Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Sou no ...

 
Sou no ...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (09.10.2014). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.10.2014
  • Gekuckt:
    35675
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/500 sec
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    840 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    1200x596
  • Späicherplaz:
    462 KB
  • Originaldatum:
    2014:09:26 11:23:51
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D X
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Wëll Déieren
2. Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80698]
Kommentar vum Fotograf:
an dach sou wéit.
JohnJ 09.10.2014 - 13:16
Super dat hei...
Schluck 09.10.2014 - 16:41
Merci gesoot John smile
Esteban 09.10.2014 - 16:27
Flott....
Wei laang muss een do op der lauer leien fir daat Schauspiel ze erliewen ??
Schluck 09.10.2014 - 16:45
Merci Esteban .. déi Scene do hatten mer beim laanschtfueren aus dem Auto entdeckt. Ganz oft muss een just d'Aen obmachen fir sou flott Momenter ze erliewwen an festzehaalen. D'Natur liwwert permanent faszinéierend Biller an Geschichten .. ët muss een just och d'Chance hunn fir den richtegen Moment ob der richteger Platz ze sinn.

D'Gänsen waren sech schon bewosst dass den Fuuss hannendrun war an hien hat nët déi geringsten Chance sech eng ze kroppen.
Esteban 09.10.2014 - 17:50
Daat war jo dan Chance. Sin leider net mei souvill dobausen..an wei et sou war, sou eppes hun ech nie gesin...an daat mat dem richtegen Moment op der richteger Platz.....do sin ech nie dobäi smile
Kribs 09.10.2014 - 16:53
super Scene,
ma wéis du schon sees: am richtegen Moment op der ...
Schluck 10.10.2014 - 08:15
Merci Kribs, natiirlech hunn mir drop gelauert an gehofft een géif eng erwëschen.
ornitho 09.10.2014 - 19:25
Flott mat de Gänsen am Viedergrond...gefällt ma !
Schluck 10.10.2014 - 08:16
Merci Gianni ... haaptsaach mat Gäns bigsmile
ornitho 10.10.2014 - 19:26
bigsmile
Maimonides 09.10.2014 - 20:31
Hei kéint een mol diskutéieren, Schluck,
op eng "menace" méi geféierlich géif eriwerkommen
wann se (fotografisch) schaarf wär
oder nët. Dat ass d'Geschicht vum Fokus:
um Fuuss oder op de Gänsen ?

Egal wéi ass des eng Top Foto, fir mech.
Schluck 10.10.2014 - 08:18
Jo Maimonides, dat wier och nach vläicht eng Idee gewierscht. Fir mech war héi den Fuuss am Fokus den traureg den oneréchbaren Happen kuckt. Merci gesoot
Maimonides 11.10.2014 - 01:59
Exzellent di do, Schluck.
gtaddei1 11.10.2014 - 21:50
herlech!!!
jorsch 12.10.2014 - 12:21
Fuchs du hast die Gans ( noch nicht ) gestohlen!

Richteg flott!
Nicon07 12.10.2014 - 20:25
Obschon se onscharf sin, sin d'Gänsen dach den Haaptfocus hei, fir mäi PoV. Et gesäit ee sou richteg an hirem "Gesiichtsausdrock" déi "Iwwerhiefléchkeet" vun deem, dee séch et ka leeschten, dee méi starke Schwachen bis op de läschte Moment ze provozéieren. Deen arme Fuuss huet jo och d'A..kaart geszunn hei: en ass alleng géint eng Hickecht, also kann hie séch scho mol net décidéiere, wéi eng vun de Gänsen da lo am beschten unzegräifen ass, e steet ganz ouni Deckung um oppene Feld an d'Gänse wëssen ëm hir Iwerleenheet an der Loft... smile Eigentléch ass dat hei eng absolut deprimant Foto. De Schlaumeier ënnert den Déieren huet kee Plang géint di blöd Gänsen. Géif Rodange's Mich nach liewen, hien hätt bestëmmt gedicht:

De Reenert durch de Park geet
Gesäit gefiedert Dammen
Virun him do spadséieren
A wéilt nawell eng nammen.

Di houferech Madammen
Bréngt hien net aus der Rou.
Si dréinen him de Bürzel
Voll Spott a Geck lo zou.

Si wësse, kënnt ze no hien,
Da schnadderen se lass,
A fléie mat Gedäisch da
fort vru sénger Strass.

Sou bleift dem Komper Reenert
Näischt aanescht iwwreg dach
Wëllt hie säin Honger stëllen,
Eng Maus bei hirem Lach.


smile


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 292 Gäscht online