) déi bescht déi dobei raus komm sin

Woltl hei mol froen (well et Néiland fier mech ass):
- Wei fannt der se?
- Wat kennt ech verbesser bzw. next kéier besser man?

Soen alt Merci fier all Entwaart!!
Maimonides 07.07.2014 - 20:19
Wat fir eng Musik mecht
"Kill the innocent"
a wat fir eng Fotoën mechs du dann, Charly_Ente ?
Einfach esou e puer ?

Dat geet an d'Box.
Fir mech ass di best di 4.
Mais ech hun di Band
nach net héieren.

http://www.youtube.com/watch?v=4phmDsGDn0I
Charly_Ente 07.07.2014 - 20:41
Hier Musik ass bessi mei haart:
http://www.youtube.com/user/Radeler

Ech man eigendlech Fotoen vun der Natur, spezialiseiert op Vigel

Dat geet and Box?

Maimonides 08.07.2014 - 19:56
Ech war "Kill the innocent"
lauschteren, Charly_Ente.
An ech fannen dass een do
mindestens mol 1 Projet

hätt missen hun !
Dee Projet hätt och könne
wi dein sin. A wann poséiert,
dann op d'Musik gebitzt.

closed_eye
Cypress 07.07.2014 - 21:29
Salut,

wuar zwar scho laang net méi online, mä dat hei wuar et mir derwärt, e puer Zeilen ze schreiwen.

Déi éischt Fro ass, obs Du d'Fotoen opgeholl hues fir op e Site, op eng Visitekaart / Plakat oder en CD-Cover (?)

Ech gin eemol vu Leschterem aus.

Meng Meenung:
Bis op d'3 kanns Du se alleguer ewechgeheien, an 3 passt och nët richteg.

Firwaat?
1 gesäit aus wéi wann den Hannergrond aus enger aanerer Foto hannendrun gepapt gi wier, a si gefällt mir och nët vum Ausschnëtt. Ausserdem seet déi Foto näischt aus.
2 gesäit aus wéi eng Touristefoto, wou grad d'Persounen 1 a 4 (vu lénks no riëts) kräfteg matt der Sonn am Gesiicht ze kämpfen haten.
3 kéint ech mir gutt als Cover bei einer US-amerikanescher Band virstellen, awer vläicht éischter als Backcover. Si ass op jidde Fall schéi kräfteg an harmonesch an de Farwen. Mä de Stil vu Musék passt hei net esou richtëg bei déi doten Zort Foto. (Ausser Du wëlls duerch Extremer provozéieren.)
4 bréngt et guer net fir mech. Ze wäit ewech opgeholl. D'Band gët vum Honnergrond verschléckt.
5 einfach Schrott. Dat Haus am Honnergrond ass nët schéi genuch, awer och nët ellen genuch, fir déi Foto opzewärten.

Sorry, wann dat elo krass kléngt.

E puer Idien, nodeems ech an d'Musék eragehéiert hunn:

Présentéier d'Grupp bspw. als Chirurgen am gringen Dress matt bluttverschmierten Hänn a Fleeschermesser, falls Du Faarw dra brenge wëlls. Mengen de Vito hat schon mol esou Fotoen hei drop.

Oder an engem délabréierten alen Haus. Hei kéint Dir d'Zora vläicht hellefen.

Oder ganz lässeg mat Zigarette a Whiskeysfläsch, matt engem oder zwee Sportsween am Hannergrond. Bréngt och schéi Faarw eran, an huet eppes vun "Rebell" a sech.

SW kéint ech mir ganz gutt eng Foto an engem eidelen Hangar virstellen, absolut düster, wou just e puer Ketten vum Plafong hänken, a Waasser vun de Wänn drétonguest.

Oder Du schaffs just matt Elementer:

Bspw. eng Voodoos-Popp, wou 5 Nolen dran stiëchen. An d'Gesichter vun deene 5 Muséker vläicht als zerfleddert "Wanted" Plakaten am Hannergrond dozou (Oder um Bueden..je nodeem, obs Du d'Popp vu vir oder vun uewen fotograféiert hues.)

Mä Du bass jo Vigel-Spezialist:

Firwaat bei esou engem Stil vu Musék keng Noopnahm vun engem Kueb am Niwwel bréngen ?

MbG
Charly_Ente 07.07.2014 - 22:09
Merci fier d'Kritik!

Dml dass de mist fier ma ze entwaaren online mist kommen.. Trotzdem soen ech merci, dass de der Zeit geholl hues fier ma eng Kritik ze schreiwen!! (genee wat ech wollt) , huelen et och net béis op

Zu der Foto nach selwer... et war dei éichtkeier dass ech soueppes gemaa hun.. weder hat ech eng Ahnung wei oder wat ech well nach haat Band eng Ahnung..
Se wollten einfach dass ma puer Fotoen man an sie kuken dono wat se wellen an fierwaat se et gebrauchen!
Ech selwer schaffen net sou richteg mat photoshop (also saachen and d'foto ranpeschen asw.)

Zu:
1. - et sin natierlech Hannergrënn dei ech an der Landschaft fonnt hun ( a wou d'Band fierdrun stung )
2. - eigendlech haaten d'Léit nemen bei der 2. Foto mat der Sonn ze kämpfen... dei éicht war am Bësch (wou d'Sonn net duerch komm ass) an bei den aneren war net wirklech d'Sonn dobaussen (hannert enger groußer Wolek)
5. - hun dei aal Schéier flott fonnt a geduet et wär eng gudd Idee

Et wär vlait eng besser Idee gewiergt fier sech mat der Band zesummen ze setzen an op eng vlait méi kreativ Idee ze kommen... mee wei gesot wost Band selwer net wat se wollten an sou richteg klicheehaft (wei mam Kueb) wollten se keng

Wei gesot merci fier d'Kritik!
Cypress 20.07.2014 - 20:36
Kee Problem.

Wéi gesoot; et huet - menger Meenung no - keen Zweck, ronderëm de Bräi ze schwetzen, wanns Du matt enger Idi um Holzwee bass.

Dat soll awer keng Kritik un Denge Fähegkeeten als Fotograf sinn. Dass Du Däin Métier beherrschs, hues Du méi wéi eng Kéier matt Dengen phantastëschen Villerchersbiller bewisen ! smile

Bescht Gréiss,

C.
MsJarryman 07.07.2014 - 23:34
Déi Doten gesin esou aus , déi killen emol nëtt de Schëllegen bigsmile
Charly_Ente 08.07.2014 - 10:44
se wollten net aggressiv wirken smile
Jean-Marie 08.07.2014 - 09:10
Charly, ech well hei net negativ sin awer ob deenen Fotoen wirken Jongen wirklech e bessen harmlos & lieb wat awer net mat hierenm Numm iwereneen stemmt et feehlt einfach Agressiviteit & Energie.
Charly_Ente 08.07.2014 - 10:46
eigendlech schon.. mee wei ma d'Fotoen gemaa hun.. ass nie een opt d'Idee komm mei Agressivitéit an Energie eranzebrengen.. (eichter Quatschfotoencool)
se wollten dat net an dat do ass dat wat se wollten an se sin frou mam resultat

Merci awer fier eng Entwaart! closed_eye
Charly_Ente 08.07.2014 - 10:43
vlait nach fier dobei ze hänken:

Se wollten net an den Klichee 'black metal' erafaalen closed_eye
Schluck 08.07.2014 - 22:02
Dat ass den Grond virwaat ech keng Bandfotoën machen.

Sie wëssen mechtens nët wat se wëllen an hunn keng Idee. Wann's du dann mat enger Idee kënns fir eppes ze machen ass ët der Band meechtens zevill obwänneg wëll si gaer eppes einfaches hätten an awer eppes, wat nach keen huet.

Eraus kënnt dann mechtens eppes, wou d'Band dann zwar herno och nach zefridden ass, mais du als Fotograph näicht dovunn hues wëll déi creativ Ideen déi's de vläicht hass, een Budget fir Accessoiren oder ob mannst eng Blëtzanlag gebraucht häes an dofir nët ëmsetzbar waren.

Fir mech héi och déi 3. mais ech ginn dem Charel héi Recht .. Fir "Kill the Innocent" sinn déi Biller vill ze brav .. Cliché an Black Metal hin oder hier.
Charly_Ente 09.07.2014 - 15:44
Ech verstin a wees ech lo och closed_eye

Mee ech wollt et einfach mol probeieren....

Soulaang se hinnen gefaalen ass et fier mech ok
strato 09.07.2014 - 01:14
1. Mol all Respekt fir de Courrage fir offen no Kritik ze froen. Ech fannen dass dat hei theoretesch déi Beschte Plaz ass fir iwer Fotoen ze diskutéieren, well mer hei souzesoen "ennert eis" sin. Mee leider eben nemmen theoretesch.
Ech denken, dass ganz vill Saachen, déi hei gesot goufen zoutreffend sin, mee w.e.g. Wann een well kritiséieren, dann w.e.g. och op de Langage oppassen! Ausdréck wéi "Schrott" an "fir wechzegeheien" fannen ech wierklech onpassend an niveaulos. Wann schon no Kritik gefrot gëtt, dann och flaischt esou äntwerten, dass de Photograph net grad duerno Loscht huet séng Knipps an d'Poubelle ze geheien.
Des Plaz soll menger Meenung no eng Austauschplattform sin, an net eng Posergalerie. Déi meeschten Useren hei sin Hobbyphotografen, déi Spaass un hierem Hobby hun, an net wellen auserneen geholl wëlle gin. Den Haaptbut soll dach sin, eppes bäizeléieren, oder net??
Elo zu méngem eegenen Pefferkär: ech fannen et gudd, dass de des nei Erausfuerderung ugeholl hues. Dat do wor eng immens schwiereg Aufgab, well d'Band eben KENG Clicheesfotoen wollt maachen. Dee Moment get et schwéier, d'Jongen zwar frëndlech, mee net ze léif ausgesinn ze loossen. Flaischt kéins de der Band ubidden, eng s/w Serie vun hinnen ze maachen direkt no engem Concert. Dee Moment wieren se authentesch gekleed, op enger authentescher Location. Verschweest, mee original, wéi och originell. Ech kéint mer gudd firszellen, dass dat interessant Fotoen kéinte sin.
Op alle Fall merci fir de Post. Hoffen ech gin lo net zevill heifir gehated.
Charly_Ente 09.07.2014 - 15:50
Merci,

Hun dei Fotoen io ropgesaat well ech Kritik wollt an net eppes spezielles weisen wollt oder heieren dass se gudd oder schlecht sin.. wollt eppes beileieren (grad well ech nach nie solch Fotoen gemaa hun)!

Ech hun no Kritik gefrot an do hun ech mech schon drop agestallt dass net emmer grad dei heiflechst art a weis eraus kennt closed_eye

Falls ech nachengkeier solch Fotoen man sollt.. Huelen ech vill vun desen Beispiler/Ideen a betraacht an probeieren eppes anerees ze kreéieren.
Gaga 09.07.2014 - 17:48
Mengen dat Mescht as hei gesoot.

Wann een den Fieruerteeler vum Death-Speed an Trash-Metal net wëll gerecht gin, dann misst een sech evtl. iwerléen en aaneren Numm ze wiellen cool

Mais et wier mol wichteg dat t'Band sech weinstens iwert den Outfit eenz gët,
sou gesin se mei no Popmuseker aus wei no groussen Metaller !
(ech verstin guer naischt vun dem Gengre, mais se spillen mol ganz propper fannen ech! Batterie mol...) An sou Landschaftlech Geigenden erenneren mech ememr eichterun Countrymusekbigsmile

Wanns du oder sie elo net wëllen eng speziel Location oder esou wiellen well se net zevill an een Eck wellen geheit gin, dann keinns de Probeieren sou en Gruppenbild ze machen wou am Fong keen Hannergronnd ze gesin as, oder baal net.

http://indiemeute.de/wp-content/uploads/2013/11/Ti...

Sou zb. an eng Luucht hannert de Leit mecht emmer gut ! kanns de jo an all Kelelr probbeieren dat do ...
Charly_Ente 09.07.2014 - 18:57
Merci tongue

Hun begeilert... next keier mat der Band schwetzen an zs setzen an dann eppes kreatives eraus brengen closed_eye
Gaga 09.07.2014 - 23:33
Kreativ as sou e Wuert... et geht schon mol duer wann jiddereen wees wat leeft. Zb Kleederteschnech.... se gesin jo aus wei wann t'Mamm se gekämmt hätt fierdrun, dei Deatmetaller closed_eye
Do as et schonmol sousentendu dat se an hierer Arbechtskleedung op de shooting kommen, an net an enger ROSA Beckselchen closed_eye oder gesin se op engem Concert och sou aus???
jorsch 14.07.2014 - 20:39
Déi drëtt fir mech, déi fannen ech ganz flott ... awer ech ginn de Leit hei Recht: Esou gesi keng Killer aus! smile
Charly_Ente 20.07.2014 - 20:51
io hun et verstan closed_eye
merci

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 441 Gäscht online