Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

* Maneater *

 
* Maneater *
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.09.2014
  • Gekuckt:
    42050
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    20
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/10
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    900x1200
  • Späicherplaz:
    437 KB
  • Originaldatum:
    2014:09:23 17:54:26
  • Fotoapparat:
    NIKON D800
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
2. Kategorie: Déieren »» Makro
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80497]
Kommentar vum Fotograf:
Was sich liebt,das frisst sich,
esou mol bei den Gottesanbeterinnen:-)
Jacques 24.09.2014 - 10:41
En Makro vum feinsten!
Superbe!!!!
MR 25.09.2014 - 09:08
Merci Jacquessmile an och fir den Favsmile
Gaga 24.09.2014 - 11:33
ech fannen sou sexistesch Biller dierften hei net gewisen gin !


Armen Thierry ....
MR 24.09.2014 - 12:01
Dat ass een Naturdokument an et gesäit een esou eng Situatioun
net all Daach,an fir mech ass dat faszinant nozekucken an och nach kënnen festzehalensmile
Vläicht een Verbesserungsvirschlach?
Dat géng mech interesséierenclosed_eye
....Wat huet den "Armen Thierry" mat der Foto ze din???smile
JohnJ 24.09.2014 - 12:35
Ech megen du hues daat falsch verstaanen :o)
MR 24.09.2014 - 13:16
Ne ne ,hun schon alles richteg verstanenclosed_eye
Wollt just meng Meenung zu dem sexisteschen Bild do äußerensmile
Mir schwëtzen jo hei iwwert Foto an net iwwert Fantasien
déi irgend een huet wann en dat Bild do gesäitbigsmile
Gaga 24.09.2014 - 14:04
bigsmile
phantasien ?
Albdreem wier dat richtegt Wuert MR.

Verbesserungsfierschlag ?
De Mann soll den A**** a Bewegung setzen an senger Mme epes z'iessen organiseieren, dann keim hien vlt besser eweg.

Phototeschnech : super Doku vun epes rarem, wou ech mol net wosst dat et hei am Land geschitt.
Schuet as, dat den Hannergronnt den Sujet net wierklech erfierhierft mais eichter dran ersëft. Leider as do net vill ze machen well alles aus gieltein besteht, Sujet an Hannergronnd. Op der Plaatz selwer hätt een kennen t'Blend zou machen an mat Bletz schaffen, fier den Hannergronnd ofzedonkelen. Hun zoufälleg daat hei begeinnt um www :
(sichen sichen sichen....)

Stativ mat Bletzer an Lichtschrank fier Makroen

Keinnt mer fierstellen dat een saugut Resutater mat esouepes hinkritt, an evtl kann et et ganz einfach selwer bastelen.

t'Lichtschrank as am Fong den Ausleiser, et hëllt een de Sujet an t'Zang an soubaal den Sujet um Fokuspunkt as, leisst t'Lichtschrank aus. Einfach Technik...

Zora 24.09.2014 - 19:50
Du bass bestemmt frou, dass du en Mensch bass, gell Gagatongue
Gaga 25.09.2014 - 09:22
Also ech wees net, en Nerz kann zum Beispill 8h laang ...
Nee, mengen dat geheiert elo net heihin, mais als Gottesanbeter, well ech bestemmt net erem kommen !


MR 25.09.2014 - 09:20
Merci Gaga fir däin Kommentar an deen interessanten Linksmile

Also ech hätt net déi Gedold mat esou engem ganzen Haltesystem duerch
Wisen ze lafen wou jo déi meeschten Insekten zimmlech
wibbeleg sin an bei der geréngster Beweegung fortfléien.
Déi heiten Foto ass an der Owessonn geknippst an doduerch sin Faarwen
vun Sujet an Hg bal déi selwecht.
Ech hun elo mol nach eng aner verschafft déi ass bessen méi spéit entstanen do stung Sonn
grad déif genuch daß mäin Kierper Mantis an den Schiet gesat huet an dat get dann direkt eng
ganz aner Luucht wou den Hg den Sujet och besser erfierhierft.
Ech lueden déi elo mol erop, einfach nëmmen fir den Ënnerscheed ze weisen.
Jeanny 24.09.2014 - 11:58
Merci Martine smile
immens
MR 25.09.2014 - 09:10
Merci Jeanny an direkt 2Xsmile
Wéi ech gesin hues de och een Prachtexemplar virun Lens kritt
Dat freet mechsmile
Zora 24.09.2014 - 19:49
Hei hued Fraa Box un, selwer nach nie gesin, kennen daat just vun den Spannen, dofir een fantastechen Moment erwescht!!!
Maimonides 24.09.2014 - 20:11
Vun de Spannen, Zora ?

Spannen sin fir dech en no-go,
oder ?

closed_eye
Zora 24.09.2014 - 20:15
Ganz richteg Maimonides, mee fannen et cool dass se hier Männer friessenclosed_eye
Maimonides 24.09.2014 - 20:19
Männer sin also nach méi wi een no-go, Zora,
oder nët ?

closed_eye
Zora 24.09.2014 - 20:32
Wat mengs de wuel?closed_eye
MR 25.09.2014 - 09:09
Merci Zorasmile
jorsch 25.09.2014 - 20:19
E schéine Macro an en aussergewéinlecht Naturdokument! Super!
MR 26.09.2014 - 09:42
Merci jorschsmile
Dat schéinst ass nach esou Momenter selwer an der Natur kënnen ze erliewen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 369 Gäscht online