Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tribute to Winter

 
Tribute to Winter
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (11.01.2015). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.01.2015
  • Gekuckt:
    28604
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    29
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1550x927
  • Späicherplaz:
    955 KB
  • Originaldatum:
    6.1.2015
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 450D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=81708]
Kommentar vum Fotograf:
En impressionanten Wantermoien am fréihen neien Joër..
jorsch 06.01.2015 - 19:57
Du hues eng flott Stëmmung mat de wäisse Beem an dem liicht gefierten Himmel agefaangen. D'Felder ginn dem Bësch, deen an enger Sank eroffält an de Bléck op déi wäit Wanterlandschaft am Hannergrond fräimécht, eng wäiss Rumm.
Dat fannen ech exzellent!
galileo 06.01.2015 - 21:14
Richteg !

Ech géif just de Villchen do wegstempelen...dee stéiert déi douce a roueg Foto.
svenia 06.01.2015 - 21:27
Merci dir 2, fir äer Meenung smile
De Villchen wollt ech usech drop loossen, fir mech huet en éischter als interessanten Detail gewierkt..
Ma effektiv wierkt d'Stëmmung elo awer nach méi roueg..
marischen 07.01.2015 - 07:26
Ech hu se matt Villche besser fonnt well et iergendwéi e Géigesatz zu der "entschlofener" Landschaft duergestallt huet an eppes Lieweges an d'Bild bruecht huet. smile Eng wierklech schéi Foto!
galileo 07.01.2015 - 13:53
wann , dann awer de Villchen nët zack an der Mëtt bigsmile
marischen 07.01.2015 - 17:09
daje alt closed_eye
svenia 07.01.2015 - 19:04
bigsmile
galileo 08.01.2015 - 18:59
bigsmile
Johny 07.01.2015 - 09:31
Flott Perspektiv, et gesäit een esou gutt eraus gesichte Plaze fir eng Foto ze maachen leider ze seelen smile Natierlech herrlech Landschaft - wier e Kandidat fir grouss ze printen an opzehänken doheem.
galileo 07.01.2015 - 13:54
Et gin esou Plazen leider nët immens vill bei eis....et muss e scho wierklech am Eisléck ënnerwee sin...

Fir de Rescht - dito !
svenia 07.01.2015 - 19:03
Merci, ma ech hun heiheem schon eng Plaaz am Aan wou se gudd un der Mauer géing maachen .. closed_eye , esou Plaatzen wéi déi do fënnt een oft nëmmen wann een e bëssen eroof vun de Weeër geht, resp. queesch iwwert d'Felder.. closed_eye Ech wunnen am Eisléck, an do gëtt een heinsdo awer baal geckeg vun Méiglechkeeten.
Johny 08.01.2015 - 19:05
Ech hunn d'Foto jo och op 500px gesinn, an dofir muss ech awer lo froen: Wisou hues de hei de Villchen eraus geholl? bigsmile Ech wollt nämlech hei scho bal schreiwen dat wier dat eenzegt wat lo nach feele géif, hunn et dun net gemaach a se durno op 500px esou gesinn.
svenia 08.01.2015 - 20:47
Well de galileo soot bigsmile bigsmile closed_eye
Johny 08.01.2015 - 21:22
Ah hat ech net gesinn - hätt ech net gemaach tongue
svenia 08.01.2015 - 21:46
Ech och nët - mee well de galileo jo awer soot... closed_eye tongue
galileo 11.01.2015 - 15:41
nët alles machen wat gesoot gët !

Bléif bei denger Meenung....ech soot jo och just meng eegen smile
ToPo 07.01.2015 - 20:06
Super Foto!
Si neideg, well bei ons woor permanent décke Niwel!!!
svenia 09.01.2015 - 10:42
Merci, ma mir haaten Chance op eiser Kopp, do war et e schéinen kloeren Moien ginn, nodeems sech de Niwwël e bëssen verzunn haat..
ToPo 10.01.2015 - 11:14
Watt eng Chance... ! smile
Scorpius 09.01.2015 - 09:18
Scheint faarwespill mam liicht rouden Himmel an weissem schnei. Mir gesin de schnei hei zu letz leider ze seelen.
svenia 09.01.2015 - 10:43
Jo daat ass wouer an immens schued, hei uewen ass en glécklecherweis e ouer Deeg leien bliwwen, mee elo mam Reen huet en et och gepackt..
Miau 09.01.2015 - 20:41
de Galileo huet net ëmmer Recht
galileo 11.01.2015 - 15:34
ganz sécher nët...smile an dat ass och gudd esou !

Mee de galileo ass awer een deen seng Meenung seet closed_eye

An hei ass dat Plommendeier mir nawell ze kleng...me ech kann domat liewen.

Miau 11.01.2015 - 21:16
closed_eye
Maimonides 09.01.2015 - 22:27
Wann een dann bis heihin kucke war:

https://500px.com/svoonie/flow


da weess een
dass dat Plommendéier
gewollt war
an elo vermesst get.

closed_eye
galileo 11.01.2015 - 15:34
smile
svenia 11.01.2015 - 12:06
Dajee, the bird is back.. closed_eye
galileo 11.01.2015 - 15:40
smile
Johny 11.01.2015 - 15:43
wohoo bigsmile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 247 Gäscht online