Schéin Michèle, du bass erëm gutt doheem ukomm, bestëmmt hues de erëm vill neies erlieft, wat dech begeeschtert huet, lo waarden ech op deng Biller, hei weis de eis wonnerbar Biller vun der Schnéieil.
2x Merci Charel
Mir hunn déi Déiercher super gefall, an ech stong ganz laang bei hinnen.
An de Männchen hannen,huet net bougéiert a gutt op säi Weibchen opgepasst
Merci jorsch,
wéint deem Déierchen sinn ech eigentlech an dee Park gaang, an du stoung et och nach fir e kuerze Moment just op där Plaatz, wou d'Sonn et gesträift huet, ( an der Géigend vum Polarkrees beweegt d'Sonn sech jo am Moment nach relativ schnell, a steet nii ganz héich)
meng Begeeschterung war grouss
Merci Conley, freet mech ganz vill, ech soutz och ganz laang do,an hu mech erënnert, dass ech bei engem Stage mat Natinal Geographic gesoot kriit haat wa vill Wäiss do wier soll enn iwwerbeliichten, et ass zwar komesch, mee et stëmmt!mir haaten natiirlech och erklärt kritt wéisou.
ech hunn et lo mol ugewannt, vu , dass hei alles wäiss war
1plus war hei wierklech net zevill
duerno war et nach just duergaang fir eppes waarmes an de Bauch ze kréien