Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Blaustern

 
Blaustern
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.03.2015
  • Gekuckt:
    22192
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/200 sec
  • Blend:
    f/6.3
  • Brennwäit:
    300 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -0.66666666666667 EV
  • Gréisst:
    1004x741
  • Späicherplaz:
    408 KB
  • Originaldatum:
    2015:03:27 08:36:44
  • Fotoapparat:
    NIKON D700
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Blummen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=82503]
Kommentar vum Fotograf:
Scilla bifolia

Di éischt wëll Blummen bléien erëm!
Hei de Blaustern an engem Bësch an der Gemeng Lorentzweiler.
BigVood 28.03.2015 - 12:50
Mir gefällt dat do immens gutt: Bildopbau, Faarwen, Schäerfteverlaf an d'Planz u sech sinn tip top.
Maimonides 28.03.2015 - 16:16
Genau esou, BigVood.
jorsch 29.03.2015 - 12:24
Merci BigVood aMaimonides. Freet mech wa se iech gutt gefält!
gemu 28.03.2015 - 18:03
Immens flott Liicht, vive d'Fréijoer, gud gemach jorsch
jorsch 29.03.2015 - 12:26
Merci fir däi Kommentar, gemu.
Hei war e kuerze Moment wou d'Sonn sech gewisen huet, ech hat Chance, well am Moment gesäit d'Fréijoer jo net méi esou schéin aus!
galileo 28.03.2015 - 21:02
Herrlech !
jorsch 29.03.2015 - 12:28
Merci galileo, ech freeë mech iwwert däi Wuert!
Conley 28.03.2015 - 22:41
De Schäerfteverlaf mat der Verniwwellung ass dir hei ganz gutt gelongen! Faarwen an de Bokeh schwätzen fir sech idem. BigVood!!
jorsch 29.03.2015 - 12:29
Merci Conley, fir de Kommentar an de Fav.
Et war e schéine Moment am Bësch an d'Foto ass e Souvenir dovun.
mischii 28.03.2015 - 22:43
Gutt geschafft jorsch
jorsch 29.03.2015 - 12:32
Merci mischii.
Ech hat Chance e rare Moment vu Fréijoersstëmmung am Bësch erwëscht ze hunn.
sheandhercamera 29.03.2015 - 08:36
Den Hannergrond mam Bokeh an deenen villen Faarwen gefällt mer hei immens gudd!
jorsch 29.03.2015 - 12:33
O, dat freet mech elo awer! Merci!
ornitho 29.03.2015 - 19:34
Eng Typesh Jorsch-Foto, erkennen Esh mettlerweil direkt un da Miniatur smile Och Desh ass Dir super gelongen an Mecht loscht op Freijoer smile
jorsch 30.03.2015 - 21:18
Merci ornitho, fir de positive Kommentar an de Fav.
D'Loscht ass do, d'Fréijoer wëll just nach net.
Jeanny 30.03.2015 - 06:26
en herrleche BQ, Tip Top jorsch
jorsch 30.03.2015 - 21:18
Villmools Merci Jeanny!
Scyv76 30.03.2015 - 09:15
Déi gefällt mir wonnerbar. Virun allem duech dei schéin Luucht an den Bokeh. Beim Kucken vum Thumbnail wor vir mech aawer och kloer dass Foto géing vun dir kommen, onverkennbar smile
jorsch 30.03.2015 - 21:21
Merci Scyv76, fir de léiwe Kommentar an de Fav.!
Mat der Luucht hat ech Chance, et war just e kuerze Moment esou schéin.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 503 Gäscht online