Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Theatres de Luxembourg

 
Theatres de Luxembourg
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (02.10.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    02.10.2014
  • Gekuckt:
    16067
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    HDR
  • Blend:
    f/18
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    HDR
  • Gréisst:
    1200x776
  • Späicherplaz:
    480 KB
  • Originaldatum:
    10.9.2014
  • Fotoapparat:
    Nikon D90
  • Programm:
    Manuell
  • Objektiv:
    Nikkor 18-55
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nuetsopnaamen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80620]
Kommentar vum Fotograf:
Geknipst noom Feierwierk um leschten Daag vun der Fouer.
gemu 02.10.2014 - 13:12
Excellent mat der Spigelung, flott Symetrie déi duerch duerch den rouden Panneau riets op eng flott Manéier ënerbrach get, deen mécht et aus. Een klinzeg klengen bémol, absolut näischt gravierendes, eng liicht Tonnenméisseg Verzerrung uewen an den Fënsteren an am Iwerdaach. Du schaffs jo mat Lightroom, daat kriss de ouni Problem do redresséiert (riets Colonn, ënnen Objektivkorrekturen _->, Profil oder/an Manuel _-> Verzerrung op plus 10 ongeféier, ech hun mer erlabt et mat denger Foto ze probéieren, et klappt a gesäit menger Meenung no nach besser aus.
Paul-H 02.10.2014 - 14:17
2x en dècken Merci gemu. Ech schaffen zwar net mat Lightroom wéi ugeholl mee ech verstin waats De mengs. Wann mäin 18-55mm voll op 18mm steet dann mecht et daat dooten. Denken awer dass ech daat matt engem vu mengen aaneren Programmer och riicht gebéit kréien.
Paul-H 02.10.2014 - 14:43
Sou, hun se lo ersaat, ass och mam GIMP gaangen. Daat ech zwar missen selwer gesin, Merci nach eng Kéier. Waat och stéiert ass d'Symetrie net stemmt waat déi Betonsbänken betrefft. Hun versicht se lenks ze schneiden mee dann stemmt d'Symetrie an den Fensteren net méi, daat jäitzt dann awer nach méi.
gemu 02.10.2014 - 15:40
Esou ass se perfekt, mat den Bänken wor mir mol guer net opgefall. gefällt mer richteg gud, zemols ech den Theater mat eou enger Spigelung nach ni gesin hun
FraSi 02.10.2014 - 15:15
Klasse verwirrend mit der Spiegelung!
Paul-H 02.10.2014 - 15:33
Irgendwie schon, ja...
micky-maus 02.10.2014 - 23:34
BRAVO smile cool
Ann schonn ass alles gesoot.
Paul-H 03.10.2014 - 08:42
Uiiiih !! Merci Fränk!
Jean-Jos 04.10.2014 - 14:04
Il fallait enfin le montrer une fois.
Exzellent, nach nët esou gesin.
Paul-H 04.10.2014 - 18:04
Merci Jean-Jos.
Nicole 04.10.2014 - 20:04
och wann een e bessen spikedeleg beim Kucke göt, ass et gut gesin an interessant esou symetresch, lg
Paul-H 04.10.2014 - 22:07
Merci Nicole. Waat ass spikedeleg? smile
Nicole 06.10.2014 - 17:28
D'Siggi(Frasi) huet "verwirrend" gebraucht, spikedeleg ass esou en Ausdrock wanns e bessen "verwirrend"-durcherneen vun eppes gess .....
jorsch 05.10.2014 - 12:52
Strukture, Symmetrie, Spijelung, roude Panneau ... alles scho gesot.
Dofir just nach: Immens flott Foto: Paul-H!
Paul-H 05.10.2014 - 19:26
Villmols Merci Georges !
Jean-Marie 13.10.2014 - 13:05
triptop Paul, gefällt mir immens gut
Paul-H 13.10.2014 - 14:13
Merci Jean-Marie.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 439 Gäscht online