Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Le Phare

 
Le Phare
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.10.2014
  • Gekuckt:
    19126
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    4
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x807
  • Späicherplaz:
    170 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobaussen
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=80890]
Kommentar vum Fotograf:
http://www.youtube.com/watch?v=16Z1zLOX1c0
Metalbambi 23.10.2014 - 18:09
Cool Vue! Ech froen mech just ob eng bëssen méi zouen Blend vir méi Schäerft am Vg net besser geweescht wier AN ech géif mol probéieren déi ganz Liichtstëmmung nach méi an d'Däischtert ze zéien (alles rof an Kontrast en bëssen Rop).
kokopelli 24.10.2014 - 15:07
De Planar vun Zeiss (80mm Mettelformat equivalent /- zum 50mm Klengbild) huet eng nostellgrenz vun 90cm, ech war méi no wéi 90cm um Grengs drun well ech déi onschärft am Vg wollt hun. De Sujet as jo de Leuchtturm an den fannen ech as gutt gewisen.(adg)

Blend schaffen ech am Analogen nie enner 8(respektiv probéieren ech dat ze vermeiden), an hei wert et eng Bl 11 oder souguer 16 gewiecht sin.

Mat de Kontraster, jo dodriwwer kann een diskutéieren, ech kann mech just erklären, fir mäin gout as se gutt esou, et as Schwarz an Wäiss dran an ech hoffen och sämtlech growerter(do mist elo een S/W expert, wann mir dann esou een hei hun sech mellen) och hei wéi emmer adg.

Merci Metalbambi
Metalbambi 24.10.2014 - 23:18
Dat Grass muss onschäerf sinn, do hues de vollkommen Rescht! An deem heiten Fall géif ech awer soen ass et eben liicht ze vill. Eng Blend am Beräich tëscht 4 an 8 hätt der hei besser Déngschter geleescht well en Schäerftenverlaf vun ganz a guer net schäerf ganz vir ob en bëssen manner onschäerf bei den leschten Grieser en Art Tunneleffekt vir den Bléck ob den Tuerm gemaach hätten. Sou bleiwen ech ëmmer als éischt ob den Grieser an der Mëtt hänken an switchen dann réischt riwwer ob den Tuerm.

Firwat häls de d'Blend ëmmer sou wäit zou, verléiers dach Qualitéit bei 11 an 16?
kokopelli 27.10.2014 - 09:38
Meng kleng erfahrungen déi ech bis elo am Analogen gemach hun sin dass enner Blend 8 d'Fotoen zimmlech Grimmelech gin(e problem oder effekt deen am Digitalen net gin as) dofir déi zouen Blend.

Bei den onscharfen Grieser sollt een berücksichtegen dass et um Strand oder an den Dünen as, wou jo bekanntlech de Wand och zimmlech bléist an des net roueg an der Landschaft stin. Et war en 100ASA Film wat bei bedecktem Himmel an bei Bl 11-16 eng verschlosszäit vun 1/15 bis max 1/60 zouléist sou dass do och nach eng Bewegungsonschärft dobäi kennt.

Dat mam Tunneleffekt fannen ech ganz gutt awer ech mengen dofir hätt ech missen mäin Standpunkt liicht änneren fir den besser hin ze kréien, eng gutt umierkung. d'Grieser am Vg sin effektiv ebessi vill present, elo wous du mech dodrop opmierksam gemach hues bleiwen ech och emmer do hänken.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 356 Gäscht online